Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?
Neiegkeeten

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?

Et ass u sech kee Geheimnis, zumindest wat d‘EU betrëfft,

money
China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert
Neiegkeeten

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider
Neiegkeeten

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider

E Méindeg ass et am venezuelanesche Muechtkampf, deen de selwer

Fake News am Viséier

Fake News am Viséier

D’Regierung hëlt sech de Fake News un. Sou schéngt et op mannst, wann een de Deputéierten an dem Medieminister Xavier Bettel (DP) bei hirer Diskussioun ronderëm d’Medielandschaft zu Lëtzebuerg nolauschtert. Virun allem den LSAP Députéierten Yves Cruchten huet sech gëschter beim Debat an der Chamber zum Thema Medien zu Lëtzebuerg vill dozou geäussert. Sou seet hie kloer, datt Fake News net d’Resultat vu blousse journalistesche Feeler sinn, mee eng gezillten Falschinformatioun duerstellen, déi gestreet ginn, fir Meenungsmaach ze bedreiwen. Den Debunking, also d‘Widderleeë vun dësen Informatiounen, kann bei der Vitesse vun der Verbreedung kaum mathalen.

Eng méiglech Äntwert, déi souwuel vum Premier als och vum Yves Cruchten an dem Diane Adehm (CSV) vertruede ginn ass, ass d’Bildung vun enger besserer Mediekompetenz. An esou soll schonn an de Schoule ugesat ginn, fir déi jonk Generatioun géint d’Fake News ze feilen. Leider goufen an där Hisiicht keng Detailer genannt, wéi dat ausgesi soll. De Claude Adam (déi gréng) gouf zousätzlech ze bedenken, datt déi Persounen, déi wéinst Haasskommentaren viru Geriicht stoungen, ebe grad keng Jugendlecher waren. Dat wier en Hiweis dorobber, datt och Erwuessener, déi net onbedéngt mat den neie Medien opgewuess sinn, sech musse mam Phänomen auserneen setzen.

An der Hand vum Algorithmus

Kaum iwwerraschend ass d’Roll déi d‘Ënnerstëtzung vun den Online-Medien am gëschtregen Debat gespillt huet. Eens sinn sech all, datt d’Online Medien ënnerstëtzt solle ginn. Wéi genau, dat ass allerdéngs eng aner Saach. Et goufen och interessant Froen opgeworf, wéi etwa déi, wéi eng Roll d’Algorithmen spillen. Facebook, Google an Twitter suergen mat dësen automatiséierten Systemer dofir, datt relevant Noriichten bei de Benotzer ukommen. Allerdéngs ass dat net sonnerlech transparent gehandelt an d‘Fro stellt sech, op mer dat wierklech wëllen engem automatiséierte Programm iwwerloossen. De Premier gëtt dobäi ze bedenken, datt domadder massiven Afloss op d‘Meenungsschafung bei de Leit geholl gëtt.

De Roy Reding, Deputéierten vum adr, begréisst och eng Ënnerstëtzung vun der Online-Presse. E kritiséiert allerdéngs, datt senger Usiicht no den adr oft ignoréiert gëtt. E kritiséiert och verschidden indirekt Pressehëllefen, wéi beispillsweis d’Verdeelen vum Chambersblat via Dageszeitungen an d’Kopplung vun der Pressehëllef un d’Unzuel vun de gedréckte Säiten. En setzt sech ausdrécklech fir eng Meenungspluralitéit an, déi hien allerdéngs bei den staatlech ënnerstëtzten Medien net erfëllt gesäit.

Den David Wagner vun déi lénk huet do allerdéngs manner Bedenken. Hien ass sech sécher, datt de Lieser vun enger Zeitung vu vir eran d‘politesch Ausriichtung vun dëser kennt. Hie leet uschléissend de Fanger an d‘Wonn, wann et ëm d‘Aarbechtsbedéngungen vun de Journalisten geet: Sou wiere vill Informatiounen nëmme schwéier ze beschafen, och well den Accés vum Staat aus begrenzt ass. Am Media Pluralism Monitor 2015 war de Schutz vum Informatiounsrecht tatsächlech ee vun de gréisste Kritikpunkten. Gläichzäiteg kritiséiert de Deputéierten och, datt et ëmmer nach kee Gesetz fir Journalisten an e Schutz vu Whistleblowere gëtt.

 

Ähnlech Sujeten Fake News, Lëtzebuerg, Medien, Presse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel