Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens
International Neiegkeeten

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens

Bei der Gemengerotssëtzung zu Esch-Uelzecht war den Haaptthema d‘Schoulorganisatioun, d‘Modifikatioun

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)
International Neiegkeeten

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)

Lëtzebuerg huet sech an déi kommerziell Notzung vun de Weltraumressourcen

Wann de Sultan billt bleift d‘Karawann stoen
International Neiegkeeten

Wann de Sultan billt bleift d‘Karawann stoen

Un de Gesiichter vun den 3 Haaptfiguren: Recep Tayyip Erdogan,

Den US-President zum Fall „Alexej Nawalny“

Ouni un den Erkenntnisser vun der Bundesregierung zweiwelen ze wëllen, géif den Donald Trump awer scho gäre Beweiser gesinn

Den US-President zum Fall „Alexej Nawalny“

Am Kader vun enger Pressekonferenz huet sech den Donald Trump zum Fall vum russeschen Dissident Alexej Nawalny, dee laut senge behandelenden Dokteren an der Berliner Charité, wéi och de Spezialiste vun der däitscher Bundeswehr, mat engem Nervegëft aus der Grupp vun den Nowitschok-Kampfstoffer soll vergëft gi sinn. D‘Affer ass zur Stonn nach ëmmer am Koma.

„Ech weess net genee wat geschitt ass. Et ass tragesch, fuerchtbar. Mir hunn nach keng Beweiser gesinn, mee mir wäerten eis dat ukucken“, esou den US-President. Am Virfeld hat Berlin seng NATO-Partner iwwert d‘Erkenntnisser informéiert. Kritik un d‘Adress vu Russland gouf et keng. De Milliardär huet et virgezunn ze betounen, datt hien eng gutt Bezéiung zum Vladimir Putin huet.

NawalnyDat net ouni ze preziséieren: „Ech wier immens veriergert, wann dat de Fall ass“. Wat méiglech Konsequenze betrëfft, esou war och do den Donald Trump zeréckhalend, stellt allerdéngs fest, datt keen anere Staatschef esou haart géint Russland virgeet wéi hien. Den Ament awer wëllen sech d‘USA och net mat de Russen uleeën, wëll si matten an de Verhandlungen zu Kontroll vun den Atomwaffe stiechen. „Dat ass déi wichtegst Saach“, esou de Locataire vum Wäissen Haus.

Eng Verletzung vun internationalem Recht

Moskau bestreit naturgeméiss eppes mat der Vergëftung vum 44 järegen Dissident ze dinn ze hunn. Op EU-Niveau gëtt mëttlerweil iwwer eventuell Sanktioune géint Russland beroden. Och bei der NATO ass d‘Kausa „Nawalny“ op héchstem Niveau ugeschwat ginn. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet eng onofhängeg Enquête gefuerdert an den Ugrëff schaarf veruerteelt.

Nawalny„Déi 30 Membere vum Militärbündnis hunn dëse schreckleche Mordversuch op dat schäerfst veruerteelt. (…) Den Asaz vu chemesche Kampfstoffer ass ee verstouss géint internationaalt Recht an erfuerdert eng international Äntwert, Déi Verantwortlech mussen zur Verantwortung gezu a viru Geriicht gestallt ginn“, esou de Jens Stoltenberg no enger Sonnersëtzung vum NATO-Gremium.

NawalnySäitens der NATO heescht et weider, datt Russland elo säin Nowitschok-Programm géintiwwer der Organisatioun zum Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW) misst vollstänneg virleeën. Bei der NATO wëll een zur Stonn allerdéngs och net iwwer Sanktioune géint Moskau nodenken. Datt dierft der Haltung vu Washington an dem eegenen Interessi un de Verhandlungen zur Kontroll vun den Atomwaffe geschëlt sinn. Et géif awer weider Consultatioune mat aneren Organisatioune ginn.

mat indymedia/was/bru/ber

Illustratioun: © Iza Gawrych / unsplash

Ähnlech Sujeten Alexej Nawalny, Angela Merkel, Berlin, Charité, Chemsch Kampfstoffer, Donald Trump, Kreml, Nervegëft, Nowitschok, OPWC, Russland, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel