Een neie Pompjeesbau zu Menster
Um vergaangene Freideg gouf den éischte Spuedestéch fir de Bau
Um vergaangene Freideg gouf den éischte Spuedestéch fir de Bau
Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem
Ënnert dem Respekt vun den aktuelle Sécherheetsmoossname goufen d’Aktivitéiten op der Plaz esou adaptéiert, dass en ausräichende Sécherheetsofstand zu anere Leit garantéiert war. Och goufen d’Ekippen op der Plaz all Dag iwwert déi aktuell Situatioun vun deenen 2 Länner, Lëtzebuerg an d’Openthaltsland, informéiert.
D’Ekippe vun der Fondatioun si schonn ëmgaangen, déi nächst Vakanzekolonien, déi am Hierscht esou wéi am Wanter stattfanne wäerten, ze organiséieren. Fir de Persoune mat Autismus en 1 zu 1 Soutien a soumat eng individuell ugepasste Betreiung kënnen ze bidden, gräift d’FAL op d’Hëllef vu Vakanzebegleeder, déi e Benevolat bei der FAL maachen, zeréck.
Esou kritt all Persoun mat Autismus säi ganz perséinleche Begleeder, un den si sech zu all Moment riichte kann. Momentan ass d’Fondatioun nach op der Sich no 11 Leit, déi Loscht an Zäit hunn, zesumme mat de Residente vun de Wunnstrukturen eng schéin Zäit um Bostalsee an Däitschland ze verbréngen a si bei hirer Auszäit vun Doheem ze begleeden.
Dës Vakanze vu 5 Deeg fannen tëschent dem 16. November an dem 10. Dezember statt. De Mindestalter fir als Vakanzebegleeder matzegoen ass 18 Joer. Fir all weider Informatioune kënnt Dir gären e Mail un loisirs@fal.lu maachen.
Matgedeelt vun der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL)
Opmaacherbild: © Frank Rauber / bostalsee.de