Search

You may also like

money
D‘Regierung mécht wat méiglech ass
Kultur Neiegkeeten

D‘Regierung mécht wat méiglech ass

E Freideg huet d‘Regierung nei Hëllefsmoossnamen annoncéiert, an dës Nouvelle

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung
Kultur Neiegkeeten

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung

Datt den Donald Trump seng Mauer un der Grenz zu

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?
Kultur Neiegkeeten

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?

Säit enger gefillten Éiwegkeet gëtt am Land gefuerdert, datt et

Wann d’Aarbecht Friichten dréit: Fallen Lies presentéieren „Confusion“

Wann d’Aarbecht Friichten dréit: Fallen Lies presentéieren „Confusion“

D’Power-Rock-Band Fallen Lies ass nees zeréck! A bei dëser Geleeënheet bréngen d’Museker direkt hiren éischten Album „Confusion“ mat, deen de 24. Januar 2020 um Rockhal Floor um Belval virgestallt gëtt. Zur Astëmmung hu si d’Kollege vu Stelise mat dobäi, déi virun allem fir hire melancholesche Rock bekannt sinn.

Wéi vill Erfollegsgeschichte fänkt och dës mat e puer Frënn un, déi sech reegelméisseg zesumme fonnt an zesumme Musek gemaach hunn. Fir genau ze sinn war et d’Joer 2012, an deem déi véier Rocker schnell erkannt hunn, datt nach ee gudde Sänger, ob Mann oder Fra, gebraucht ginn. D’Sich no enger gëeegenter an talentéierter Persoun huet ee Strapp méi laang gedauert. An dëser ganzer Zäit hu si awer ni opgehalen eege Lidder ze komponéieren.

Knapp 2 Joer no der Grënnung huet dunn d’Lynn d’Feier an der Band entfacht. Den endgültege Line-Up stoung endlech fest. Ab dësem Ament konnt de Grupp a verschiddene Bars an op klenge Festivallen optrieden an esou ee Gefill fir d’Bühn, d’Beweegungen an de Stil ze kréien.

Am Joer 2017 koumen zwou wichteg Etappen op Fallen Lies duer: D’Museker hunn den éischte Festival mam Numm „Wintermeltdown“ an dräi lokale, sou wéi internationale Band organiséiert. Donieft konnte si beim „Rock the South“ zu Péiteng den éischte Präis fir sech gewannen.

Duerch dësen immense Succès ass et eréischt méiglech ginn den Album „Confusion“ ze produzéieren an esou den éischten Disk ze verwierklechen. D’Opname sinn dobäi zum Deel mam Charles Stoltz am Rockhal Studio um Belval, awer och am Holtz Sound Studio zu Tënten entstanen. Ze fanne sinn um Albun ënnert anerem éischt Stécker aus der Zäit vun der Grënnung mat däitlechen Aflëss vu Metallica oder Alter Bridge, ouni natierlech déi legendär Gittars-Soli vum Slash ze vergiessen.

Mam 24. Januar 2020 kann ee sech elo schonn een éischten Highlight zum neie Joer notéieren! D’Entrée kascht am Virverkaf an un der Oweskeess 7 €, fir 15 € kritt een d’Entrée mat der LP (just am Virverkaf). Den Album eleng gehéiert fir 10 € Iech.

Interesséiert un der Musek an um Virverkaf? Da mellt Iech direkt bei der Band oder schreift eng E-Mail ënnert fallenliesband@gmail.com.

Related topics Album, Band, Confusion, Fallen Lies, Musék, Rock, Rock the South, Rockhal, Stelise
Next post Previous post