Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tonguedislike
COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt
Neiegkeeten

COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt

Och déi lénk stellt fest, datt bei der 23. Weltklimakonferenz

D‘Kierch ass kee gudde Patron
Neiegkeeten

D‘Kierch ass kee gudde Patron

Wéi sech deen een oder aneren iwwerluecht hat Katechet ze

dislike
Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen
Neiegkeeten

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche

What the Fakt: Haut ass Dag vum Dessert!

What the Fakt: Haut ass Dag vum Dessert!

Dëse kuriéise Feierdag steet ganz am Zeeche vum léifste séissen Iesse vum Mënsch. Nieft dem Dag vum Frustjaize vergaangene Freideg kann ee soen, datt den Dag vum Dessert och als Therapie a Glécklechmaacher déngt.

An den USA gouf de 14. Oktober als nationalen Dag vum Dessert (engl. National Dessert Day) festgeluecht, an dat ganz am Sënn vun de Gourmeten an Zockerlillien ënnert eis.

D’Wuert Dessert kënnt vum franséische Verb „desservir“, wat souvill bedeit wéi „den Dësch ofdecken“. Et definéiert grondsätzlech de leschte Gang vum Menü, den aus eppes Süssspeisen, Gebäck, Glace, Uebst oder Kéis besteet.

Den Dessert ass, als leschte Gang vun engem kompletten Iessen, ee wesentlechen a feste Bestanddeel vun der Kompositioun vun engem Menü. Am Ufank vun der mënschlecher Kulturgeschicht huet de séissen Deel vum iessen nach aus Uebst an Nëss bestanen. Haut huet dat Ganzt sech, an der moderner Kiche schonn zu enger richteger Konscht entwéckelt.

Et kann een et ganz klassesch hunn, wei beispillsweis mat enger Crème Brulée, enger Schockelasmousse, Tiramisu oder engem Panesch. Wien et awer méi ausgefale well, dee ka mëttlerweil ganz extravagant Komponente mëschen. Beléift si säit enger Zäit Iessspezialitéiten mat Chilli, Peffer, Wasabi oder och Basilikum. Passend dozou fannt Dir HEI ee besonnesch speziellt Rezept fir Wasabi-Glace.

Den Trend 2018 war definitiv de Mirror Glaze Kuch. D’Rezept staamt vun der genialer russescher Zockerbäckesch Olga Noskova. Heibäi handelt et sech ëm ee Kuch oder eng Taart, den mat enger spezieller Glasur iwwerzu gëtt, sou datt et herno no engem faarwegen Dessert aus Glas ausgesäit. Fir déi aussergewéinlech Glasur braucht een gemuele Gelatine, Kristallzocker, Kuvertür, Liewensmëttelfaarf, Aprikosesirop a Kondensmëllech.

Mir denken, datt haut den idealen Dag ass fir emol net op d’Kalorien ze kucken a sech einfach säi Liiblingsdessert ze gënnen. Egal op selwer gemaach oder selwer kaaft, gitt ärer Séil eppes Guddes a genéisst et!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Dessert, Gourmet, Schneekert, What the Fakt, Zockerbäcker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel