Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader
International Kultur Neiegkeeten Stories

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut
International Kultur Neiegkeeten Stories

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut

Gutt 995.000 Persounen hunn 2016 d’Nationalitéit vun engem EU-Membersstaat ugeholl.

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen

Wéi et zu Spielberg an Éisträich ausgesäit, dat weess den

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

Et ass zwar ee kuriéise Feierdag vun eise franséischen Noperen, an awer kann ee behaapten, datt och mir dëst leckert Evenement feieren dierfen, an dat am beschte mat engem selwer gemaachte Panesch! Et ass awer net nëmmen eng kulinaresch Traditioun, mee huet och nach eng besonnesch Geschicht.

Kuckt een nämlech elo, wou de franséischen Dag vum Crêpe hierkënnt, bemierkt ee schnell de Lien zum Liichtmëssdag. D’Traditioun wëll et esou, datt een an der lénker Hand ee Stéck Gold hält a riets ee Panesch an d’Luucht gehäit, jo dëse souguer deemno wéi op ee Schaf schéisst. Kléngt komesch, ass awer esou.

Sou soll een fir Liichtmëssdag ee Stéck Gold an der Hand halen, wärend een den éischte Panesch an der Pan dréint. Land dëse richteg gedréint nees an der gewënschter Positioun, sou braucht ee sech dat ganzt Joer iwwer keng Suergen ëm d’Suen ze maachen. A verschiddene Regioune gëtt dëse Panesch ëm d’Gold geluecht, béides muss een schliisslech uewen um Schaf am Zëmmer vum Haushär placéieren. D’Iwwerreschter vum Crêpe vum Joer virdru kann een entsuergen, de wäertvollen Edelmetall soll een dann der éischter aarmer Persoun schenken, der ee begéint.

Huet een all dës Schrëtt respektéiert, sou braucht ee sech eréischt Recht keng Suergen ëm d’Geld ze maachen. Mëttlerweil ass Gold éischter seelen ze fannen, d’Gewunnecht vum Panesch-Schéissen ass awer erhale ginn. An anere Géigende steet den Eerkuch um Schaf als Zeeche fir eng gutt Recolte wärend dem neie Joer.

Panesch

Beim Fest vum Liicht kann een de Panesch, duerch seng Form a Faarf dann och als Sonn ugesinn, déi d’Donkelheet vum Wanter verdreift (an donieft nach gutt schmaacht). An dësem Sënn gi mir eis elo puer gutt Crêpes mat Schockelascrème maachen, fir den Dag esou richteg genësslech ofzeschléissen! A wann Dir och Loscht op eppes Séisses hutt, hu mir hei een einfacht Rezept fir Iech:

Wat ee braucht fir 10 Stéck:

  • 200 Gramm Miel
  • 5 Eeër
  • 50 Gramm Botter
  • 420 Milliliter Mëllech
  • eng Priis Salz
  • Fett fir ze broden

Zur Zoubereedung:

  1. Den zëmmerwaarme Botter mat den Eeër schaumeg schloen
  2. Mëllech dobäi schëdden a viru schloen
  3. Miel a Salz mat dramëschen a virsiichteg ënnerhiewen, bis datt keng Knäpp méi do sinn
  4. D’Pan op mëttel Temperatur erhëtzen
  5. Den Deeg méiglechst dënn an d’Pan ginn a schwenken, sou datt den Deeg sech gläichméisseg verdeelt
  6. Vun all säit ongeféier 1 Minutt broden
  7. Genéissen!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Frankräich, La Chandeleur, Liichtmëssdag, Panesch, Traditioun, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel