Search

You may also like

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“
Neiegkeeten

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“

Am Kontext vun der „Russland-Affär“, wou dem Donald Trump an

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn
Neiegkeeten

D‘Medezinner zu Lëtzebuerg fänken un „al“ ze ginn

Datt et schonn Enkpäss beim „operative“ Personal (Infirmier/Aide-soignant) gëtt, dat

money
Mëttelstandsministère maximal gefuerdert
Neiegkeeten

Mëttelstandsministère maximal gefuerdert

Ee vun den am häertste betraffene Secteuren am Kontext vun

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Aarbecht dréit Friichten!

Verantwortlech akafen a fair gehandelt Produiten privilegéieren

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Aarbecht dréit Friichten!

Zënter bal 30 Joer kämpft Fairtrade fir eng gerecht Produktioun, vum Ubau bis hin zum Verkaf. D’Lëtzebuerger Residenten schéngen ze wëssen wat fairen Handel bedeit. Viru 5 Joer hunn 89 % de Begrëff verstanen, wougéint mir elo ganzer 96 % opweise kënnen. Ma, 74 % vun de Befrote ginn un, datt si Produite mam Fairtrade-Label kafen an/oder konsuméieren géifen. Virun allem d’Qualitéit vun der Banann gëtt als ganz gutt bis exzellent bewäert.

Fairtrade

© Fairtrade Lëtzebuerg

Bei der Etüd vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg, zesumme mat TNS Ilres koum eraus, datt e bësse méi wéi d’Halschent vun de Residenten (56 %) d’Mark vum Lieblingsproduit wiessele géif, wann et ee Skandal duerch onmënschlech Aarbechtskonditioune géif ginn. Wärenddeem fannen och 80 % vun de Befroten, datt d’Autoritéiten d’Lëtzebuerger Händler mussen encouragéieren, fir Fairtrade-Produiten ze verkafen.

D’Informatiouns- a Sensibiliséierungsaarbecht vu Fairtrade Lëtzebuerg dréit Friichten, wat sech positiv ob den Handel bei eis am Land auswierkt. Dobäi kënnen net nëmmen de Verkeefer an de Konsument mat guddem Gewëssen de Produit zou sech huelen. Virun allem an den Ubaulänner gëtt vu fairen Aarbechtskonditiounen profitéiert.

Fairtrade

1000 Lëtzebuerger Residente goufen zum fairen Handel befrot (v.l.n.r.) Tommy Klein, TNS Ilres; Barbara Richard, TNS Ilres; Geneviève Krol, Direktesch vu Fairtrade Lëtzebuerg; Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg © Fairtrade Lëtzebuerg

Faire Schockela fir Häerz a Séil

Virun allem um Schockela fält de faire Label op. Mat 67 % steet déi séiss Leckerei op Plaz 1, gefollegt vum Kaffi (55 %), deen 1992 zu Lëtzebuerg op de Maart komm ass an de Banannen (54 %), als Fruucht déi am Groussherzogtum am meeschte giess gëtt. Wann de Schockela och just 4,5 % Part vum Maart anhëlt, esou fënnt en eng besonnesch Plaz an der Etagère, sou wéi an eisem Häerz.

Fairtrade

© Fairtrade Lëtzebuerg

Et huet ee scho vill erreecht, mee ausroue well an dierf ee sech net op dësem Erfolleg. Virun allem gëtt elo un déi europäesch Schockelasfabrikanten, sou wéi déi national Liwwerketten appelléiert, fir méi zertifiéiert Produiten unzebidden an esou de klenge Produzenten, déi um Ufank vun der Versuergungskette setzen, eng adequat Bezuelung ze garantéieren a Kanneraarbecht ze ënnerbannen.

E Label, dee fir Sécherheete steet

Besonnesch un den ekonomeschen Aspekt gëtt geduecht, wann ee vu fairem Handel schwätzt. Méi wéi 75 % vun de Befroten hunn als éischt de Kritär vum garantéierte Mindestloun fir Produzenten an Aarbechter ausgewielt. Keeft een e Fairtrade zertifiéierte Produit, dann dréit een dozou bäi, datt d’Produzenten hir Produktiounskäschte gedeckt an op d’Besoine vun der Famill geäntwert ka ginn. Fir si ass et eng immens Sécherheet, vun där leider nach net all klenge Produzent profitéiert.

Weider oft ausgewielte Kritäre waren de Respekt vun de Mënscherechter (73 %), d’Verbuet vu Kanneraarbecht (71 %) an de Respekt vun den Aarbechtsnormen vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun IAO (62 %).

Opfälleg war, datt déi ekologesch Aspekter vum fairen Handel bei der Bevëlkerung nach net esou bekannt sinn. Esou stinn op den dräi éischte Plazen de Respekt vun den Kritäre fir de richtegen Ëmgang mat der Ëmwelt (46 %), d’Verbuet vun enger Selektioun vun toxesche chemesche Substanzen (31 %) an d’Verbuet zur Notzung vu genetesch modifizéierten Organismen (27 %).

Trotzdeem gesäit d’Halschent vun de Befroten de fairen Handel als Waff am Kampf géint de Klimawandel un. Esou gëtt bei der neier Strategie vu Fairtrade (2021-2025) de Klimawandel besonnesch an de Virdergrond geréckelt.

Mat Vertrauen a Qualitéit iwwerzeegen

73 % vun de Konsumente vertrauen dem Label immens. Ma, och d’Qualitéit vun de Produiten gëtt als tipptopp agestuuft. Virun allem d’Banann stécht ervir: 74 % vun de Befrote bewäerten d’Qualitéit vun der krommer gieler Fruucht als ganz gutt, respektiv exzellent.

Fairtrade

© Fairtrade Lëtzebuerg

Kaaft ginn d’Produiten, déi aus südleche Länner stamen, virun allem fir de Produzenten eng gerecht Bezuelung a fair Aarbechtskonditiounen ze bidden. Bei de Befroten iwwer 55 Joer réckelt dëse Grond souguer nach méi an de Fokus, a klëmmt vu 57 op 73 % op de Podium vum Kafgrond.

D’Motivatioun e faire Produit ze kafen, läit och dodran géint d’Verstéiss vun de Mënscherechter virzegoen (47 %), de klenge Produzenten direkt ze hëllefen (41 %) an d’Wirtschaft duerch fairen Handel ze stäerken (32 %).

Bei deng Etüd goung et awer net just dorëm, wisou een e Fairtrade zertifiéierte Produit wielt, mee och wisou ee sech dogéint entscheet. Ma, et de Keefer huet Gewunnechten a Lieblingsmarken (35 %), d’Präisser wieren ze héich (25 %) oder se wëssen net, wou een de Produit hierkritt (19 %). De leschte Punkt ass e bësse wonnerlech. Aktuell gi méi wéi 2.700 zertifiéiert Produiten an iwwer 300 Verkafspunkten zu Lëtzebuerg ugebueden. Vun der klenger lokaler Epicerie bis zum grousse Supermarché ass mëttlerweil iwwerall déi fair Versioun vu verschidde Produiten ze fannen.

Bal 40 % vun de Befrote kafen aktuell net fair an, wouran d’ONG de Potential gesäit, weider sougenannt Consomm’acteuren ze gewannen. Ganzer 21 % wëssen emol net, wisou se keng Fairtrade Produiten kafen.

De Label als Norm

D’Majoritéit vun de Residenten ass der Meenung, datt Fairtrade Produiten als Norm sollten ugebuede sollte ginn. Virun allem an Schoulkantinnen an anere Strukture fir Kanner a Jugendlecher wier dëst gutt méiglech an ëmsetzbar. Et sinn schliisslech och déi zukünfteg Generatiounen, déi zu hirem Kafverhale sensibiliséiert solle ginn an esou zur sozialer Gerechtegkeet vu muer kënne bäidroen.

Fairtrade

© Fairtrade Lëtzebuerg

Schued ass, datt vun den 2.700 Fairtrade Produiten just 226 (12 %) vu Lëtzebuerger Partner fabrizéiert ginn. De Jean-Louis Zeien, President vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg, ënnersträicht, datt ee kloer gesäit, datt d’Bierger eng méi koherent Politik beim Handel wëllen a fair Produiten an de Supermarchéë fuerderen. Hei sëtzt d’Regierung um Hiewel, fir beispillsweis duerch eng finanziell Ënnerstëtzung fir de solidareschen Engagement vu Lëtzebuerger Händler oder d’Reduktioun vun der TVA op faire Produiten.

Post-Covid: Eng gerecht Relance

Déi sanitär Kris huet eis virun A gehalen, wéi zerbriechlech d’Versuergungsketten bei de Liewensmëttel ass. D’Konsumenten si sech bewosst ginn, wat et heescht d’Hierkonft vu Produiten ze kennen a lokal Händler z’ënnerstëtzen.

Esou kann ee just hoffen, datt dës gutt Intentiounen an d’Bewosstsinn beim Konsumverhalen unhalen, sou datt een e méi mënschleche wirtschaftleche System agefouert kritt. Besonnesch an de südleche Länner hunn d’Produzenten an d’Aarbechter enorm ënnert de Konsequenze vun der Pandemie gelidden. Trotz de schwierege Konditioune schaffe si, sou datt mir eis léifste Produiten – vum Kaffi um Moien oder engem Stéck Schockela als Belounung um Nomëtteg – profitéiere kënnen. Elo gëllt et Dankbarkeet ze weisen a weiderhi solidaresch ze sinn!

Opmaacherbild: Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg © Fairtrade Lëtzebuerg

Related topics Banann, Barbara Richard, Ënnerstëtzung, Enquête, Etüde, Fairen Handel, Fairtrade Lëtzebuerg, finanziell Hëllef, Geneviève Krol, Jean-Louis Zeien, Kaffi, Liwwerketten, Pandemie, Schockela, Solidaritéit, TNS-Ilres, Tommy Klein, TVA
Next post Previous post