Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I
Neiegkeeten

Automobilsport: Um Nürburgring setzt den Dylan Pereira den Tëppelchen op den I

Während de Porsche Mobil 1 Supercup, dat eigentlecht Zil vun

Kuba: Dräi Méint gouf debattéiert, elo kann d‘Verfassungsreform kommen
Neiegkeeten

Kuba: Dräi Méint gouf debattéiert, elo kann d‘Verfassungsreform kommen

Um haidegen Donneschdeg ginn no dräi Méint, d‘Debatten zur Verfassungsreform

Spuenien: Wahlgewënner ouni Majoritéit
Neiegkeeten

Spuenien: Wahlgewënner ouni Majoritéit

Ganz den Erwaardungen entspriechend, huet déi sozialistesch Partei (PSOE) vum

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet

Gëschter huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg seng Maartzuele vum Joer 2019 presentéiert. Wärend de Verkaf vu Schockelasproduiten e Plus vun 49 % erlieft, d’Banann e Plus vu 24 % an de Kaffi e Plus vu 14 %, lappt et liicht beim Verkaf vu Rousen. Iwwert d’Hausse beim Ëmsaz duerch de Verkaf vu Fairtrade Produiten ass een allerdéngs besonnesch houfreg.

Am Verglach zu 2018 konnt ee sech nämlech ëm ganzer 13 % steigeren, wouduerch Fairtrade Lëtzebuerg bei engem Ëmsaz vun 21,8 Milliounen Euro läit. Kuckt een d’Parten um Marché, dann stinn – et war net anescht z’erwaarden – d’Banann (35,66%), de Kaffi (11 %) an de Schockela (4,5 %) um Lëtzebuerger Podium.

Fairtrade

(v.l.n.r.) Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg; Geneviève Krol, Direktech vu Fairtrade Lëtzebuerg © Fairtrade Lëtzebuerg

Iwwerdeems huet een am leschte Joer beim Räis e Plus vun 43 % erliewe kënnen. Beim Zocker ass et e Plus vu 17 %, wärend den Téi e Plus vu 5 % Opweises huet. Just d’Rouse schéngen dem Lëtzebuerg net esou vill zougesot ze hunn, wouduerch en hei e Minus vu 7 % zielt.

Am Schnëtt gëtt de Bierger vu Lëtzebuerg pro Joer 35,60 € fir Fairtrade Produiten aus. Am Ranking vun de Konsumlänner leie mir op der stolzer 6. Plaz. Spëtzereider ass allerdéngs d’Schwäiz, mat 85,44 € op de Kapp. An dësem Beräich louch de Groussherzogtum iwwregens e gutt Stéck viru sengen Nopeschlänner: An der Belsch läit ee bei 19,15 €, an Däitschland bei 24,55 € an a Frankräich bei 13,47 €.

Fairtrade

© Fairtrade Lëtzebuerg

Fair a lokal: Do stécht Fairtrade dran!

Ganzer 366 Fairtrade-Produiten ginn duerch eng national Mark verkaaft. Aktuell hu 26 Lëtzebuerger Acteuren d’Autorisatioun fir Fairtrade-zertifiéiert Réistoffer (Kakao, Zocker, Vanill,…) ze transforméieren an/oder ze verkafen an doduerch och de bekannte schwaarze Label ze droen. Ze gesinn ass dat beispillsweis bei de Schneekegkeete vu Jos & Jean Marie Neuberg, der Glace vun der Molkerei Thiry an der Molkerei Biog, oder och der Schockelasmëllech vu Fair Mëllech.

Kuckt een sech d’Zuele vun 2018 un, dann ass d’Vente vun dëse „Fair & Local“-Produiten ëm stolzen 21 % eropgaangen.

Eng Excuse, fir net fair anzekafen, kann ee bal net hunn. Vun der klenger Epicerie bis zum grousse Supermarché ginn op 300 Verkafspunkten 2.666 Fairtrade-zertifiéiert Produiten ugebueden.

E Merci geet a Peru, d’Elfebeeküst, Malawi, Indien a Kenia

Jo, d’Banann ass immens beléift zu Lëtzebuerg. Mee wësst Dir eigentlech wou d’Fairtrade-Banann hierkënnt? Ganzer 75 % vun der krommer gieler Fruucht kommen aus dem Norde vu Peru. Déi grouss Majoritéit dovunner ergëtt sech duerch d’Kooperative APPBOSA zu Piura.

Duerch déi aktuell sanitär Kris gëtt am südamerikanesche Land en Deel vun der Fairtrade-Primm fir Schutzmaterial (Desinfektiounsmëttel, Masken, Händschen,…), Covid-Tester fir d’Memberen an de Finanzement vu Provisioune vu vulnerabele Memberen genotzt.

D’Banann ass awer net eis eenzeg Verbindung zu Peru: 52 % vum Fairtrade-Kaffi komme vu klenge peruanesche Produzenten, virun allem vun der Kooperative CENFROCAFE. Dës weidere kréie mir d’Bounen aus Honduras (15 %), Brasilien (12 %), Kolumbien ( 5%) an Ethiopien (3 %).

Ma, 93 % vum Schockela kommen aus Afrika, méi prezis aus Ghana a vun der Elfebeeküst. Kandiszocker kënnt virun allem zu 63 % aus Malawi an 31 % aus Paraguay, wärend de Räis zu 55 % aus Indien an zu 21 % aus Thailand kënnt.

Fairtrade

© Fairtrade Lëtzebuerg

Besuergnes duerch d’Coronakris

Fairtrade Lëtzebuerg deelt mat, datt et momentan nach ze fréi wier, fir genee Schlussfolgerungen ze zéien, wéi sech d’Pandemie op de Verkaf ausgewierkt huet.

Besonnesch haart getraff goufen d’Rouseproduzenten a Kenia. Fir iwwert d’Ronnen ze kommen krute si eng Primm vum nohaltegen Handel, mat deenen 17.000 Persoune Liewensmëttelpäck an Hygiènesproduiten kafe konnten.

Beonrouegt ass d’ONG awer och am Hibléck zur Perte beim Kaffi an der Banann. Virun allem Entreprisen versuergen hir Mataarbechter a Clienten mat de Fairtrade-Bounen a representéieren 20 % vum globale Volumen. Bei der Banann ass et nu emol esou, datt si de Lycées-Schüler Energie fir den Dag liwwere soll. D’Schléissung vun Schoulen a Betriber war duerch déi sanitär Kris net ze vermeiden. Wéi de Lockdown sech op de Verkaf auswierkt, gëtt nach analyséiert.

De Mouvement vu Fairtrade regroupéiert aktuell 1,71 Millioune Produzenten an Aarbechter, déi vu gudden a virun allem mënschleche Konditiounen profitéieren dierfen. Drot och Dir Ären Deel dozou bäi, datt kleng Baueren an d’Produzenten vun Äre Liiblingsproduiten anstänneg bezuelt a fair behandelt ginn.

Opmaacherbild © Fairtrade Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Banann, fair, Fairtrade Lëtzebuerg, Geneviève Krol, Gerechtegkeet, Indien, Jean-Louis Zeien, Kaffi, Kandiszocker, Maartzuelen, Malawi, Peru, Primm, Produktioun, Rousen, Schockela, Verkaf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel