Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont
Kultur Neiegkeeten

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont

Wéi erwaart huet um Dënschdeg d’Untersuchungsriichterin, déi aacht Membere vun

Konstruktive Gedankenaustausch mam Lëtzebuerger Bauereverband
Kultur Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mam Lëtzebuerger Bauereverband

Am Kontext vun den traditionellen Empfäng zu Neijoerschdag, huet de

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!
Kultur Neiegkeeten

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!

Gëschter huet d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) de Gesetzprojet zur Barrièrefräiheet,

Dëse Samschdeg: Fat White Family an der Kulturfabrik

Dëse Samschdeg: Fat White Family an der Kulturfabrik

Indie Rock Fans opgepasst: Wien dëse Weekend nach näischt vir huet sollt sech de Concert vu Fat White Family an der Escher Kulturfabrik net entgoe loossen!

An hirer Karriär huet Fat White Family mol kollabéierend Männlechkeet, keltesch Mystik, Schamanismus a Provokatioun, awer och mol Erotik, Gewalt, Freed, radikal Empathie, Narzissmus, Perséinlechkeetsfeeler an eng Virléift fir extrem Ästhetik duerchgelieft. Elo kënnt d’Grupp, déi a Südlondon gegrënnt ginn ass, nees zeréck op Lëtzebuerg a wëll eng vun de beschte musikaleschen Optrëtter ofliwweren, déi dat zerbrachent Land jeemools geliwwert huet.

Den neien Album „Serfs Up!“ kéin als Wendepunkt an hirem Bestoe gëllen. Schonn ëmmer huet ee si nämlech als Drogeband mat Rock-Problem ugesinn. Fir si ass et net nëmmen eng musikalesch Karriär – et ass esou vill méi. Ee Kampf, een Iwwerliewen – endlech gëtt hiert Potential erkannt, all Attacke konnten ofgewiert ginn, an esou kann d’Fat White Family endlech opstriewen.

Mat neie Songs bidden si elo eppes total Sënnleches, eng Meeschteraarbecht, lassziv, perséinlech, tropesch, sympathesch a grandios. Wie si lauschtert gëtt dozou agelueden, all aner Oflenkung auszeschalten a sech der Musek hinzeginn. Mam drëtten Album huet dës Famill hire Pad verlooss an een neien Dag an hirer Welt ugekënnegt.

Weider Informatiounen

Um Samschdeg, den 13. Juli 2019 ginn d’Diere vun der Kulturfabrik um 19:30 Auer op. Am Virverkaf kascht den Ticket 25 € (+ Fraisen), un der Oweskeess läit ee bei 30 €. Tickete ginn et ënnert www.kulturfabrik.lu an www.ticketregional.de.

Ähnlech Sujeten Fat White Family, Indie Rock, Kulturfabrik, Serfs Up
Nächsten Artikel Virrechten Artikel