Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SIGI: Beschëllegungen si Ligen
Neiegkeeten

SIGI: Beschëllegungen si Ligen

Den interkommunale Syndikat fir d’Gestioun vun der Informatik (SIGI) reagéiert

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!
Neiegkeeten

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!

Dat wichtegst europäescht Waasserschutzinstrument, déi sougenannt Waasserschutzrichtlinn, ass a Gefor.

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch
Neiegkeeten

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken

Am Kader vum Dag vun der Diversitéit (15. Mee) organiséieren d‘Stad Lëtzebuerg an de Familljen-Center en Atelier an e Ronndëschgespréich zur Villfältegkeet vun de Familljen. Sënn an Zweck vun „Mir si Famill“ (We are Family) ass et dem grousse Public verständlech ze maachen, datt et haut vill ënnerschiddlech Forme vum „Zesummeliewen“ gëtt.

Dat klassescht Familljebild ass wuel nach net ganz verblatzt, mee eng Zukunft huet et och net méi. Haut ass Famill: Elengerzéiend, Gläichgeschlechtlech a Patchwork. Wann et hei Problemer gëtt si se meeschtens sozialer Natur, an och déi latent Intoleranz vun enger Gesellschaft am Wandel, dréit net wierklech zur Verbesserung vun der sozialer Kohäsioun bäi. Et muss also opgekläert ginn.

Opklärung brauch et och oder virun allem bei den Themen: Sexualitéit, Interkulturalitéit, Handicap a Migratioun. An esou schéngt een elo iwwerzeegt, datt wann een Elteren, Veräinsvertrieder an Psychologe begéint, sech mat hinnen austauscht, een e Liicht an dat brénge kann, wat déi Mënsche beweegt, beonrouegt an och verbënnt. A wéi gesäit dat elo um Terrain aus?

Elteren aus ënnerschiddleche „Liewensformen“ deelen hir Erfahrungen a klenge Gespréichsronnen, dank dem Atelier „lieweg Librairie“ (Living Library) a sollten hei op déi sech hinnen entgéint gestallten Erausfuerderungen a Viruerteeler agoen. Et besteet an dësem Kader och d‘Méiglechkeet Froen ze stellen a sech aktiv um Gespréich ze bedeelegen. (15. Mee 14.30 bis 17.30 Auer)

Wat dir schonn ëmmer wësse wollt…

Ganz interessant héiert sech d‘Aluedung vum Ronndëschgespréich (15. Mee 19 bis 21 Auer) un, wou den Thema: „Wat dir schonn ëmmer iwwert verschidde Famillje wësse wollt, iech awer ni getraut hutt ze froen“ (Am original op Franséisch am Text). Bei dësem Event si Vertrieder vu Familljen aller Himmelsrichtunge present déi e Bléck op déi „net-traditionell“ Famillje werfen.

Hei soll sech dann och ausgetosch ginn. Famillje beriichte vun hiren Erfarungen, wéi engen Erausfuerderungen si sech ze stellen hunn, a wat si sech fir d‘Zukunft wënschen. Béid Events fanne statt a Lëtzebuerger an däitscher Sprooch (eng simultan Iwwersetzung an dat franséischt ass virgesinn), Matmaachen ass gratis mee et muss e sech bis den 3. Mee ageschriwwen hunn.

Am kader vum „Nationalen Dag vun der Diversitéit“, presentéiert d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg de Film „Antonia‘s Line“ (18. Mee 19 Auer). An dësem film gëtt d‘Geschicht vum Antonia a senger Famill opgerullt. Eng wéi an der Erklärung heescht: „atypesch Famill fir seng Zäit“. Eng interessant Produktioun déi 1996 den Oscar fir de beschten auslännesche Film krut.

Méi detailléiert Informatioune gëtt et ënnert www.cinematheque.lu, fir sech unzemellen gëllt folgend e-Mail Adress: egalite@vdl.lu

Bild: Dat klassescht Familljebild verblatzt, d‘Gesellschaft geet nei Weeër an et muss ee sech dann och emol domatter ausenanersetzen. (WikimediaImages/Pixabay)

Ähnlech Sujeten Familljen, Familljen-Zenter, Nationalen Dag vun der Diversitéit, Stad Lëtzebuerg, Villfältegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel