Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou
Neiegkeeten

UNO: De Mënschenhandel a Libyen hëlt zou

Laut engem Rapport vun UN-Experten, hëlt de Mënschenhandel a Libyen

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“
Neiegkeeten

Macron: „Mir musse mat villen Affer rechnen“

Den Orkan Irma, vun enger ni erlieften Intensitéit, huet op

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen
Neiegkeeten

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen

Bur am Kanton Rouspert-Mompech ass d‘Heemecht vun der international renomméierter

What the Fakt – Virun 156 Joer annoncéiert den Abraham Lincoln: d’Emanzipatiounserklärung

What the Fakt – Virun 156 Joer annoncéiert den Abraham Lincoln: d’Emanzipatiounserklärung

Den 22. September 1863 erschéngt dem 16. President vun Amerika, Abraham Lincoln, seng Emanzipatiounserklärung, déi d’Fräiheet vun de Sklaven ab dem 1. Januar 1863 festleet. Dësen Dag ass fir déi „schwaarz Bevëlkerung“ den éischte wichtegen Datum, wouduerch de Lincoln zu hirem Great Emanzipator an Father Abraham gëtt.

Wien elo denkt, dass de President mat dem Akt ee grousse Mënschefrënd war, läit falsch. An éischter Linn war et een taktescht Manöver géint de Biergerkrich. Eng vu sengen Haaptaussoen, déi dat Argument verstäerkt ass: „ Mäin gréisste Wonsch bei dëser Ausernanersetzung ass et d’Unioun ze erhalen an net d’Sklaverei ze erhalen oder ofzeschafen. Wann ech d’Unioun erhale kéint, ouni een eenzege Sklav ze befreie géif ech et maachen; a wann ech se erhale kéint, andeems ech all d’Sklave befreie géif ech et maachen; a wann ech se erhale kéint, andeems ech déi eng befreien an déi Aner net, géif ech et maachen. Wat ech an der Fro vun der Sklaverei an der faarweger Rass ënnerhuelen, maachen ech, well ech drun gleewen, datt et dozou bäidréit d’Unioun ze erhalen.“

No der Proklamatioun vun der Emanzipatiounserklärung krut de Krich een anere Charakter. D‘Südstaate-Gesellschaft misst ab elo domat rechnen, datt d’Sklaven sech an engem Opstand géint si wennen.

De Mythos vum Lincoln als Géigner vun der Sklaverei gëtt also ëmmer falsch duergestallt. Trotzdeem huet hien duerch seng Entscheedung an d’Geschicht agegraff an ee grousse Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach.

Et sollt nach eng ronn honnert Joer daueren, bis d’Wahlrecht fir all Afro-amerikanesche Bierger annoncéiert gëtt, ënnert anerem duerch Hëllef vum Martin Luther King Junior.

Quell: https://www.uni-frankfurt.de/43516952/Lincoln.pdf

Ähnlech Sujeten Abraham Lincoln, Emanzipatiounserklärung, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel