Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Studentevertriedung ACEL zitt de Bilan
International Neiegkeeten

Studentevertriedung ACEL zitt de Bilan

An der Salariatskummer huet d‘ACEL e Freideg de Bilan vun

Norwegen: Zuelräich Hënn stierwen u mysteriéiser Krankheet!
International Neiegkeeten

Norwegen: Zuelräich Hënn stierwen u mysteriéiser Krankheet!

Eng mysteriéis Krankheet an Norwegen huet an de leschten Deeg

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare
International Neiegkeeten

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare

Um 5. Januar huet sech de Regierungsrot fir den Ausbau

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 1)

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 1)

Méi wéi jeemools virdrun soll Solidaritéit gewise ginn. Solidaritéit géigeniwwer de Kranken, géigeniwwer de Fleegekräfte, géigeniwwer allen, déi schaffen fir datt d’Land funktionéiert, mee och géigeniwwer den Hëlleflosesten a Vulnerabelsten hei an iwwerall. De Covid-19 betrëfft eis all, op der ganzer Welt.

Aktuell gëtt et een erhéichte Risiko fir Verstéiss géint d’Mënscherechter an der Liwwerketten. An Asien hunn Bekleedungsentreprisen hir AarbechterInnen an der Pandemie zeréckgelooss. Zuelräich Societéiten, vun deenen d’Marke weltwäit bekannt sinn, wéi och d’Eenzelhändler, hunn hir Commanden annuléiert ouni déi finanziell Responsabilitéit op sech ze huelen, och wann d’Kleeder scho fabrizéiert goufen.

Verschidde Fabricke refuséiere souguer d’Paie vum Mount Mäerz ze iwwerweisen. Honnerte Bekleedungsfabricken hunn zougemaach a Milliounen Aarbechter Heem geschéckt, oft ouni Bezuelung oder eng vum Gesetz virgesinn Entschiedegung.

Dës Decisioune gi géint d’Responsabilitéite vun de Mënscherechter, déi d’Entreprisen zu de „Principes directeurs des Nations Unies relatifs aux entreprises et aux droits de l’Homme“ an de „Guide sur le devoir de diligence applicable aux chaînes d’approvisionnement responsables dans le secteur de l’habillement et de la chaussure“ vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) verflichten.

A Bangladesch goufen ronn eng Millioun Aarbechter gekënnegt oder temporär entlooss, d’Majoritéit krut weder ee Salaire, nach een aneren Ausgläich. A Myanmar hunn 20.000 Aarbechterinnen schonn hir Aarbecht verluer an een Expert vun der Industrie huet geschat, datt bis zu 70.000 Textilaarbechterinnen geschwënn am Chômage wäerte sinn. A Kambodscha gesäit eng Schätzung vir, datt 200.000 Persounen hir Aarbecht verléiere kéinten.

Besonnesch Wanderaarbechter si bedreet, wéi an Indien, wou no der Schléissung vu Fabricke vill Persounen an hir Heemescht zeréck goe missten. A verschidde Fäll mussen dofir honnerte Kilometer zu Fouss zeréckgeluecht ginn. Ware vill Bekleedungsaarbechter scho mat Prekaritéite geplot, esou gi si elo mam Iwwerliewenskampf konfrontéiert.

Dobäi kënnt, datt sech an de Liwwerkette vu Liewensmëttel am Süden, wéi beispillsweis bei de Banannen, zuelräich Aarbechter vun de Plantagen an de Fabricke Suergen ëm hir Gesondheet maachen. D’Majoritéit vun den Employeuren stelle kee Schutzmaterial zur Verfügung a loossen hir Aarbechter weiderhin ouni Precautioune weider schaffen. Dobäi hunn Aarbechter a klenge Strukturen ee méi héije Risiko, sech mam Covid-19 unzestiechen, a souguer drun ze stierwen.

Um Niveau vun der Téiproduktioun ass déi wirtschaftlech Situatioun alarméierend. De Präis vum Téi an Indien huet bei rezenten Auktiounen ëm 40 % ofgeholl. Grouss Importateuren hunn den Import duerch d’Epidemie agestallt.

D’Regierung an Indien huet de Lockdown vum ganze Land bis zum 14. Abrëll annoncéiert, wat och zur temporärer Schléissung vun de meeschten Téiplantagen a Fabricken uechtert Indien féiert. Am Nord-Oste vun Indien duerften d’Aarbechter bis de 24. Mäerz viruschaffen an hiren Dagesloun kréien, mee sinn elo op d’Gnod vun der Regierung an d’Ënnerstëtzung vun de Plantage fir hiert Iwwerliewen ugewisen.

Eng komplex Situatioun fir d’Faritrade-Produzenten am Süden

Besuergneserreegend Message kommen och vum Reseau vun de Fairtrade-Produzenten aus Asien, Afrika a Latäinamerika.

Op der enger Säit sinn d’Produzente vum gerechte Commerce mat enger Baisse vun de Verkafsvolumen an déi westlech Länner konfrontéiert, dat duerch d’Schléissung vu Restauranten, Kantinnen a Caféen. Op der anerer Säit musse si Moossname fannen, fir d’Produktioun ze schützen. D’Kris bedreet d’Basisakommes an de Liewensënnerhalt vun 1,7 Millioune Mënschen, déi un de System vum gerechten Handel gebonne sinn.

Duerch d’Restriktiounen an der Zirkulatioun si Fairtrade-Kaffi-Produzenten aus Peru, Kolumbien a Brasilien beonrouegt wéinst der Recolte, déi tëscht Abrëll an August stattfanne muss. Een Deel vun der Kaffi-Produktioun kéint verluer goen, wa se net am richtegen Ament recoltéiert gëtt, an dat bréngt eng Perte beim Akommes vun de Produzente mat sech. Generell ass d’Distributioun gebremst duerch administrativ Prozeduren, Restriktioune fir de Produit op d’Plazen ze bréngen, wou en traitéiert gëtt.

Ma, et gëtt och eng Knappheet bei de Container fir d’Expeditioun vu Gidder, wéi Banannen, Kakao an Zocker. D’Produzenten hunn Angscht, datt esou Réistoffer net richteg stockéiert ginn, wärend op Container gewaart gëtt.

De Reseau u Produzenten an Aarbechter vu „Fairtrade Africa“ huet ufanks der Woch op déi katastrophal Situatioun opmierksam gemaach, an där d’Rouseproduzenten op de Plantagen a Kenia an Ethiopien sech befannen. An der vergaangener Woch ass duerch d’Decisioun vu verschiddenen europäesche Länner de Maart u Blummen ganz agestallt ginn. Entscheet gouf, datt de Verkaf vu Schnëttblummen verbueden ass, fir d’Haaptaemierkt op wierklech noutwenneg Produiten ze leeën an d’Fermeture vu Floristen, oppene Mäert an ähnlechem duerchzesetzen.

D’Produzenten, déi hir Blummen a Planzen exportéieren, erliewen enorm Perten duerch d’Annulatioun vun de westleche Mäert. Grouss Quantitéiten u Blumme mussen esou zerstéiert ginn, wat eng Perte vun 1,8 bis 2,2 Milliarden Euro fir de Mount Mäerz bedeit. Si setzen d’Produktioun aus a gi sech domat zefridden, weiderhin ze Bewässeren, an der Hoffnung op besser Zäiten.

Déi zwee Leader vum Blummesecteur – Kenia an Ethiopien – erleide weiderhin ëm 70 bis 80 % Perte bei der Vente, den domat verbonnene Käschten vun der Zerstéierung vun de Blummen, Käschten déi un net rembourséiert Prêten an den Opwand vun den Aarbechter gebonne sinn.


Fairtrade Doheem

Fir wärend der Coronakris virtuell mat de Produzenten an Aarbechter am Süden Verbonnenheet ze weisen, huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg eng nei Rubrik op senger Internetsäit agefouert: FAIRTRADE DOHEEM.

Hei fannt Dir Aktivitéite fir Kleng a Grouss. Vun der Juegd nom Fairtrade-Schatz, iwwert Origami, bis hin zum Podcast „Schokola aus Afrika“, gelies vun der Auteut Mireille Weiten – de Waha, oder och Rezepter am „Coin Gourmand“ mat ënnert anerem engem leckere Marmerkuch vum Bob Mathes (Restaurant Mathes) gëtt esou vir Ënnerhalung gesuergt.

Fir Ouschteren erwaart Iech ee „Fairtrade Doheem Ouschteren Spezial“. Kuckt laanscht op fairtrade.lu.

Opmaacherbild: © Fairtrade Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Banannen, Blummen, Coronakris, Fairtrade Doheem, Fairtrade Lëtzebuerg, Gesondheet, Honger, Kaffi, Liwwerketten, Mënscherechter, Solidaritéit, Textilien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel