Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge
Neiegkeeten Sport

hook up head shop

En Donneschdeg, den 23. Mee 2019 luet déi sechskäppeg Band

eh dating website
Neiegkeeten Sport

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen

Bur am Kanton Rouspert-Mompech ass d‘Heemecht vun der international renomméierter

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm
Neiegkeeten Sport

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm

De Kulturschäffe vun Esch/Uelzecht, de Jean Tonnar, ass e Mann

Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt

Fir den SC Beetebuerg war de Samschdeg zur Erausfuerderung ginn, déi se gemeeschtert kruten

Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu
Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
© Martine de Lagardère/moien.lu

De FC Mamer 32 hat sech gëschter vill virgeholl an ass dann och gutt Motivéiert opgelaf. Déi éischt Halbzeit iwwer hunn d‘Damme aus dem Kanton Capellen deene Beetebuerger d‘Liewen entspriechend schwéier gemaach. Si haten hir Defense strategesch gutt organiséiert an d‘Spill op de Konter ugeluecht. Leider huet et beim offensive Spill nach Defiziter ginn, firwat och wéineg Goalchancen entstane sinn.

Trotzdeem dierf een ervirhiewen, datt hiert sportlech-aggressiivt Spill iwwer laang Phasen den Damme vu Beetebuerg uerdentlech un d‘Substanz gaangen ass. Esou konnten d‘Beetebuergerinnen nëmme mat Standardsituatiounen zwou Goalchancen erausspillen. Dat eng Kéier an der 25. Minutt, ausgoend vun engem Corner, deen ausgefouert gouf vum Tamara „Tammy“ Aniset (29) op d‘Lea Crusel (71) wat am 5Meter-Raum de Ball neelech iwwert d‘Lat setzt . Déi zweet gouf et an de 40. Minutt. E Strofstouss, nees ausgefouert vum Tammy op d‘Lea, an de Goal ass vun der Lat verhënnert ginn.

FC Mamer

© Luigi de Stephanis/moien.lu

Esou sinn d‘Equippe mat engem Gläichstand an d‘Paus gaangen, an op der Tribün war een sech net méi ganz esou sécher op den SCB dat nach géif hikréien… Mee och dat ass Fussball an déi zweet Halbzeit sollt opschlossräich sinn. Wat den Trainer senge Spillerinnen an der Kabinn erzielt huet, dat wësse mir natierlech net, mee et waren net méi déiselwecht Spillerinne wéi nach zur éischter Halbzeit.

Zackeg Reprise

Si hunn sech net nëmme méi wäit no vir opgestallt, si hunn direkt bei der Ballunam gestéiert – ee liichte Pressing – an d‘Damme vu Mamer net méi an d‘Spill gelooss. Déi hu wuel nach ëmmer gutt an der Defense gestanen, mee d‘Lächer hu sech opgedoen. An der 53. Minutt kënnt et zu enger exzellenter individueller Aktioun vum Sadine Correia (9), dat aus senger defensiver Positioun eraus 4-5 Géignerinne stoe léisst an dem Kate Thill (20) de Ball op engem Plateau zerwéiert. Aus enger ganz aussiichtsräicher Positioun sollt dem Kate den Ofschloss net geléngen, déi Mamer Goalkeeperin Stephanie Wiseler (1) hat hei déi richteg Parad op Lager.

Wou een du gemengt huet datt Beetebuerg d‘Iwwerhand hätt, konnt Mamer an der 54. Minutt ee gudde Konter lancéieren. Hei huet d‘Aline Thill (23) aus gudder Positioun de Goal knapp verpasst awer och fir eng uerdentlech Schrecksekonn op Beetebuerger Säit gesuergt. Op dat elo den Daniel Nunes, Trainer vum SCB derzou verfouert huet e wiessel virzehuele kënne mir net wëssen, mee hie sollt eng ganz glécklech Hand hunn.

FC Mamer

© Luigi de Stephanis/moien.lu

Aus dem Spill geholl gouf d‘Lucia Ruiz (14) an era koum d‘Senada Ceman (31), wouduerch d‘Kate Thill nees op seng eigentlech Positioun (Offensiv lénks) geréckelt ass, an de ganze Spillopbau sech drastesch verännert huet. Dat sollt net verhënneren dat et awer déi Mamer Damme waren, déi sech ervirgedoen hunn. Esou an der 60. Minutt mat enger Pass vum Hayette Ghodbane (18) op d‘Aline Thill (23). E schéine Pass an d‘Déift dee propper ugeholl ginn ass an zu enger zolitter Goalchance féiere sollt. Gutt fir den SCB datt d‘Lena Krier (1) op Zack war an de Wénkel zougemaach huet.

Entscheedung erbäigefouert

An der 62. Minutt ass et da fir den SC Beetebuerg zur laang erhoffter Erléisung komm. Mat engem technesch verséiert ausgefouerten „une-deux“ vum Hanna Thill (99) an dem Stessy Musselek (17) konnt sech d‘Hanna op der rietser Säit duerchsetzen, an d‘Mëtt flanken, wou et d‘Kate Thill trëfft, dat senger Ekipp d‘Féierung schenkt. Eelef Minutten drop sollten déiselwecht Actricen op en Neits iwwert déi riets Säit erakommen. E laange Ball vun Hanna Thill schéckt d‘Kate Thill an d‘Déift, an dat huet mat engem gekonnte gekräizte Schoss, zum 0:2 ergagesat.

82. Minutt: E Corner fir déi Beetebuerger Damme sollt dem Spill d‘Kiischt opsetzen. D‘Tammy bréngt de Corner vu lénks eran, trëfft hei op d‘Hanna Thill, dat seng exzellent Dagesleeschtung mat engem Kappball ënnersträicht an zum 0:3 Endstand markéiert.

Stëmmen zum Spill

Fir den SCB stoung eis nom Spill d‘Hanna Thill (99) Ried an Äntwert. „Mir haten an der éischter Halbzeit tatsächlech Problemer, d‘Géignerinnen hunn eis kaum Méiglechkeete gelooss de Spillopbau ze gestalten. An der Paus huet et entspriechend sachlech mee bestëmmt Instruktioune vum Trainer ginn, déi mir dann och ëmsetze konnten. Esou ass dës Victoire géint wierdeg Géignerinne verdéngt“.

FC Mamer

© Luigi de Stephanis/moien.lu

Vum FC Mamer 32 huet eis d‘Jil Kalmes (6) seng Siicht op d‘Spill erkläert. „Mir sinn eppes enttäuscht. Mir hunn déi éischt Hallschent den Terrain ganz gutt besat an hunn de Ball iwwer laang Strecke kontrolléiert. Déi zweet Halbzeit ass eis Strategie net méi esou opgaangen an leider hu mir och eis Goalchancen net ëmsetze kënnen. A géint esou eng Ekipp gëtt et dann och bestrooft. Eis Leeschtung sech ass awer gutt, a dat sollte mir an déi nächst Renconter mathuelen“.

Randnotiz

Nächste Samschdeg kënnt et zum groussen Duell tëscht den Tabelle-Leader (alle Béid 15 Punkten) dem SC Beetebuerg an RFCUL (Racing). Dat dierft e spannende Match ginn an deem keen dierft vun engem Gläichspill ausgoen. Et ass dat wat een allgemeng e Spëtzematch nennt an et wier fantastesch wann et do och méi Zuschauer uwiesend wiere fir d‘Equippen unzefeieren. Dat ganzt um Fussballterrain zu Beetebuerg, den 26. Oktober um 19 Auer.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 18 Marie-Amelie Albrand, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 88 Amenis Correia, 9 Sadine Correia, 71 Lea Crusel, 17 Stessy Musselek, 8 Lea Pizzimenti, 14, Lucia Ruiz, 99 Hanna Thill, 20 Kate Thill. Reserven: 31 Senada Ceman, 22 Sheila Hoja, 7 Marta Pires Da Silva, 6 Sarah Witry. Trainer: Daniel Nunes

FC Mamer 32: 1 Stephanie Wiseler, 22 Bianca Schmitz, 6 Jil Kalmes, 9 Melody Laurent, 17 Nadine Tangeten, 5 Anne Bourg, 25 Jessica Dostert, 23 Melissa Thill, 18 Hayette Ghodbane, 15 Yana Lentz, 11 Milena Agostino. Reserven: 7 Celia Pinto Moreira, 14 Rita Sousa Leite, 21 Julie Vendelbo, 10 Anne-Lyse Dick, 19 Charlotte Couvreur. Trainer: Evariste Kabongo.

Opmacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, FC Mamer 32, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel