Search

You may also like

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin
International Neiegkeeten

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin

Um haitegen Donneschdeg, de 25. Juli wäert d’Autobunn A1 tëscht

US-Sanktioune géint de Venezuela
International Neiegkeeten

US-Sanktioune géint de Venezuela

D’USA hunn dem Venezuela weider Sanktiounen operluecht. Domadder erhéijen se

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of
International Neiegkeeten

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of

Wéi vun der syrescher Arméi um Mëttwoch matgedeelt, sollen sech

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump

Chaos am Wäissen Haus? „Fake News“ äntwert den Trump

Um Donneschdeg huet sech den US-President Donald Trump richteg beméit, den Androck vun enger dysfunktioneller Presidence ze entkräften. Ugesiichts engem sech séier dréinende Personal-Karussell an den Enquêten duerch d‘Justiz, déi wéi en Damoklesschwäert iwwer dem Milliardär schwiewen, net ganz esou einfach…

„D‘Fake News (…) hu vill Freed dorunner, vu Chaos am Wäissen Haus ze schwätzen. Dobäi wëssen se ganz genee, datt hei vu Chaos keng Ried ka sinn, just eng ‚gutt geuelegt Maschinn‘ mat Ersatzstécker“, esou den US-President via Twitter.

Wat huet de Milliardär aus dem Wäissen Haus dann um fréie Moien nees esou opgereegt? En Artikel an der New York Times, an deem behaapt gëtt, datt seng Duechter Ivanka an den Eedem Jared Kushner, eng „gréisser Roll beim Depart vum Affekot vum Wäissen Haus, Don McGahn“ gespillt hätten. Den Donald Trump fënnt esou eppes onerhéiert an geet an d‘Offensiv.

„Si hunn näischt domatter ze dinn“, esou den US-President no enger Serie Tweets, an deenen hien op e neits d‘Medien als „Feind vum Vollek“ verkläert. Vill „Wiessel“ am Ëmfeld vum President sinn näischt Ongewéinleches. Extremen Drock an stänneg Expositioun muss een aushale kënnen.

Et ass dann awer d‘Frequenz vun den Ofgäng – ob fräiwëlleg oder net – an déi bosseg Aart a Weis wéi d‘Departen annoncéiert ginn, déi engem sollten ze denke ginn. Dozou kommen d‘Reaktioune vun deem engen oder aneren „Exiléierten“, déi d‘Bild vun engem „stiermesche“ President zeechnen dee wéineg vum engem kontradiktoreschen Debat hält, a kee Widdersproch verdréit.

Mëtt August, war eng vu senge Beroderinnen, d‘Omarosa Manigault Newman, där hire genaue Rôle ni richteg ëmrass ginn ass „gaangen“. Si huet mam Trump, deen si an der Tëleerealitéitsshow „the Apprentice“ bekannt gemaach hat, am Buch „Unhinged“ zolidd ofgerechent.

Mësstrauen an Enquêten

Den amerikanesche President hat dem Omarosa Manigault Newman mat engem Stouss beleidegend Tweets geäntwert, a seng fréier Beroderin als „komplett verréckt“ bezeechent an behaapt et wier eng Persoun, déi „et ni zu eppes bruecht hätt“. An dëser vu Mësstraue geluedener Atmosphär, hunn dem Trump seng Beroder et oft schwéier seng Tweets ze erklären oder ze argumentéieren.

E Fait deen sech och doduerch beleeë léisst, datt den alldeegleche Pressepunkt vum Spriecher vun der Exekutive, eng al Traditioun am Wäissen Haus, esou gutt wéi verschwonnen ass. Woubäi sech dat net eleng duerch dat „schwieregt“ Verhältnis mat de Medien erkläre léisst.

Am Hannergrond, dann och nach eng Rei lafend Enquêten. Ganz uewen op der Lëscht, d‘Enquête vum Spezial-Procureur Robert Mueller, dee keng Rou gëtt, an erausfanne wëll, wéi vill Afloss d‘Russen op d‘Presidentewahl geholl hunn. Eng Enquête déi d‘Stëmmung am „West Wing“ vergëft a stänneg mat neien Erkenntnisser op sech opmierksam mécht.

Den Donald Trump huet en Donneschdeg an engem Entretien mat Bloomberg News deklaréiert, datt hien dës Enquête als „illegal“ consideréiert. Hien erwähnt – ouni se mam Numm ze nennen – „grouss Spezialisten“, laut deenen et ni hätt dierfen e Spezial-Procureur ginn.

Laut der New York Times, hätten den Donald Trump a säi perséinlechen Affekot Michael Cohen, dee sech kierzlech mat vill Gedauschs géint säi „Client“ gewannt huet, e Projet entworf, fir sech op all méigleche Skandal anzestellen an Géigemoossnamen ergräifen ze kënnen. Esou hu béid Männer an der Campagne 2016 envisagéiert, all sensibel Informatiounen „opzekafen“.

Informatiounen iwwert de New Yorker Immobiliëmogul, déi sech zanter den 80er ugesammelt hunn a vum Tabloïd National Enquirer gehale ginn. Béid Männer wieren, esou d‘Dageszeitung, awer ni un de Wupp vun hiren Absichte gaangen.

D‘Skandal-Zeitung, déi zum Grupp American Media gehéiert, ass am Besëtz vum David Pecker, engem laangjärege Frënd vum US-President. Dee soll, esou amerikanesch Medien, am Tosch géint „Immunitéit“, enger Zesummenaarbecht mat den Enquêteuren am Dossier vun de „Maîtressen“ zougestëmmt hunn. Den Donald Trump huet dës Damme bezuelt, fir datt se de Mond halen.

Den National Enquirer hat d‘Exklusivitéit vum Playmate KarenMcDougal senger Geschicht, fir ganzer 150.000 US-Dollar kaf. Elo kann den Donald Trump seng „Versioun“ vun der Gesicht bei engem Meeting zu Evansville (Indiana), viru sengen Unhänger erzielen.

EU-Offer fir Automobilsecteur net zefriddestellend

Mat Bloomberg News hat sech den US-President awer net nëmmen iwwert de Robert Mueller ënnerhalen. Hien huet hei och zum Ausdrock bruecht, datt d‘Offer vun EU, d‘Douanestaxen op den Import vun amerikaneschen Autoe ganz ze sträichen „net duer geet“.

„Dat kann net alles sinn“ esou den Trump. „Hir Konsumenten hunn d‘Gewunnecht europäesch Autoen, net eis Autoen ze kafen“, ënnersträicht den US-President, deen oft zum Ausdrock bruecht huet, duerch den Ubléck vu Mercedes-Autoen an de Stroosse vun New York „irritéiert“ ze sinn. Datt et méiglecherweis och eppes mat der Qualitéit vum „Produkt“ kéint ze dinn hunn…

Fir däitlech ze maachen dat hien net iwwert dës Situatioun erfreet ass, gëtt Onrou gestëft. Esou huet de Milliardär al nees d‘EU mat China verglach, deem Land mat deem sech d‘USA en Handelskrich leeschten. „D‘EU ass bal esou grausam wéi China, mee am klengen“, behaapt den US-President.

D‘EU-Kommissärin Cecilia Malmström huet en Donneschdeg zu Bréissel annoncéiert, datt d‘EU gewëllt ass, d‘Autoen an e méiglechen Handelsaccord mat den USA afléissen ze loossen. Esou soll de Konflikt mat Washington bäigeluecht ginn. „Mir si bereet d‘Taxe fir d‘Autoen op Null ze setzen. All Taxen op Null ze setzen, wann d‘USA datt och maachen“, erkläert si der Kommissioun

Erënnere mir dann drun, datt den Donald Trump domatter gedreet huet, eng Taxe vu 25% op déi importéiert Autoen ze erhiewen, an huet säi Wirtschaftsministère beoptraagt sech mat dëser Fro ausenanerzesetzen. Vun esou enger Moossnam, wieren an éischte Linn däitsch Hiersteller betraff.

Déi Menace huet och Kanada erhalen, a wann Ottawa sech net dem mexikanesch-amerikaneschen Handelsaccord (ALENA) uschléisst, sollen och déi aus Kanada importéiert Gefierer mat enger Tax an héicht vu 25% beluecht ginn. D‘Verhandlungen tëscht den USA a Kanada, fir eng „Reform“ vum Fräihandelsaccord, fannen an dësem Moment zu Washington statt.

Ëmmer nach am Kontext vu „Menacen“, déi den US-President als „Strategie“ an d‘Verhandlungen afléisse léisst, huet den Donald Trump ugekënnegt, datt déi „éischt Ekonomie vun der Welt“ sech kéint aus der Welthandelsorganisatioun (WTO) zréckzéien.

Dobäi sinn d‘USA e Grënnungsmember vun dëser Institutioun, déi eigentlech den Optrag huet, den Handel an den Austausch tëscht senge Memberlänner ze liberaliséieren. „Wann do net opgeraumt gëtt, géif ech mech zréckzéien“, esou den Trump. Den 29. Juni huet hien dat zesumme mat sengem Finanzminister Steven Mnuchin dementéiert. E schéngt net ze wësse wat hie wierklech wëll.

mam Jérôme Cartillier/AFP

Foto: Den Donald Trump am Wahlkampfmodus, bei engem Meeting zu Evansville. Dat ass déi Plaz wou hie sech am beschte fillt. Ëmgi vun Unhänger, an den US-President mat all senge „Feinden“ ofrechnen, sougenannt „Fake News“ entkräften. Bei esou engem Rassemblement gëtt him dann och net widdersprach. © Mandel Ngan/AFP

Related topics Bestiechung, Donald Trump, Douanestaxen, Fake News, Handelskrich
Next post Previous post