Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vun de Veganer

Si ginn nach ee Stéck méi wäit, wéi d’Vegetarier a

Kufa reduzéiert seng Programmatioun fir Esch 2022 net!
Neiegkeeten

Kufa reduzéiert seng Programmatioun fir Esch 2022 net!

Ufank der Woch hunn déi fir de Programm verantwortlech Mataarbechter

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees
Neiegkeeten

Editorial: Flavio… iert et zur Erpressung kënnt, ass et besser du gees

Gutt datt ech mech schonn eng kéier mam Beholl vum

Fashion & Design Akademie – eng Schoul fir all Mënsch mat Moudaffinitéit

Fashion & Design Akademie – eng Schoul fir all Mënsch mat Moudaffinitéit

De 15. Oktober begréisst déi éischt an eenzeg Fashion & Design Akademie vu Lëtzebuerg a Groussregioun seng éischt Studenten. Des speziell Schoul gouf vum Fabiola Puga an Daniel Kasindi, zwee passionéiert Moudemënsche mat vill Erfarung, gegrënnt.

Haaptzil ass et, dem jonken Neizougang vun de Modelagencen an de Mannequine vun F&D eng gutt Ausbildung ze offréiere fir déi éischt Schrëtt an der usprochsvoller Modelwelt ze erméiglechen.

Vun 3 bis 63 Joer hëlt d’Akademie un Moud, Styling a genereller Konscht interesséiert Leit op. Nierft der Preparatioun op d’Modelwelt bitt d’Akademie och Programmer un, fir Persounen déi hiren Image a Selbstbewosstsinn wëlle steigere fir sou perséinlech a professionell Zieler ze erfëllen. D’Course ginn also no de jeeweilege Bedierfnisser ausgewielt.

D’Proffen vun der F&D Akademie sinn héich qualifizéiert Leit, déi sech schonn een Numm an dem Domaine gemaach hunn. Si goufen duerch hir Erfarung, Professionalitéit a Bekanntheet ausgewielt fir hiert Wësse virun ze ginn.

Wien elo interesséier ass, kann um Site www.fdacademy.eu luusse goen oder sech de Flyer roflueden.

Ähnlech Sujeten Fashion & Design Akademie, Mannequin, Model, Moudeschoul, Styling
Nächsten Artikel Virrechten Artikel