Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid
International Neiegkeeten

USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid

Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun

De patrioteschste vun alle Feierdeeg
International Neiegkeeten

De patrioteschste vun alle Feierdeeg

Et ass sécherlech net verkéiert um nationale Feierdag eppes den

geek
Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen
International Neiegkeeten

Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen

D’Lescht Joer hat Mozilla säin neie Browser Firefox Focus fir

US-President ass grousse Fan vum Sultan

Trotz ville Sträitpunkte war den Donald Trump voll des Luefs fir de Recep Tayyip Erdogan

US-President ass grousse Fan vum Sultan

„Ech sinn ee grousse Fan vum President“ esou den Donald Trump gëschter bei der de gemeinsamer Pressekonferenz mam Recep Tayyip Erdogan a leet no: „Mir hunn eng groussaarteg Bezéiung“. An dës Ausso stäipt sech esouwuel op dat perséinlecht Verhältnis wéi och fir den Ëmgang ënnert den Natiounen. Eng nawell irritéierend Virstellung ugesiichts de Problemer déi et gëtt:

Vun enger „groussaarteger Bezéiung“ wéi se den US-President versicht duerzestelle ka leider net, zumindest „diplomatesch realistesch“betruecht, net emol am Usaz Rieds goen. Dat huet och seng Ursaachen an déi léien tatsächlech an der Tierkei:

Do wier engersäits d‘Affär vum islamesche Priedeger Fethullah Gülen, deen de Sultan vun Ankara gären ausgeliwwert hätt. Dee géif hannert dem versichte Putsch stoen a wier en Terrorist. Mee och déi tierkesch Invasioun vu Syrien huet fir ierger gesuergt. Guer net erfreet war an ass Washington iwwert de Fait, datt Ankara sech net fir den US-Rakéitenofwiersystem „Patriot“, mee fir déi eppes méi gënschteg russesch Variant „S-400“. A „last not least“ huet Washington elo de Genozid un den Armenier unerkannt, wat bekanntlech fir de Recep Tayyip Erdogan „déi“ rout Linn duerstellt.

Virum Wäissen Haus

De „Besuch“ vum Sultan huet net nëmme Begeeschterung ausgeléist a virum Wäissen Haus huet ee Grupp géint de Recep Tayyip Erdogan, säin Ugrëffskrich an déi geplangten ethnesch Säuberung vun der sougenannter „Sécherheetszon“ am Norde vu Syrien demonstréiert. D‘Invasioun hat Ankara den 9. Oktober lancéiert mam eenzegen Zil d‘Kurdemiliz YPG – déi als Terroriste verkläert ginn – aus der Regioun ze verdreiwen. Méiglech gemaach hat dat den Donald Trump héchst perséinlech…

SultanE Mëttwoch awer huet den Donald Trump nees gemengt, seng Relatioune mat de Kurde wier awer „gutt“ an d‘Wafferou an der Regioun géif agehalen. Dat stëmmt esou leider net ganz, mee den US-President huet vill Versteesdemech fir der Tierkei hir Suergen. De Milliardär huet dann och dem tierkesche President fir säin Engagement a seng Humanitéit am nordsyresche Kontext Merci gesot.

Am Wäissen Haus

Wéi eng Strategie den Donald Trump mat senge „verséinlechen Téin“ verfollegt ass nach net kloer, mee bei der Entrevue am Oval Office huet den US-President op d‘Handelsbezéiungen tëscht den USA an der Tierkei higewisen. Do géif et vill Potential an et misst een d‘Handelsbezéiungen elo op en neien Niveau bréngen. Et geet also net ëm Sand an e Grapp voll Kurden, mee ëm Business…

An de Milliardär war sech och net ze schued fir ze soen: „De President an ech mir si ganz gutt Frënn. Mir sinn zanter laangem befrënnt, bal säit dem éischten Dag“. Dat ass glat gelunn, mee fir den Donald Trump dee sech en zweet Mandat als dommste President an der US-Geschicht gënne wëll, eng vu senge liichtsten Aufgaben. Hien ass esouguer iwwerzeegt, datt ee sech betreffend de Rakéitenofwiersystemer nach géif eens ginn. Ankara wäert awer kaum seng S-400 zréckschécken.

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Fethullah Gülen, Kurdemiliz YPG, Recep Tayyip Erdogan, S400, Syrien, Tierkei, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel