Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz
https://moien.lu/omarosa-dating-reality-show/

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz

No der Nordea Bank kënnt elo mat Clearstream de gréisste

entj dating estj
https://moien.lu/omarosa-dating-reality-show/

philippe parent speed dating

Homeopathie ass räichlech ëmstridden. Mee wat bréngt et wierklech? D’Äntwert

Brexit: Britesch Deputéiert gënnen der Premierministesch eng Paus
https://moien.lu/omarosa-dating-reality-show/

Brexit: Britesch Deputéiert gënnen der Premierministesch eng Paus

No laanger Zäit gëtt et fir déi britesch Premierministesch, Theresa

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz

Esou an net anescht misst de Finanzminister Pierre Gramegna et den Hären zu Bréissel soen. Mee dee schéngt, esou den ADR, scho mat Aussicht op de Poste vum „Mister Euro“ bereet ze sinn nach e weidert Stéck Souveränitéit ze afferen.

Dat Lëtzebuerg als gréisste Fongeplaz an Europa Begierlechkeete schaaft, ass verständlecherweis deem engen oder aneren en Dar am A. Wat elo allerdéngs hei u Mesuren op den Dësch geluecht gëtt, do geet dem Roy Reding da genau esou verständlecher Weis de Hutt héich.

Et ass dann och net nëmmen d‘Aart a Weis vu Bréissel, mee d‘Onfäegkeet vun der eegener Regierung déi engem hei d‘Dronkenellen ausgoen dinn. An engem „Projet de Reglement“ – dat ass eng Prozedur wou d‘Länner net gefrot ginn – ass virgesinn, datt Fongen déi wuel hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, den „operationellen“ Deel awer net an der EU duerchféieren, net méi der Kommissioun zur Iwwerwaachung vum Finanzsecteur (CSSF) ënnerstallt sinn.

Wien also seng „Geschäfter“ ausserhalb der EU mécht oder delegéiert, soll zukünfteg vun der ESMA (European Securities and Markets Authority) zu Paräis zougelooss a kontrolléiert ginn. Anescht ausgedréckt: deemnächst gëtt zu Paräis entscheet wien zu Lëtzebuerg wéi eng Finanzgeschäfter wou a mat wiem däerf maachen.

E kloren Agrëff an d‘Souveränitéit vu Lëtzebuerg

De Roy Reding bemierkt dann och richteg, datt esou en Agrëff an d‘Souveränitéit vum Land fir Finanzplaz eng eenzeg Katastroph ass. Lëtzebuerg genéisst eng gutt Renommée a leescht sech aus guddem Grond och eng Institutioun „Luxembourg for Finance“.

Där hiren Direkter Nicolas Mackel ass grad gutt derbäi, d‘Finanzinstituter zu London dovunner ze iwwerzeegen, datt se bei eis gutt opgehuewe wieren. Zudeem wieren dat nach emol ronn 3.000 Aarbechtsplazen am Finanzsecteur, déi jo och dem „qualitative“ Wuesstem, wéi ee stänneg gefuerdert gëtt, gutt zu Gesiicht géif stoen.

Leider behaapt awer de Pierre Gramegna, dee sech erhofft de neie Chef vun der Eurogrupp ze ginn, Lëtzebuerg wier net mat Zäiten informéiert ginn. Dat kann esou net stëmmen, well d‘ESMA hat scho laang am viraus en Avis ofginn, an och eng ëffentlech Consultatioun war ofgehale ginn. Hei haten dann och aner Länner an Organismen drop reagéiert.

Am Finanzministère huet een dat verschlof oder net matkritt, a setzt mat enger onmoosseger Evidenz vun Onfäegkeet bis zu 13.000 direkt Aarbechtsplazen op d‘Spill. Den ADR huet dann och kee Versteesdemech fir e Minister, deen nieft Aarbechtsplazen, och Staatsrecetten a héicht vun 1 Milliard Euro mat sengem verhale schlicht an ergräifend torpedéiert.

Wann d‘EZB doriwwer entscheet wien e Kredit zegutt huet

Wéi et am Liewen esou ass, kënnt eng schlecht Nouvelle seelen eleng dohier. Well mir e Finanzminister hunn deen et virzitt engem Hond – dee Geld erschnoffele kann – eng Schank ze schenken, statt der europäescher Zentralbank (EZB) d‘Zänn ze weisen, kréie mir elo erkläert wéi mer dat mat der Handhabung vun der Kreditvergab ze behandelen hunn.

Dobäi muss een dierfen drop hiweisen, datt déi Lëtzebuerger CSSF schonn zimlech streng Reegele festgeluecht huet. Mat de Virschrëfte vun der EZB, esou déi berechtegt Angscht vum Roy Reding, ass et geschwënn kaum nach méiglech e Kredit fir eng Wunneng oder Haus ze kréien. E Mënsch dee Vollzäit schafft an eng „sécher“ Pai huet wäert dann, well d‘EZB dat esou entscheet an net dem Salarié seng Bank, wuel keen Immobilie-Prêt méi erhalen.

Dat ass dann awer ëmsou méi Bosseg, wou een vum selwechte Salarié erwaart, datt dee méi Loyer bezilt, wéi en op e Kredit misst zréckbezuelen. An hei muss een sech dann dierfe wonneren, well de Problem „Logement“ ass jo awer genee dat wat Parteiiwwergräifend scho bei de Gemengewahlen am Mëttelpunkt stoung, a bei de Parlamentswahle wäert stoen.

Foto: (v.l.n.r.) Fernand Kartheiser, Roy Reding, Gaston Gibéryen. Beim ADR geet ee vun enger „Geféierlecher Entwécklung op der Finanzplaz“ aus. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, CSSF, ESMA, EZB, Finanzplaz, Pierre Gramegna, Roy Reding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel