Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist
https://moien.lu/models-dating-rock-stars/ russian dating manchester

hook up ipad to cell phone

Et war an der Nuecht vun e Freideg op Samschdeg,

https://moien.lu/games-like-alter-ego-and-the-hook-up/
https://moien.lu/models-dating-rock-stars/ russian dating manchester

E Wéckeldësch op allen ëffentlechen Toiletten? Déi Iddi ass net vu schlechten Elteren!

Virun e puer Méint hunn ech eng Story fir moien.lu

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden
https://moien.lu/models-dating-rock-stars/ russian dating manchester

Mënscherechtskommissioun mat der Äntwert vum Minister onzefridden

No der Verëffentlechung vum Rapport, an deem d‘Opnamekonditioune vun den

money

Fantastesch Entwécklung am Logement

Fir déi grouss Proprietaire gëtt vill gutt Grënn de Schampes kal ze stellen

Fantastesch Entwécklung am Logement

Gëschter huet de Statec sech zur Lag vun der Präisentwécklung am Logement ausgelooss, an alles wat engem dozou afält ass „Boah nee gell!“. No Präissteigerunge vun 6% am Joer 2016, nach emol +5,6% fir 2017 an de +7,1% am Joer 2018, sti mir 2019 bei engem „Wäert“ vu +11,4%. Glécklech ass wien „Maueren“ huet…

Laut den plakegen Zuelen déi de Statec a sengem Rapport oplëscht, sinn d‘Präisser am Logement (ob Appartement oder Haus) géintiwwer dem 2. Trimester 2018 ëm 11,4% geklommen. Dat ass, et dierf ee soen, eng zimlech gutt Nouvelle fir déi grouss Proprietairen an d‘Investisseuren, déi hiert Geld „sécher“ an engem zukunftsträchtege Secteur ugeluecht hunn. Besëtz lount sech eben…

Wat elo den Detail betrëfft, esou sinn d‘Präisser vun den Appartementer: nei +11,5%, al +10,7%; eeler Haiser +11,8% zolidd an d‘Luucht gaangen. Déi deierst Plaze sinn: Stad Lëtzebuerg mat den ëmleiende Gemengen, wou de Quadratmeter sech mat ronn 7.000 Euro negociéiert. Am beschten ewech kënnt een am Norde vum Land, wou de Quadratmeter ëm déi 4.000 Euro negociéiert gëtt.

Bei esou Präisser kann sech kaum nach eng Famill déi en „normaalt“ Liewen huet, esouguer da wann se gutt Geld verdéngen, kee Logement méi kafen. Dat erkläert firwat 72% vun de Logementer gelount ginn, an och hei klammen, well et schlicht net genuch Wunnenge gëtt, d‘Präisser och ganz uerdentlech, wat nees de Proprietairen entgéint kënnt. Also vun enger Kris gesinn déi näischt.

Hues de kee Goss… da kaf der en Zelt

Fir all déi Leit, a besonnesch jonk Familljen, déi – esouguer wa se zu zwee beim Staat oder enger Gemeng schaffen – heescht sech am Ausland ëmkucken, wann een an den eegene véier Wänn wëll wunnen. Fir déi wou sech mam Mindestloun mussen duerchschloen, ass u kafen net emol ze denken a loune goe gëtt och zur Erausfuerderung. An dat huet natierlech wirtschaftlech Konsequenzen.

Wann ee méi wéi d‘Hallschent vum Akommes muss ausgi fir ze wunnen, muss op anere Plazen ebe gespuert ginn. De Restaurant gëtt zum äusserste Luxus, sech um kulturelle Liewe bedeelegen ass eigentlech nëmme beschränkt méiglech an och soss Acquisitiounen, wéi Wäschmaschinn oder e Kannerzëmmer musse laang am Viraus geplangt ginn, wann ee minimal Qualitéitsuspréch huet.

Gutt datt si an der Chamber, déi haut hir „politesch Rentrée“ feiert, parteiiwwergräifend de Sujet Logement als Prioritéit erkannt hunn an elo zäitno an dësem Dossier neel mat Käpp maache wëllen. Zudeem bléist mam neie Logementsminister, Henri Kox (déi gréng) elo en neie Wand an der Regierung. Hie wäert fir nei Wunnengen, déi natierlech klimaneutral sinn, Suerg droen.

Ähnlech Sujeten Logement, Logements Pakt, Statec, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel