Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rock the South 2018 – Newcomer ganz grouss!
Neiegkeeten

Rock the South 2018 – Newcomer ganz grouss!

Säit der éischter Editioun vum Rock the South-Newcomer Band Contest

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch
Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch

Zesumme mam Verdeedegungsminister François Bausch an dem Generol Alain Duschène

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt
Neiegkeeten

What the Fakt – UNICEF gëtt gegrënnt

Et ass hiert wichtegst Ziel de Kanner an Nout z

Europäesch Fändelen op Hallefmast

Europäesch Fändelen op Hallefmast

D‘Piraten, eng Partei déi kloer pro-europäesch opgestallt ass an déi transnational Kooperatioun tëscht de Länner, a ganz besonnesch an der Groussregioun fërdert, denoncéiert de Beholl vun de Partnerlänner, déi an de Grenzschléissungen eng Schutzmoossnam fir d‘Verbreedung vum Coronavirus Covid19 gesinn hunn. Dat huet zu Reaktioune gefouert, déi héchst bedenklech sinn.

Si hunn aus de Medie matkritt, datt eng rei Gemengen zu Lëtzebuerg den Europa-Fändel op Hallefmast gehaangen hunn fir géint dës Moossnamen ze protestéieren. Eng, wéi aus hirem Communiqué ervirgeet, bedenklech Aktioun. Si kéint, esou d‘Piraten, derzou féieren, datt déi bestoend Skepsis géintiwwer dem Projet Europa nach eppes weider verschäerft kéint ginn.

An dëse schwierege wéi och schwéieren Zäiten – déi längst nach net eriwwer sinn an eis och sécherlech nach eng Rei Jore wäerten den Alldag net erliichteren – kéinten esou Aktiounen zu Mëssverständnesser féieren. Fir d‘Pirate wier et wesentlech méi wichteg gewiescht, statt den europäesche Fändel op Hallefmast ze hänken, eng däitlech pro-europäesch Haltung ze weisen.

Si verweisen an dësem Kontext op de Fait, datt et net Europa a seng Institutioune waren, déi eng Grenzschléissung initiéiert hunn. Dës Decisioune goufen op nationalem Plang getraff, an d‘EU-Kommissioun huet dës Entscheedungen entspriechend kritiséiert, mee huet leider keng Kompetenz de Länner esou eng Moossnam ze verbidden. Esouwäit d‘Fakten och wa se net schéi sinn.

Wann een duerchaus dierf dovunner ausgoen, datt keng vun den dräizéng Gemengen an deenen den europäesche Fändel op Hallefmast gehaange ginn ass, den europäesche Projet u sech a Fro stellt, esou wier déi „Message“ déi deem unhänglech ass, gewot zweedeiteg. De Lëtzebuerger Fändel an dësem Kontext an de Virdergrond ze stellen, kéint falsch verstane ginn an d‘Skepsis verstäerken.

Och an eisem Land huet et vill sougenannt Euroskeptiker an nach bis virun der Kris, war den Zousproch fir déi europäesch Unioun iwwerduerchschnëttlech héich. Eppes woumatter ee sech sollt bretzen dierfen, firwat d‘Piraten et virgezunn hätten, datt grad an esou schwéieren Zäiten, eist Land seng europäesch DNA hätt missen däitlech affirméieren. Dat geet aus dëser Aktioun net ervir.

Aus dësem Grond fuerderen d‘Pirate genee elo den europäesche Gedanken héich ze halen, an all déi Ligen ze strofen, déi duerch hiert nationalistescht Gewurschtels Europa an Diskredit bréngen. Grad elo sollt een, statt de Fändel op Hallefmast ze hänken, den Europafändel an alle Fënsteren, op all Balcon a wou och ëmmer gutt siichtbar a méiglechst héich ophänken. Dat wier déi richteg Message.

Foto: Wéi hei an der Gemeng Schengen, hunn insgesamt 13 Gemengen den europäesche Fändel op Hallefmast gehaangen. © Gemeng Schengen

Ähnlech Sujeten Europa, Euroskeptiker, Fändelen op Hallefmast, Grenzkontrollen, Grenzschléissung, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel