Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen

E puer Deeg virun enger Debatt an der Chamber iwwert

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vu Mëtt bis Enn August
International Kultur Neiegkeeten Stories

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vu Mëtt bis Enn August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

EU-Ausseministertreffe beweist: „wou kee Wëllen ass, gëtt et och kee Wee“
International Kultur Neiegkeeten Stories

EU-Ausseministertreffe beweist: „wou kee Wëllen ass, gëtt et och kee Wee“

Wann et den Diplomaten net un Iddie feelt, esou verhënneren

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
10 Joer Sproocheninstitut zu Lëtzebuerg © INL
What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
10 Joer Sproocheninstitut zu Lëtzebuerg © INL
What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
10 Joer Sproocheninstitut zu Lëtzebuerg © INL
What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
10 Joer Sproocheninstitut zu Lëtzebuerg © INL

Säit senger Grënnung am Joer 2009 konnt den nationale Sproocheninstitut (INL) seng Aschreiwungen ëm 80 % steigeren. Esou konnten si vun 8.500 Leit an de Joren 2008/2009 sech op 15.5000 Persoune vir 2018/2019 steigeren. An hirem ganze Bestoe sinn 121.000 Inscriptioune gezielt ginn, an och d’Zuel u Léierpersonal ass vun 83 op 127 geklommen.

Esou eng Erfollegsgeschicht muss gefeiert ginn! An dofir huet den INL säi Personal a seng Schüler op déi 3 Sitten (Glacis, Miersch a Belval) invitéiert, fir zesummen ee Stéck Gebuertsdags-Kuch ze iessen.

De fréiere Sproochenzentrum (CLL) ass viru genau 10 Joer zum INL ginn an zwar duerch de Vott vum Gesetz vum 22. Mee 2009, deen zur Kreatioun vum Institut an der Funktioun vun de Professeren an der lëtzebuergescher Sprooch bäigedroen huet. Genau doduerch huet den INL eng Administratioun dierfe ginn, déi och nach hir Missiounen ausbreeden duerft.

Natierlech ass den Enseignement an de Sproochen d’Haaptaufgab vum INL, an awer geet bei hinnen och ëm d’Evaluatioun an d’Zertifikatioun vun de sproochleche Kompetenzen, sou wéi der Entwécklung an de Lëtzebuergesch-Kenntnisser. Duerch d’Gesetz vun 2009 ass och d’Funktioun vum Professer an der lëtzebuergescher Sprooch entstanen.

INL

Déi generell Evolutioun 2009 bis 2019

Am leschte Joerzéngt konnt den INL am Ganzen 121.477 Aschreiwunge fir d’Sproochecoursen, déi sech ëmmer op ee Semester belafen, zielen. Fir seng Schüler erweist sech den Institut als Plaz vum interkulturellen Echange an Entrée zum multilinguisteschen Ëmfeld zu Lëtzebuerg.

D’Sproochen, déi am INL bäibruecht ginn, sinn: Däitsch, Englesch, Chinesesch, Spuenesch, Franséisch, Italienesch, Portugisesch a Lëtzebuergesch. De leschte Bilan weist, datt 2018/2019 ganzer 878 Klasse bestanen hunn, wou een 363 Klasse vir d’Joer 2009 entgéint setze kann. Am meeschte sinn hei Lëtzebuergesch a Franséisch vum nationalen an internationale Public gewielt ginn.

Virun 2 Joer duerf de Sproocheninstitut am Süde vum Land eng Annexe opmaachen, déi sech als drëtte Site vum INL am Grand-Duché agliddere sollt. Scho laang am viraus ass de Projet geplangt gewiescht. D’Méi war awer der Wäert: d’Gebai um Belval erlieft een immense Succès.

An de 4 aktive Semesteren um Site vun der Uni ass d’Unzuel un Inscriptioune vu 748 op 1.017 eropgaangen, wat ee Progrès vu 36% bedeit.

D’Evolutioun vun den nationalen an internationalen Zertifikatiounen

Vun allen Examen an Tester, déi den INL organiséiert, ass et de „Sproochentest Lëtzebuergesch“, deen duerch d’Zuel vu Kandidaten an seng Komplexitéit erausstécht.

Säit 2007 engagéiert sech den Institut – no der Ufro vun eiser Regierung – fir Tester ze erstellen, bei deem d’Kritären den europäeschen an internationalen Normen entspriechen, fir esou d’Kompetenze vum Verstoen a Schwätzen an der Lëtzebuerger Sprooch vun de Kandidate bewäerten ze kënnen.

Zënter Dezember 2008 haten 13.000 Kandidate mat Lëtzebuerger Nationalitéit sech vir dësen Examen ageschriwwen. An no der Aféierung vum neie Gesetz konnt een eng ganz passabel Erhéijung feststellen.

INL

Den „ Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK)

An den 90er Joren huet de fréiere Sproochenzentrum reegelméisseg Weiderbildunge fir d’Chargéen an de Lëtzebuergesch-Coursë proposéiert. D’Gesetz vum 22. Mee 2009 huet den „ Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ entstoe gelooss, deen d’Formatioun vum CLL weider stäerkt an eng legal Basis gëtt. Honnerte Leit hu scho säit der Kreatioun vum ZLSK vun dëser Formatioun profitéiert.

Den Zertifikat kann all Persoun kréien – egal op mat oder ouni lëtzebuergesch Nationalitéit – déi Lëtzebuergesch um Niveau C1 vum europäesche Kader beherrscht. Donieft geet de Pabeier un d’Léierpersonal, dat sech dofir entscheet Erwuessene Lëtzebuergesch-Couren ze ginn.

D’Evolutioun vum INL selwer

Zuelräich Aarbechtsgruppen hunn zum Erhalt vun der Qualitéit am Enseignement an der Evolutioun vum Institut bäigedroen. Si orientéiere sech – wéi scho virdru gesot – um europäesche Kader.

Am Joer 2015 si standardiséiert an harmoniséiert Curricula an alle Sproochen-Departementer vum INL agefouert ginn. Zwee Joer duerno ass den Evaluatiounssystem reforméiert ginn, woubäi et vun der summativer op eng formativ Bewäertung gaangen ass, déi op den Aarbechtspläng vun all Departement baséiert.

Mir ginn nees ee Schrack zeréck an d’Joer 2013, wou lëtzebuergesch Léierbicher mat Methoden a Referenzen opgestallt a verëffentlecht gi sinn. D’Bicher A1 an A2 „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch“ si mëttlerweil scho méi wéi 40.000 Mol verkaaft ginn.

No 3 Joer Renovatiounsaarbechten duerft den INL am Abrëll 2018 nees a säin Haaptgebai um Glacis zeréck plënneren. D’Gebai, dat elo ee kompletten Zentrum fir d’Examen säin Eegen zielt, erméiglecht et, d’Aktivitéiten an enger angenehmer Atmosphär ze steigeren. Nei Initiativen, wéi de Sproochen-Tandem, de Sprooche-Café oder och de Pilot-Projet „Blended-Learning“ droen zur Dynamik an der Freed um Léiere bäi!

Ähnlech Sujeten 10. Gebuertsdag, Belval, Glacis, INL, Institut National des Langues, Miersch, Sproochen, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel