Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu Helleng ginn se Vollgas
dating anxious Neiegkeeten

dating after starter marriage

Et gëtt sécherlech vill verréckten Iddien. Mee eng Manche aus

ski singles dating
dating anxious Neiegkeeten

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

What the Fakt – Dag vun der Katz
dating anxious Neiegkeeten

What the Fakt – Dag vun der Katz

Och wann dëst een amerikanesche Feierdag ass, sollten all d’Kazefrënn

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.

Fir Fairtrade ass et vu grousser Bedeitung, datt all Klengbaueren an Aarbechter an Zukunft iwwert déi existenzsécherend Liewergrondlagen verfügen, datt si hiert ganzt Potential entfalen an och hir Zukunft selwer bestëmme kënnen. De gerechten Handel sollt zur ekonomescher Globaliséierung dozou gehéieren, wat leider an de wéinegste Fäll zoutrëfft. Duerch d’Hëllef vu Fairtrade soll genau an dësem Beräich ee positive Changement entstoen. Och zu Lëtzebuerg gesäit een eng Evolutioun am FT-System!

Op der Pressekonferenz vergaangenen Donneschdeg huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg de Bilan vun 2018 presentéiert. Mir wëlle jo net spoileren, mee d’Zuele sinn weider an d’Luucht gaangen. Elo awer mol der Rei no.

Wat 2018 alles geschitt ass

Duerch Sensibiliséierungsaarbecht, virun allem duerch d’Verbreede vun Informatiounen zum fairen Handel, mee och duerch divers Campagnë konnt Fairtrade Lëtzebuerg op sech opmierksam maachen. Heizou gehéiere beispillsweis Lëtz’ Step to Fairtrade, Make Bananas Fair oder och Rethink Your Clothes. Esou konnten am vergaangene Joer ganzer 115 Evenementer organiséiert ginn un deenen iwwer 9000 Leit deelgeholl hunn.

D’Wuerzel vun der Zukunft läit bei der Jugend. Am Beräich Educatioun huet een also och missen aktiv ginn. Am Ganze konnt een 86 Aktivitéite plangen, wourënner 34 Workshops am Enseignement Fondamental an 52 Workshops an de Lycéeë stattfonnt hunn.

Uschléissend huet een mat engem weidere Workshop mam Numm „Vum Kottengsproduzent bis an Är Garde-Robe“ den Erwuessenen eng Formatioun offréiert. Zu gudder Lescht huet een ee politesche Plaidoyer zum ëffentleche Marché an der Wuechtsamkeet fir Entreprisen zu de Mënscherechter geleet.

Fairtrade

De Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg © Fairtrade Lëtzebuerg Asbl

D’Zuelen zu Lëtzebuerg

Méi wéi 19,3 Milliounen Euro huet de Lëtzebuerger am vergaangene Joer fir zertifiéiert Fairtrade-Produiten ausginn. Generell gëtt d’ONG un, datt den Ëmsaz vun hire Produite beim Verkaf bei de verschidde Partner ëm 19 % geklommen ass am Verglach zum Joer 2017. Esou huet d’Ekipp och ausgerechent, datt de Lëtzebuerger Awunner duerchschnëttlech 32,13 € am Joer ausgëtt, fir sech een zertifiéiert Fairtrade-Produit ze kafen. Schliisslech gëtt et mëttlerweil vun der Blumm, iwwert d’Banann bis hin zu Kaffi a Schockela räichlech Auswiel.

D’Lëtzebuerger ONG huet folgende Wuesstem an der Produktioun fir déi verschidde Produite festgehalen:

  • Rousen + 64 %
  • Textilien +58 %
  • Schockela + 37 %
  • Banannen + 19 %
  • Kaffi + 11 %

Wéi een also gesäit sinn d’Rousen am Grand-Duché den absolute Spëtzereider. Vun all verkaafter Rous zu Lëtzebuerg haten der 38 % de Fairtrade-Label. Bei de Bananne läit een an dësem Fall bei 30 % a beim Kaffi sinn et der 10 %. Soumat hätte mir den nationale Podium komplett.

Virun allem – an dat wäert eis wuel all opgefall sinn – konnt d’Gamme vun de Viennoiserien vergréissert ginn a mëttlerweil konnt souguer den éischte FT-Téi agefouert ginn.

Am Ganze sinn 2018 an eisem Land 2.330 Produite mam faire Label um Marché erhältlech gewiescht, wouvunner der 186 vu Lëtzebuerger Acteure kommen. Dëst bedeit een immense Fortschrëtt vu 24 % an der FT-Offer am Verglach zum Joer virdrun.

Fairtrade

D’Geneviève Krol vu Fairtrade Lëtzebuerg © Fairtrade Lëtzebuerg Asbl

Nach ee Wuert zur Rous an zur Banann

Datt dës Produiten net zu Lëtzebuerg fir de Verkaf ugeplanzt ginn, misst jiddwerengem ersiichtlech sinn. D’Majoritéit vun de faire Rouse kënnt aus Ost-Afrika, wou leider weder een nationale Mindestloun, nach ee konventionelle Salaire fir d’Landwirten existéiert. Duerch Fairtrade konnt een an Ethiopien, Kenia, Tansania an dem Uganda ee Mindestloun aféiere, wouduerch verschidde Salaire bis zu 80 % erhéicht konnte ginn. Als Reaktioun heirop lafen an der ethiopescher Regierung momentan Diskussioune fir een nationale Mindestloun fir de Blummesecteur anzeféieren.

Am Beräich vun der Banann gesäit Fairtrade vir, datt d’Aarbechter an de Plantatioune bis Enn 2020 ee vitale Salaire kréien. Zu Lëtzebuerg konnt een ee groussen Engagement am Verkaf vun dësem FT-Produit feststellen. Verschidden Acteuren hunn hire Clientë souguer ausschliisslech d’Bio-Fairtrade-Banann ugebueden.

Weider Informatiounen, wéi ee Produit wou hir kënnt an ob dëst Land fair produzéiert, fannt Dir op dëser detailléierter Kaart vu Fairtrade Lëtzebuerg.

Fairtrade Lëtzebuerg

Den neie Fairtrade-Label – eng Chance fir d’Produzenten

De bekannte Fairtrade-Label mam schwaarzen Hannergrond steet als Sigel fir ee fair ugebauten a gehandelte Produit, bei deem all Ingredienten zu 100 % ënner Fairtade-Conditiounen gehandelt gi sinn. Donieft muss een de Produit mat dësem Label physesch zeréck verfollege kënnen.

Zënter 2018 existéiert elo dat wäisst Sigel, deen eenzel Fairtrade-Ingrediente garantéiert. Fir d’Produzente bitt dës Aféierung ganz nei Méiglechkeeten. Entreprisë kënnen sech nämlech progressiv engagéieren, andeems si een oder méi zertifiéiert Fairtrade-Produiten an hirem eegene Produit verschaffen. Wien also beispillsweis lokal eppes ze bidden huet, wat net de schwaarze Label vu Fairtrade dréit, trotzdeem an de Programm mat asteige wëll, dee kann dat wäisse Sigel ufroen.

Fairtrade

Kontroll duerch FLOCERT GmbH

Säit dem vergaangene Joer schafft Fairtrade mat der onofhängeger Organisatioun FLOCERT GmbH zesummen. Hir Aufgab ass et, de Label ze verginn a reegelméisseg Kontrollen auszeféieren. Fir de Fuerderunge vun den internationalen Normen (beispillsweis dem Zertifikat ISO 17065) gerecht ze ginn, huet ee sech een erfuerene a professionelle Partner erausgesicht.

D’Organisatioun, mat Sëtzer zu Bonn, Kapstadt, Bangalore, San José, London a Washington D.C. gëllt als eenzegen Zertifizéierer fir Fairtrade a kontrolléiert dobäi och Sozial,- Aarbechts- an Ëmweltstandarts. A genau doduerch, datt ee sech ëm déi wirtschaftlech, sozial an ökologesch Aspekter këmmert, ass een Aneren am viraus.

Fairtrade

D’Sonja Eberle vu FLOCERT © Shari Pleimelding/moien.lu

Wat ee Produzent maache muss, fir vu Flocert zertifiéiert ze ginn

Iwwer Internet gëtt ee Bewerbungsformular ausgefëllt, sou datt d’Organisatioun all noutwenneg Informatiounen zur Fairtrade-Zertifizéierung huet. Duerch een éischten Audit (Interview/Gespréich), sou wéi der Inspektioun op der Plaz gëtt ee Bericht erstallt, gepréift an op eventuell Ofweichungen vun de Standarts opgepasst. Sollt also beim Produzent eppes net stëmmen, gi Korrekturmoossnamen ugefuerdert. Eréischt wann all Konditioun erfëllt ass, ka Flocert d’Zertifikat ausstellen.

Och duerno gi reegelméisseg Audits organiséiert, déi net ëmmer am viraus ugekënnegt ginn, sou datt een een Iwwerbléck iwwert d’Situatioun vun den Aarbechter, der Produktioun an de weidere Schrëtt kritt. Wichteg ass, datt wierklech all Persoun vun der Ketten sech äussere kann, vun der Farm, bis hin zum verpaakten Endproduit.

D’Käschte vun der Zertifizéierung droen d’Händler an d’Produzenten. All eenzele Bauer muss proportional fir eng kleng Zomm vun de Käschten opkommen. Méi heizou fënnt een op www.flocert.net.

Fairtrade

© Fairtrade Lëtzebuerg Asbl

D’Ziler fir 2020

Komme mir zeréck op Fairtrade Lëtzebuerg. An Zukunft gëtt ugestrieft, datt déi Lëtzebuerger Konsumenten 20 Milliounen Euro fir fair Produiten ausginn. Wat vläicht utopesch kléngt, stellt eng Schlësseletapp fir d’ONG duer.

Fairtrade Lëtzebuerg dréit zur Verbesserung vun de Liewenskonditioune vu méi, wéi 1,66 Millioune Produzenten an Aarbechter am FT-Reseau bäi. Ganzer 1599 Organisatiounen aus 73 Länner gehéieren heizou. Och an den nächste Jore wëll ee sech fir ee gereegelte Salaire asetzen, sou datt de Klengbauere Stabilitéit gebuede ka ginn. Mir wënschen op dësem Wee vill Courage a wäerte selwer och op de Fairtrade-Croissant a Co zeréck gräifen!

Opmaacherbild: © Fairtrade Lëtzebuerg Asbl

Ähnlech Sujeten Banannen, Bilan 2018, Fairtrade Lëtzebuerg, FLOCERT, Kaffi, Rousen, Schockela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel