Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Schnéiballschluechte verbueden!
International Neiegkeeten how do you hook up a rain barrel https://moien.lu/is-whitney-dating-roy-2017/

dating tsundere

Mir schreiwen den 31. Dezember 1472: d’Enn vun enger wanterlecher

questions to ask a guy when you start dating
International Neiegkeeten how do you hook up a rain barrel https://moien.lu/is-whitney-dating-roy-2017/

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Mat engem Bericht, huet en Dënschdeg den Europarot, déi widderholl

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner
International Neiegkeeten how do you hook up a rain barrel https://moien.lu/is-whitney-dating-roy-2017/

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner

Fir eppes méi wéi 90 Minutte ware Millioune vun Amerikaner

What the Fakt – De Futtballkrich tëscht Honduras an El Salvador

What the Fakt – De Futtballkrich tëscht Honduras an El Salvador

Den 18. Juli 1969 huet d’OAS an de Konflikt tëscht Honduras an dem El Salvador agegraff a soumat dem Futtballkrich en Enn gesat. Deem ganze virausgaange ware Futtballmatcher tëscht béiden Natiounen am Kader vun der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft a Mexiko 1970. Dohannert stouch allerdéngs méi wéi dat blousst Gerenns hannert dem Ball: Streidegkeeten a punkto Migratioun, gepaart mat vill Propaganda, hunn am Endeffekt iwwer 2.000 Mënschen d’Liewe kascht.

Fir vill Leit hat et am Ufank den Uschäin, wéi wann de Futtball déi eenzeg Ursaach vun dësem Konflikt war. Nationalistesch Futtball-Leidenschaft ass zu nationalistesch Gewalt ëmgeschloen, Ausschreidunge waren op de Stroossen an d’Militär huet schonn d’Messer gewetzt. De 14. Juli 1969 si salvadorianesch Fligeren iwwer Honduras geflunn an hu Bommen erofgelooss. Véier Deeg drop sollt de Krich eriwwer sinn, ma d’Konsequenze sinn nach Joerzéngten drop bliwwen.

Obwuel dräi Qualifikatiounsmatcher déi berüchtegt Drëps waren, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet, esou war dëst nëmmen d’Spëtzt vun engem Migratiouns- a Klassekonflikt tëscht deenen zwee Länner.

Land a Raum als Sträitpunkt

Am Futtball gëtt op engem begrenzte Raum gespillt – jidderee weess dat. Sou gëtt ëm all Zentimeter gekämpft an all Mënsch weess ëm d’Wichtegkeet, Raim ze schafen. An dësem Kontext sollt et awer net just ëm de Raum um Spillfeld goen, mee wäit doriwwer hinaus.

Futtballkrich

El Salvador hat am Joer 1969 eng Populatioun vun ongeféier 3 Milliounen. Dat meescht Land war a Besëtz vun enger klenger Elite, woufir déi aarm salvadorianesch Baueren e beschwéierlecht Liewen haten. Zu Honduras hat och eng kleng Unzuel u Grondbesëtzer d’Fiedem an der Hand – mam Ënnerscheed, datt Honduras fënnef Mol méi grouss wéi säin Nopeschland ass an zudeem bal 1 Millioun Awunner manner wéi El Salvador zu deem Zäitpunkt hat.

Vill Salvadorianer sinn iwwer d’Joren mat der Hoffnung an Honduras ausgewandert, fir do schaffen ze kënnen, well do méi landwirtschaftlech Fläch zur Verfügung steet wéi doheem. Eng 300.000 Salvadorianer goufe soumat zu Honduras 1969 gezielt. Dëst huet virun allem den Onmutt vun den honduranesche Baueren op sech gezunn, well si an hinnen eng Konkurrenz um Aarbechtsmarché gesinn hunn.

Béid Länner hu sech nees drop gëeenegt, d’Grenzen erëm hierzestellen, wat net onbedéngt zu manner Ofneigung géinteniwwer gefouert huet. A wärend ee sech ëmmer manner leide konnt, sou ware Futtballmatcher tëscht deenen zwou Natiounen d’Bühn fir nationalistesch Leidenschaft ausliewen ze kënnen, wat schlussendlech wuel e Krich erbäigefouert huet.

Zum Sportlechen – oder och net

Nach bevir iwwerhaapt ee vun de Matcher gespillt gouf, war fir genuch Onrou gesuergt. “Fans” aus béide Länner hu sech wéinst dem Grenzsträit weider ugefeint. Den éischte Qualifikatiounsmatch war zu Tegucigalpa, Haaptstad vun Honduras. Unhänger vun Honduras sollen an der Nuecht virum Match virum Hotel vun El Salvador randaléiert hunn. Wéineg Schlof huet jo bekanntlech eng Auswierkung op déi sportlech Leeschtung.

Nodeems de Match mat 0:0 an d’Verlängerung gaangen ass, huet Honduras den 1:0 markéiert – Fans sinn op d’Barrikade gaangen an hu randaléiert. Op salvadorianescher Säit war een immens veriergert. Nom Match ass iwwer de Selbstmord vun enger Salvadorianerin bericht ginn – mam Matchausgang als Ursaach. Déi salvadorianesch Medien hunn dësen Doud ganz am Detail couvréiert an d’Begriefnis gouf op der nationaler Televisioun gewisen. Duerch dës propagandistesch an hurrapatriotesch Berichterstattung ass nach méi Antipathie géint déi honduranesch Nationalequipe, stellvertriedend fir hir Natioun, geschürt ginn.

Am Réckmatch wollt El Salvador dunn Revanche huelen. Bei der Landung um Flughafen ass déi honduranesch Selektioun och mol vun enger Rëtsch Salvadorianer “frëndlech” begréisst ginn. An deeselwechten Owend huet de General José Alberto Medrano “Fans” mat op e Stroossemarsch geholl. Och de Géigner sollt virum Match kee Schlof kréien. Méi spéit owes sinn zwou Läichen an der Strooss fonnt ginn. D’Honduraner hu sech iwwert d’Gewalt an de Stroosse beklot. Wärend där Nuecht ass déi ganz Ekipp zum eegene Schutz an hir Ambassade geflücht.

Verständlech, datt de Spiller vun Honduras d’Knéie virum Match geziddert hunn. Als weider Demütegung gouf beim Ritual virum Match net den honduranesche Fändel opgehaangen, mee eng Lomp, zu där si hier Nationalhymn gesongen hunn. Innerhalb vu véier Minutten huet El Salvador 3 Goler geschoss. “Gott sei Dank”, befënnt den Enrique Cardona, deemools Starspiller bei Honduras. Et wier ee frou, dëse Match verluer gehat ze hunn. Anerwäerts wier d’Equipe net méi lieweg Heem komm, gesteet hien.

No dëse Matcher ass d’Gewalt allerdéngs viru gaangen. Lokal Banden hu versicht, salvadorianesch Immigranten nees an hir Heemecht ze verdreiwen. Wann déi sech net domat averstane gewisen hunn, esou gouf hinne gedreet, Haus a Land nidder ze brennen. Déi salvadorianesch Säit huet uerg op dës Aktioune reagéiert an eng Zeitung huet souguer dovu geschwat, fir Honduras “op gewaltsam Aart a Weis ze ziviliséieren”. Geschate 17.000 Leit sinn nees zréck an hir Heemecht geflücht. Well d’Spannungen an d’Gewalt op béide Säiten ëmmer méi gewuess sinn, war e Krich ëmmer méi wahrscheinlech ginn.

Den decisive Match

Well déi zwee éischt Matcher a massiver Gewalt ausgebrach sinn, hunn d’Futtballfonctionnairë beschloss, de Match op neutralem Terrain spillen ze loossen, an zwar zu Mexiko. Soumat hat ee sech erhofft, d’Spannungen tëscht béide Länner e wéineg labberen ze kënnen. D’Politik awer huet scho längst d’Wichtegkeet vum Sport fir déi eegen Zwecker erkannt, a soumat stoung net méi d’Qualifikatioun am Virdergrond, mee déi national Iwwerleeënheet.

Den salvadorianesche President huet den Nationaltrainer bei sech Heem agelueden an him dovu geschwat, wéi wichteg et wier, dëse Match ze gewannen. Hie misst d’Nationalfaarwe verdeedegen, well et ëm déi national Würd goe géif. Den Drock war op béide Säiten immens grouss, well een d’Gefill hat, déi ganz Welt kuckt bei dësem entscheedende Match no.

Nodeems El Salvador mat 2:0 a Féierung gaangen ass, konnt Honduras zréckschloen. Et stoung 2:2 an eng weider Verlängerung war ze erwaarden. Wéi dunn an der 101. Minutt den 3:2 fir El Salvador gefall ass, sollt dëst wäitreechend Konsequenzen no sech zéien. Béid Regierungen hunn hir diplomatesch Relatiounen doropshin ofgebrach, déi éischt Schrëtt Richtung Krich.

Futtballkrich – oder och nach 100-Stonne-Krich

De 14. Juli 1969 huet de sougenannte Futtballkrich ugefaangen, wéi El Salvador mat dräi Loftmaschinnen an den honduranesche Loftraum agedronge ass. Ausserdeem si weider Buedemtruppe Richtung Honduras geschéckt ginn. Besser ausgerëscht wéi Honduras konnte si relativ wäit virdréngen a sou huet déi salvadorianesch Arméi Nueva Ocotepeque, eng Stad südwestlech an Honduras, besat.

Schlecht Wiederkonditiounen, feelend Munitioun an ziville Widderstand vun der honduranescher Bevëlkerung huet dozou gefouert, datt déi salvadorianesch Arméi net méi gutt viru komm ass. Honduras huet dogéint och mat hirer Loftwaff zréckgeschloen an hat virun allem mat strategesche bombardementer Energiezentralen am Viséier.

Béid Säiten haten no kuerzer Zäit awer keng Munitioun méi, an den 18. Juli 1969 huet d’OAS (Organization of American States) e Waffestëllstand ausgeruff, deen allerdéngs eréischt zwee Deeg drop offiziell a Kraaft getrueden ass.

Fir datt déi bewaffent Ausenanersetzung knapps 100 Stonne gedauert huet, sinn et vill Affer ginn. Iwwer 2.000 Mënschen hunn hiert d’Liewe gelooss, weider 6.000 goufe verwonnt. Méi wéi 100.000 Salvadorianer goufen an deem Kontext deplacéiert, wat zu Honduras e groussen Impakt op d’Wirtschaft hat.

Vill Leit hate bis zum deem Zäitpunkt nach ëmmer net de sozialen a politeschen Hannergrond vun dësem Krich verstanen, mol net d’Zaldoten. Et wier drëms gaangen, déi national Souveränitéit ze verdeedegen. Duerch den Asaz vu Propaganda, déi nationalistesch Emotiounen a Stolz ervirgeruff huet, hu béid Länner hir Bierger dovunner iwwerzeegt kritt, datt hir Souveränitéit um Spill steet an et soumat e legitimme Grond fir ze kämpfe gëtt.

Dëse Krich ass wuel net direkt duerch de Futtball ausgeléist ginn, mee en ass awer e gutt Beispill dofir, wéi Emotiounen a Gewalt vum Spillfeld an d’Stroossen iwwerschwappe kënnen – mat Hëllef vun Onwourechten, Propaganda a Feindséilegkeet.

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten El Salvador, Fussball, Futtball, Futtballkrich, Honduras
Nächsten Artikel Virrechten Artikel