Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net
International Neiegkeeten

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net

Virun e puer Méint hu mir et opginn, déi eis

Kenns du d’Our gutt genuch, fir hei all Fro richteg ze beäntweren?
International Neiegkeeten

Kenns du d’Our gutt genuch, fir hei all Fro richteg ze beäntweren?

Och d’Our gehéiert zu de wichtegste Flëss vum Land a

De Covid19 suergt fir eidel Keesen
International Neiegkeeten

De Covid19 suergt fir eidel Keesen

D‘Nouvelle sinn net déi bescht an awer geet et eis

De misogynen US-President an de faschisteschen Inder

De misogynen US-President an de faschisteschen Inder

Indien an d‘USA behaapte vu sech déi gréissten „Demokratien“ vun der Welt ze sinn, béid Natioune kënnen sech bretzen, déi absolut beschten Diplomaten un der Spëtzt vun hire Regierungen ze hunn. Elo ass den Donald Trump bei sengem Kumpel a „Papp vun Indien“ op Besuch: et geet an éischter Linn ëm d‘Frëndschaft, eppes Wirtschaft a Waffenhandel; mee virun allem ëm d‘Show…

Elo ass et bedauerlecherweis esou, datt den Narendra Modi een duerch an duerch nationalisteschen Hindu ass, also ee Faschist an zwar där een, dee sech op en Entourage verloosse kann, déi dem Adolf Hitler seng Iddien an d‘Ideologie bis haut unhimmelen. (Fir dat ze verstoe lount et sech de Video unzekucken, dee mir hei an den Artikel agebaut hunn) Déi zwee sollten sech gutt verdroen.

Wéi de faschisteschen Inder 2019 an engem Fussballstadion am Texas 50.000 Leit ugelackelt krut, war et déi gréisste politesch Veranstaltung vun engem auslännescher Politiker op US-Buedem. An de Milliardär war aus dem Haischen: „Ech si begeeschtert, hei mat engem vun de gréissten an treiste Frënn vun den USA ze sinn, mam Premierminister Modi aus Indien“. Nee? Dach…

Den Hindu hat sengem Géigespiller geäntwert: „Mir hunn eng Passioun fir d‘USA, gleewen un d‘Zukunft vum Land an hunn de groussen Entschloss, Amerika nees grouss ze maachen“. Esou waren zumindest all Zweiwel wat, béid politesch Feierstëppler betrëfft aus dem Wee geraumt. Et hinnen als éischt ëm sech selwer, dann ëm den noe sozialen Entourage an natierlech och d‘Muecht.

Zwee wéi Pecht a Cholera

Et gehéiert sech wuel net, mee et dierf drop higewise ginn, datt den Narendra Modi, deen 2002/03 am indesche Bundesstaat Gujarat en islamesche Progrom „zougelooss“ hat, wéinst Ënnerstëtzung vu Rassenhaass 10 Joer laang op der schwaarzer Lëscht vun den USA gestane war an esou och kee Visum erhale konnt. Kuerz de hinduistesche Faschist hat Areesverbuet an d‘USA erhalen.

Inder

Dat sech de Narendra Modi keng Grëtz geännert huet – firwat och, esoulaang wéi hie gewielt gëtt – verhënnert net, datt „Gujarat“ eng al Geschicht ass, déi een net weider erwähne sollt, well dat géif den indesche Medien net gerecht déi do schreiwen: „Trump a Modi: Déi wichtegst Bezéiung vun der Welt am Hibléck op Demokratie a Fräiheet“. Esou Zeile sollt ee batter Eescht huelen…

InderBesonnesch wëll de Kontext et net hir gëtt. Iwwert eng zimlech laang Zäitspan hate béid Natiounen alles, wéi ebe just kee gutt Verhältnis. Zudeem geet net emol ëm „wichteg Demokratien“, mee ganz kloer ëm Geld an Handel. Weider heescht et, datt de Faschist an de Milliardär ee gemeinsame Feind hunn: China. Dee vum Trump provozéierten Dissens, bréngt d‘USA an Indien méi no unenaner.

An awer net ganz gescheit

Bei aller Show a medialem Feierwierk, et kann een net iwwersinn, datt sech déi zwee Alphadéier tëscht den Zeile mat Jicken hunn. Am Juni 2019 hat Washington op Uerder vum US-President, den Inder d‘Sonnervergënschtegungen entzunn. Den Hindu huet sech net lompe gelooss, an Taxen op US-Wuere verhaangen. Dat hat den Trump ermontert de Modi als „Douane-Kinnek“ ze bezeechnen.

Elo soll et also nees en Handelsofkommes tëscht béiden Demokratie ginn. Fir den Donald Trump ass ënnert engem „fantasteschen Handelsofkommes“ näischt ze maachen. Dobäi gëtt et net emol esou eppes wéi ee Gespréichsusaz an déi béidersäits bestoend ideologesch wéi innepolitesch Differenzen, hu sech schonn ëmmer negativ op den Handel tëscht béiden Natiounen ausgewierkt.

Inder

Dofir verstinn si sech beschtens wann et ëm Mord an Doudschlag geet. Wou Blutt fléisst gëtt am Normalfall och vill Geld verdéngt an esouguer wann ee sech drop behaapt, datt alles nëmmen dem Fridde geschëlt ass, et sinn ëmmer perséinlech Interessen déi maassgeeblech sinn. A wann den US-President dem saudesche Kinnekshaus Waffe verkafe kann, sollt et och mat Indien klappen.

Loftofwiersystemer am Wäert vu bal 2 Milliarden US-Dollar sollen d‘Inder sech scho geséchert hunn, mee de Locataire aus dem Wäissen Haus wëll dem Faschist och de Rescht vum Katalog, deen him vum US-Militärkomplex mat op de Wee ginn ass, ënnerjubelen. Et heibäi och drëms un de Grenze vu China, eng militäresch Groussmuecht opzestellen. Dat wier de Präis fir de Fridden…

mat indymedia/nyc/bom/lon

Foto: Den Donald Trump a seng Fra Melania mam Narendra Modi am Motera Stadion zu Agra © Goug Mills (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Indien, Melania Trump, Narendra Modi, Staatsvisitt, Taj Mahal, USA, Waffenhandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel