Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim
https://moien.lu/models-dating-rock-stars/

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim

Um Donneschdegmueren, huet de südkoreaneschen Etat-Major militäresch Aktivitéiten aus dem

dating in the workplace laws florida
https://moien.lu/models-dating-rock-stars/

Editorial: Den „Donneschdeg“ ass am Alter vu 22 Joer verstuerwen

Si war dem „Fonkekätt“ – wéi de Feierkrop d‘Prinzessin vun

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch
https://moien.lu/models-dating-rock-stars/

International Autosausstellung zu Frankfurt kritt (on)erwaarte Besuch

Am Kontext vun der Mobilitéitswoch an dem Hype ronderëm Klimawandel

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen

Fall Assange: Pressefräiheet erhalen a Whistleblower schützen

Déi lescht Woch ass bekannt ginn, datt déi ecuadorianesch Regierung de politeschen Asyl fir de Julian Assange opgehuewen huet. Den Assange, Grënner vun der Enthüllungsplattform WikiLeaks, hat seng Demande fir Asyl 2012 agereecht an déi lescht 7 Joer an der ecuadorianescher Ambassade zu London verbruecht, well hien huet misse fäerten „indirekt“ un d‘USA ausgeliwwert ze ginn.

Nodeems WikiLeaks d‘Enthüllunge vun der Whistleblowerin Chelsea Manning, betreffend schwéier Mënscherechtsverletzunge vun der US-Arméi verëffentlecht hat, huet de Julian Assange sech missen drop astellen, datt hie wéinst „Spionage“ kéint zum Dout veruerteelt ginn.

Elo no senger Festnam duerch déi britesch Police dreet him tatsächlech d‘Ausliwwerung un d‘USA, allerdéngs ënnert der Viraussetzung, datt eng Veruerteelung zum Dout keng Optioun ass. Et ass och esou, datt d‘US-Justiz him „offiziell“ e geréngert Vergoe virwërft, fir déi eng Héchststrof vu 5 Joer kann ausgeschwat ginn. Mee et ass méiglech datt d‘Uklo erweidert gëtt, wat d‘Strofmooss erhéicht.

D‘Chelsea Manning huet selwer jorelaang ënnert schwéieren Haftbedéngunge gelidden, iert si begnodegt ginn ass. Et soll am Fall Assange en Exempel Statuéiert ginn, fir Journalisten a Medien anzeschüchteren. Aus dësem Grond fuerdert déi lénk, datt:

  • den Assange op kee Fall un d‘US-Justiz ausgeliwwert dierf ginn. Eng Veruerteelung wéinst der Publikatioun vun Informatiounen dierf net ënnerstëtzt ginn. D‘Pressefräiheet muss garantéiert an als héchst Gutt vun der Demokratie erhale bleiwen;
  • all rechtsstaatlech Prinzipien agehale ginn an den Assange am Fall vu méiglechen, aneren, strofrechtleche Suitte bannent der EU eng Fair Behandlung ouni Ausliwwerung un d‘USA garantéiert gëtt.

Weiderhin erënneren déi lénk dorunner, datt:

  • mir e staarke rechtlecher Kader fuerderen, dee Whistleblower a Journaliste wierksam schützt an hinne bei dreeënder Verfolgung an eenzele Länner en Openthaltsrecht séchert. Amplaz dovunner, war dem Edward Snowden 2014 politescht Asyl a ville Länner verwiert ginn, obwuel hien dës Länner virun der flächendeckender Spionage duerch amerikanesch Geheimdéngschter gewarnt hat:
  • d‘Enthüllunge vun der Whistleblowerin Chelsea Manning, fir där hir Verëffentlechungen de Julian Assange elo soll bestrooft ginn, schwéier Mënscherechtsverletzungen, Verstéiss géint d‘Krichsrecht a folter säitens den USA an d‘Ëffentlechkeet bruecht hunn. Et kann net sinn, datt eng Enthüllung vu Verbrieche bestrooft gëtt, nëmme well dës duerch staatlech Geheimhaltung geschützt sinn!

Matgedeelt vun déi lenk, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Arek Socha /Pixabay

Ähnlech Sujeten Chelsea Manning, déi lénk, Julian Assange, Pressefräiheet, Whistleblower
Nächsten Artikel Virrechten Artikel