Search

You may also like

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!
Neiegkeeten

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!

Um 1. Dezember 2018 ass et nees esou wäit! Am

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
Neiegkeeten

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

Editorial: Eppes hin an hir gerappt
Neiegkeeten

Editorial: Eppes hin an hir gerappt

Meng Positioun zu „Klimawandel“ an „Äerderwiermung“ dierft dem opmierksame Lieser

Banann: Wann d’Produktioun iwwert der Gesondheet steet

Si ginn onmënschlech behandelt, bestach fir sech net iwwert déi onausräichend sanitär Moossnamen ze bekloen an hu kee soziale Schutz – an dat alles, fir datt mir Banannen iesse kënnen. Schonn ëmmer gouf et Fäll vu Mëssbrauch a Verletzunge vun de Mënscherechter bei der Bananne-Produktioun. Duerch d’Pandemie leiden d’Aarbechter awer elo ëmsou méi.

„Alles wat fir d’Haapthändler zielt ass, datt d’Produktioun net ënnerbrach gëtt“, sou de Jorge Acosta, Representant vum ecuadorianesch Syndikat fir d’Banannen-AarbechterInnen. Eleng um Beispill vu Machala, der Weltstad vun der Banann, erkennt een, datt d’Personal 12 bis 15 Stonnen den Dag schaffe dierf.

Fir 5 bis 6 Dollar méi d’Woch sollen déi scho vulnerabel Aarbechter iwwert dat feelend Schutzmaterial an de Manktem u sozialer Distanz ewechkucken. Dat ass allerdéngs just ee Beispill fir d’Situatioun vu Millioune Mënschen, déi virum Dilemma stinn, ob si weider hir Famill ernieren oder no der eegener Gesondheet kucke wëllen.

„D’Covid-19-Pandemie entlarvt de schwaachen weltwäite Liewensmëttelsystem a weist wat geschitt, wann ee sech just ob déi industriell Landwirtschaft, eng reduzéiert Liwwerketten an ee Maart, dee vu groussen Acteure kontrolléiert gëtt a bedauernswäert Aarbechtskonditiounen opweist, verléisst. D’Perversioun vun dësem System üübt sech besonnesch op déi schwächst Glidder vun der Kette vun den internationale Wäerter vun de Liewensmëttel aus“, erkläert d’Sylvie Lang, Expertin am Beräich Landwirtschaft bei Public Eye.

Banann© Fairtrade Lëtzebuerg

Domat net genuch

Mat der sanitärer Kris sinn d’Liewenskäschten drastesch geklommen. D’Liewensmëttelpräisser an och d’Käschte fir Fleege- a Schutzmaterial sinn an d’Luucht gaangen. Ma, am Peru ass souguer e Schwaarzmaart fir Tester a Sauerstoff entstanen. Eng Sauerstofffläsch ka bis zu 1.000 € kaschten, wärend d’Patienten an de Spideeler dorënner leiden, datt keng Loft fir ze ootmen méi am Stock ass.

Hei si mir awer nach ëmmer net um Enn mam ganze Misär. Schwaach Paien, d’Ofwiesenheet vun Aarbechtsverträg an de meeschtens net presente soziale Schutz gi vun zwee weidere grousse Problemer begleet:

  • Synthetesch Pestiziden: All Dag verdeelen kleng Fligeren d’Pestiziden iwwert de Plantagen, wärend d’Aarbechter och um Terrain sinn. D’Gëft geet soumat net nëmmen op d’Planzen, mee och op d’Mënschen, verknascht wärenddeem ëffentlech Plazen, Privatgäert oder och Schoulhäff.


Banann© Fairtrade Lëtzebuerg

Käschten, Hëllef a Fuerderungen

Enger Etüd vun True Price an Truecost no leien déi duerchschnëttlech extern Käschte vun enger Këscht Banannen (18,14 kg) bei 6,70 Dollar. Dovunner si 60 % sozial Käschten a 40 % ekologesch Käschten. Mam Fairtrade Label kënnen dës extern Käschte bei der Bananne-Produktioun ëm 45 % reduzéiert ginn, wouduerch eng Boite Banannen vun der nohalteger a fairer Produktioun 3,65 Dollar kascht.

  • Déi komplett Etüd zu den externe Käschte vun der Banann fannt Dir HEI;
  • D’Synthes vu Fairtrade Lëtzebuerg gëtt et HEI.

Ma, fir et de Produzenten ze erméiglechen direkt Moossnamen ze ergräifen an esou d’Gesondheet vu sengen Aarbechter ze schützen, huet Fairtrade International d’Standarten ugepasst. D’Primm hëlleft ënnert anerem positiv Covid-19-Fäll ze entdecken a Famillen ënnert d’Ärem ze gräifen.

Beispillsweis huet d’Kooperatioun APPBOSA, vun där déi meescht BIO-Fairtrade Bananne fir Lëtzebuerg kommen, esou Masken, Händschen, Beootmungsapparater, Desinfektiounsmëttel an aner wichteg Produiten kaaft.

Ofschléissend fuerdert d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg een nationaalt Gesetz zur Wuechtsamkeetsflicht am Beräich vun de Mënscherechter an der Ëmwelt fir Entreprisen.

De Programm ONLY

Zënter 2018 adresséiert sech de Sensibiliséierungs-Programm ONLY un déi Lëtzebuerger Partner, déi hire Clienten exklusiv 100 % Fairtrade-zertifiéiert a biologesch ugebaut Banannen ubidden. Domat engagéiere si sech fir en Enn vun der Notzung vu Pestiziden an der Verletzung vun de Mënscherechter, sou wéi fir den Opbau vun enger nohalteger Bananne-Produktioun.

Banann© Fairtrade Lëtzebuerg

An dësem Joer sinn 3 nei Acteuren dem Programm bäigetrueden: Elisabeth, Dussmann an d’Geschäft Berdorfer Eck schléisse sech Sodexo, Restopolis, dem Pall Center an Alima, de Lëtzebuerger Jugendherbergen, dem Buttek Beim Lis an der Coque un.

Related topics Bananne-Produktioun, Bestiechung, Etüd, Fairtrade International, Fairtrade Lëtzebuerg, Fusariose Race Tropical 4, Gesondheet, Liewensmëttelmaart, Pestiziden, Sanitär Kris, The true costs of the banana
Next post Previous post