Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen
International Kultur https://moien.lu/league-of-gentlemen-dating-agency/ https://moien.lu/zim-dating-zone/

red flags to look for when online dating

De leschten Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun eng zweet Ronn vum „DiscoverEU“

https://moien.lu/carbon-dating-1950/
International Kultur https://moien.lu/league-of-gentlemen-dating-agency/ https://moien.lu/zim-dating-zone/

Cassini Sond: Zäit fir Äddi ze soen

D’Stonne vun der amerikanescher Cassini Sond si gezielt. Um Freideg

Wann e bis rullt, rullt et?
International Kultur https://moien.lu/league-of-gentlemen-dating-agency/ https://moien.lu/zim-dating-zone/

Wann e bis rullt, rullt et?

Et gouf scho vill – ganz vill! – iwwert den

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider

Um 22. Januar 1909 huet de Wassily Kandinsky, zesumme mat anere Kënschtlerkollegen, déi nei Këntschlervereenegung zu München (NKM) gegrënnt. Spéider ass aus dësem Veräin d’Grupp mam Numm „Der Blaue Reiter“ entstanen. An der Welt vun der Konscht hunn d’Artisten een däitlecht Zeeche gesat an d’Kultur nohalteg verännert.

Aus engem einfachen Ausfluch ënnert Kollegen huet sech eppes Grousses entwéckelt. Am Summer 1908 huet de Kandinsky mat Kollegen op eng Rees an Däitschland gemaach. Uschléissend hunn déi russesch Frënn beschloss, geschwënn zeréck ze komme fir hei kënschtleresch aktiv ze ginn. Doropshin hu si sech den Numm „Neue Künstlervereinigung München“ ginn, dee mat senger Neutralitéit iwwerzeegt huet.

Mat der Zäit ass de Grupp gewuess a sou hunn d’Memberen sech an Uewerbayern zesumme fonnt, fir iwwert verschidde Wierker ze philosophéieren an och selwer Biller ze molen. Schnell war hinne kloer, datt et elo fäerdeg ass mat den naturgetreien Duerstellunge vun der Realitéit. An der Konscht sollt et méi ëm Gefiller an d’Séil goen, wat si probéiert hu mat Faarwen a Formen auszedrécken.

Generell war den Ufank vum 20. Joerhonnert gepräägt vu Skandaler. Als Vertrieder vun der Vereenegung stoung de Kandinsky ganz wäit un der Spëtzt vun de skandaléisen Aktiounen. Bei hirer éischter Ausstellung hu si de Publikum immens schockéiert. Kee wousst esou richteg op d’Artiste komplett eng mat der Pan hunn oder just de Geck maache fir doduerch bekannt ze ginn. Schonn eleng, datt och Fraen am Veräin duerfte sinn, war zu der Zäit onerhéiert.

Eddi Perspektiv!

D’Membere vum NKM hu sech ënnert anerem um Fauvismus orientéiert, ee Stil deen als immens frivol gegollt huet. Eng korrekt Perspektiv war elo net méi wichteg. Dofir sollten awer liichtend Faarwen a komesch Formen den Zoustand vun der Séil opgräifen a Gefiller duerstellen. D’Wierker sollte vun der Realitéit onofhängeg sinn. De Kandinsky beschreift et folgendermoossen: „Wir versuchen die innere Natur, das heisst Seelenerlebnisse in künstlerische Form zu fassen. So wäre es irrtümlich unsere Arbeiten mit dem Massstab der äusseren Schönheit zu messen.“

Och de bekannte Kënschtler Franz Marc schléisst sech der Vereenegung un a verdeedegt se no baussen. Zu dëser Zäit ass München als Stad vun der Konscht proklaméiert ginn, wouropshin de Grupp seng Chance wollt ergräifen, méi bekannt ze ginn. Bei der drëtter Ausstellung sinn beim Publikum, sou wéi och bei de Kënschtler selwer Spannungen entstanen.

Zur gläicher Zäit huet eng Jury d’Ausstellung vun der NKM bewäert an dem Kandinsky säi Wierk mam Titel „Komposition V“ zeréck gewisen. Mat der Begrënnung, et wier einfach vum Format hir ze grouss, wollten si dovun oflenken, datt hinnen de Stil an den Hannergrond ze abstrakt ass. Souwuel hien, wéi och zwee aner Kënschtler trieden nach de selwechten Dag aus dem Veräin aus an organiséieren eng Géigenausstellung, déi sämtlech Kadere sprenge sollt.

Doduerch, datt de Publique hir Konscht einfach net verstanen huet a mat hirer provokanter Aart nom Motto „elo eréischt recht!“ erliewen d’Kënschtler grousse Succès a ginn immens bekannt. Och de bekannte Komponist Arnold Schönberg, den nieft der Musek leidenschaftlech gäre moolt, huet hei seng Chance ergraff, fir mat der Faarf een direkten Afloss op d’Séil auszeléisen.

Den alen Numm vun der Vereenegung war elo net méi adäquat an esou huet de Grupp zesummen entscheet e bësse Faarf mat an d’Spill ze bréngen. Esou koum et schlussendlech zum Numm „Der blaue Reiter“, no engem Wierk vum Kandinsky selwer. Aus dem Bild, wat 1903 entstanen ass an ee reidenden Held op engem Päerd an der Landschaft weist, ass eng Almanach entstanen. Mëttlerweil ass et ee vun de wichtegste Kënschtlermanifeste vun der moderner Konscht an Europa, den eng Rei Texter a Wierker vu Kënschtler vun „Der Blaue Reiter“ opgräift. Et kann een d’Beweegung vum Kandinsky scho bal als Neigebuert vum Denke bezeechnen.

Franz Marc “Die grossen blauen Pferde” (1911)

Alles huet een Enn

De Grupp u Kënschtler hat nach immens vill geplangt. An awer huet de Krich hinnen ee Stréck duerch d’Rechnung gemaach. D’Fra vum Kandinsky, d’Gabriele Münter huet alleguerten d’Biller zesumme gehalen a sécher verstaut. Esou konnten d’Wierker virun der Zerstéierung geschützt ginn a sinn dem Stempel vun der entarteter Konscht entgaangen.

Vir säin 80. Gebuertsdag huet d’Kënschtlerin alleguerten d’Biller dem Lenbachhaus zu München geschenkt. Ronn 100 Biller vun der Grupp kann een nach ëmmer hei bewonneren.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Der blaue Reiter, Fran Marc, Konscht, Lenbachhaus, Neue Künstlervereinigung München, Wassily Kandinsky, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel