Search

You may also like

ACL: Eng flexibel Vakanz waart op Iech!
International Neiegkeeten

ACL: Eng flexibel Vakanz waart op Iech!

Ab elo bitt de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) säin neie Service

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen
International Neiegkeeten

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen

D‘Transitioun zu enger grénger Wirtschaft ass esou dréngend wéi nach

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ
International Neiegkeeten

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ

Datt d‘CSV an der Minettemetropol wuel net als stäerkste Partei

Faschistesch Interferenzen am Bundestag

Beim Debat zur Reform vun Infektiounsschutzgesetz hat et „Tëschefäll“ ginn

Faschistesch Interferenzen am Bundestag

Um Donneschdeg huet sech de „Conseil vun den Eeleren“ vum däitsche Parlament op eng Prüfung vu rechtleche Konsequenze géint eenzel Deputéiert vun der Alternativ fir Däitschland (AfD) verstännegt kritt. E Virgank deen éischter seelen ass, a sech op de wierklech schlechte Beholl vun de „Gäscht“ op der Tribün zeréckzeféieren ass.

E Mëttwoch, wärend am Bundestag den Debat zum Infektiounsschutzgesetz ofgehale gouf, war et an de Couloire vum Räichsdagsgebai zur Konfrontatioun tëscht Visiteuren an Deputéierte komm. Volleksvertrieder goufe bedrängt, belästegt, beleidegt a gefilmt. Zu den „Affer“ zielt een ënnert anerem de Wirtschaftsminister Peter Altmaier (CDU) oder den FDP-Deputéierte Konstantin Kuhle.

Aus engem Rapport vun der Bundespolizei ass ze enthuelen, datt et sech bei de véier Randaléierer ëm Gäscht gehandelt huet, déi vun den AfD-Deputéierte Petr Bystron, Udo Hemmelgarn an Hansjörg Müller ageluede goufen. Zil vun der AfD-Aktioun war et d‘Reform vum Gesetz, wann et schonn net méiglech war et ze verhënneren, dann zumindest massiv ze stéieren. Dat ass gelongen.

Bundestag

D‘AfD huet d‘Infektiounsschutzgesetz als „Ermächtegungsgesetz“ verkläert an domadder dem Ermächtegungsgesetz vun den Nationalsozialisten (23. Mäerz1933) gläich gesat. Dat ass net nëmmen eng Verharmlosung vum Faschismus, dat ass eng kloer Beleidegung vu sengen Affer. Eng gewollte Provokatioun déi de ganzen ideologesche Spektrum vun der AfD zur Schau stellt.

Mat engem „Pardon“ ass et net gedoen

Et ass sécher richteg, datt den AfD-Fraktiounspresident Alexander Gauland beméit war, de Beholl vun de „Gäscht“ kritesch ze begleeden. Hien huet gemengt, datt sech „esou ee Verhalen net géif gehéieren“. Als Chef vun der Fraktioun géif hie sech dofir entschëllegen, mee d‘Visiteuren hätten d‘Sécherheetskontrollen duerchlaf an et hätt net mat esou enger Aktioun kënne rechnen…

„Dir hutt d‘Dier zur Demokratie opgestouss, dir sollt iech eppes Schummen“, esou den Nazi op der Tribün vum Bundestag.

Zum Optakt vun der Sëtzung um Freideg, wou dës Tëschefäll debattéiert goufen, huet d‘Fraktioun vun de Schwësterparteie CDU/CSU dat grousst Gedecks erausgeholl. Déi Konservativ, wou sech an der EPP net ze schued sinn, mat der faschistescher Fidesz an där hirem Führer Viktor Orban ee Bett ze deelen, hunn déi net manner faschistesch AfD-Fraktioun verbal schaarf ugegraff.

Déi dem Populismus net ganz ofgeneigt „Unioun“ (wat sech unhand dem rietskonservative Fligel, der sougenannter „Wäerte-Union“ jo och net méi verstoppe léisst) stellt fest, datt d‘AfD, zanter si am Bundestag sëtzt (2017) eenzeg d‘Zil hätt, dat héicht Haus ze stéieren an déi aner Parteien an den Dreck ze zéien. Si hunn d‘Aktioun als en Ugrëff „op dat fräit Mandat“ bezeechent.

Bundestag

Fir elo dësem Virfall rechtlech ze begéinen, kéint de Paragraph 106 vum Strofgesetz (Néidegung vum Bundespresident a Membere vun engem Verfassungsorgan) ugewannt ginn. Méiglech wier et dann déi Deputéiert wou d‘Aluedung ausgeschwat hunn zur Rechenschaft ze zéien. Dat géif awer viraussetzen, datt de Bundestag d‘Immunitéit vun dësen Deputéierte géif ophiewen.

Steet Däitschland virum Wiessel?

Elo war et ee Mëttwoch awer net nëmmen am Bundestag zur Belästegung komm, mee och virum héijen Haus huet et Ausenanersetzungen tëscht de „Queeschdenker“ an der Police ginn. Déi hunn sech och net ginn, bis d‘Waasserwerfer ugerullt sinn. Zeenen déi scho bal zum Alldag gehéieren an ënnersträichen, dat sech Däitschland alt nees op engem Wendepunkt vun der Geschicht befënnt.

Richteg ass, datt dës Demonstratioun vun de „Querdenker“ organiséiert ginn ass. Mee d‘AfD huet an de sozialen Netzwierker uerdentlech Bensin an d‘Glous geschott. Si hat iwwert dës Kanäl zu Onrouen opgeruff, a wéi uewe beschriwwen, d‘Querulanten an de Bundestag agelueden. Et dierf een an dësem Kontext scho vun engem „Broch mat der parlamentarescher Kultur“ schwätzen.

Bundestag

Datt strooft dann och den Alexander „Gauleiter“ Gauland Ligen, wann dëse versicht ze erklären, datt ee „mat esou eppes jo guer net rechne konnt“. Der AfD, de Räichsbierger, a sonstegen Nazie geet et an der Haaptsaach drëms de System ze destabiliséieren. Hei gëtt versicht en „Endkampf“ ze stiliséieren, deen et esou eigentlech net gëtt, mee an der Gesellschaft op Zousproch stéisst.

Wann een d‘Gesellschaft net beherrsche kann, muss ee se splécken. Nach sinn d‘AfD an de Mouvement vun de Covidioten eng „Minoritéit“. Mee de Mouvement wiisst an dorunner sinn d‘Acteure vun der grousser Koalitioun (GroKo) ënner Bäihëllef vun der FDP zolidd bedeelegt. An hei hëlleft net emol e Vaccin, wëll dee gëtt selbstverständlech vun de Queeschdenker verweigert.

mat indymedia/ber

Illustratioun: Esou no sinn sech de Faschismus an d‘Mëtt vun der Gesellschaft

Related topics AfD, Bundestag, Däitschland, Debat, Infektiounsschutzgesetz, Querdenker
Next post Previous post