Search

You may also like

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier
International Kultur Neiegkeeten

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier

Alles ronderëm de Coronavirus Covid19 evoluéiert séier. Esou séier, datt

International Animals Rights Conference: „Déieren hunn och Rechter“
International Kultur Neiegkeeten

International Animals Rights Conference: „Déieren hunn och Rechter“

Nodeems leschte Samschdeg eng ronn 50 Militante fir d‘Rechter vun

25. Joer Haus vun der Natur – Feiere mat Kuch a super Aktivitéiten!
International Kultur Neiegkeeten

25. Joer Haus vun der Natur – Feiere mat Kuch a super Aktivitéiten!

Fir de 25. Gebuertsdag vum Haus vun der Natur gitt

Fairtrade International am Lëtzebuerger Palais

Fairtrade International am Lëtzebuerger Palais

Vergaangenen Dënchdeg huet seng Altesse Royale de Grand-Duc am groussherzogleche Palais d’Delegatioun vu Fairtrade International an d’Organisatioun Fairtrade Lëtzebuerg empfaangen.

Als kleng Info: Fairtrade Lëtzebuerg Asbl ass eng net-Regierungsorganisatioun déi sech fir d’Entwécklung asetzt – wéi eng ONG -, vum Staat unerkannt ass a vum Ministère vun der Lëtzebuerger Kooperatioun matfinanzéiert gëtt. Hir Zieler sinn et d’Ëffentlechkeet op Ongläichheeten am weltwäiten Handel opmierksam ze maachen an een ekonomesche System ze fërderen, den virun allem op den nohaltegen a gerechten Austausch setzt. Um 25. Mäerz 1992 ass d’Associatioun, déi Member vu Fairtrade International ass, gegrënnt ginn.

Opmaacherbild: Seng Altesse Royale de Grand-Duc ass ëmrond vun (v.l.n.r.) M. Andreas Kratz, Normen-Direkter vu Fairtrade International, Mme Geneviève Krol, Direktesch vu Fairtrade Lëtzebuerg, M. Dario Soto Abril, Generaldirekter vu Fairtrade International, M. Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, Mme Lannette Chiti, Responsabel vum klimateschen Austauschprogramm vu Fairtrade International (c) Grousshäerzoglechen Haff/Claude Piscitelli

Related topics ASBL, Fairtrade International, Fairtrade Lëtzebuerg, Grand-Duc Henri, Handel
Next post Previous post