Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus
International Neiegkeeten

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus

Wärend der Coronakris kommen engem jo essentiell Froen zu de

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!
International Neiegkeeten

Beaufort Knights: Een intensiivt Spill mat déiereschem Besuch!

Mat de Mechelen Golden Sharks haten d’Beaufort Knights sech ee

An Tëschenzäit an Nordkorea
International Neiegkeeten

An Tëschenzäit an Nordkorea

Wärend op der (bal) ganzer Welt d‘Regierunge mam Coronavirus Covid19

Kennzeechnung vu Fake-News: Twitter versicht et

Kennzeechnung vu Fake-News: Twitter versicht et

Den amerikanesche Kuerznoriichtendéngscht Twitter wëll eppes géint déi Onmasse vu falschen an irféierenden „Informatiounen“ zum Covid19 ënnerhuelen. Fake-News a Verschwierungstheorie sollen allerdéngs net geläscht oder gespaart, mee just gekennzeechent ginn, esou d‘US-Entreprise.

An engem am Blog verëffentlechte Message, hunn d‘Manager Yoël Roth an Nick Pickles wësse gelooss, datt Messagen, déi als „falsch“, „irféierend“ an/oder „ëmstridde“ Messagen am Kontext vum Covid19 elo entspriechend Markéiert ginn. Den Tri géif net vun Twitter selwer virgeholl ginn, Meenungsfräiheet wëll een net Fro stellen. Wat richteg oder wat dubiéis ass, entscheeden anerer.

Twitter

© Twitter

Et géif een hei mat „vertrauenswierdege Partner“ kooperéieren an d‘Entreprise géif elo och weider Instrumenter (Tools) entwéckelen, fir datt d‘Notzer vum Kuerznoriichtendéngscht tëscht de falschen an den nëtzlechen (glafwierdeg an authentesch) Messagen differenzéiere kënnen. Eng Mesure déi wuel Sënn mécht, well u Rumeuren, Ligen a Verschwierungstheorie feelt et jo net.

Prominent „Affer“ huet et scho ginn: esou huet Twitter Enn Mäerz dem faschistesche President vu Brasilien direkt eng ganz Rëtsch u Message geläscht. Och Kuerznoriichten, déi en Zesummenhang tëscht dem Telefonsnetz „5G“ an dem Coronavirus hiergestallt hunn, ware vun Twitter aus dem Netz geholl ginn. Mee „läschen“ heescht och ëmmer sech dem Virworf vun der Zensur aussetzen.

Twitter

© Twitter

Meenungsfräiheet awer ass an den USA an der Verfassung festgehalen, an et dierf eigentlech alles soen, onbeuecht dem Fait ob et stëmmt, rassistesch, oder soss geféierleche Blödsinn ass. An engem Land wou Kreationismus ganz offiziell am Schoulprogramm zoulässeg ass, wou ee mam Hakekräiz an/oder bis ënnert d‘Zänn bewaffent géint de Lockdown demonstréieren dierf, ass dat nei.

Als lescht legaalt Mëttel steet dem Gestionnaire vun enger Plattform just nach d‘Kennzeechnung vu Noriichten, déi falsch oder zumindest zweiwelhaft sinn, entspriechend ze kennzeechnen. Schued awer, datt d‘Twitter seng „vertrauenswierdeg Partner“ net ernimmt huet. Och kleng Geheimnisser eegenen sech gutt fir Verschwierungstheorien. Den Trollen dierft et egal sinn, si passen sech un…

mat indymedia/sfo

Illustratioun: De „Bloe Vull“ ass net amuséiert, datt et bei deem ganze getweets esouvill Mësstéin gëtt, an ass deraart gelueden datt hie bal aus de Fiedere fiert. Kernonzéngpëppel an der Dänn an am Schaff awer och.

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Fake News, Kennzeechnung, Twitter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel