Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

natur&ëmwelt – d’Waasserschutzrichtlinn muss bestoe bleiwen!
Neiegkeeten Sport

i'm dating his brother

Dat wichtegst europäescht Waasserschutzinstrument, déi sougenannt Waasserschutzrichtlinn, ass a Gefor.

https://moien.lu/100-free-dating-site-ukraine/
Neiegkeeten Sport

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

Loscht op Héichuewen?
Neiegkeeten Sport

Loscht op Héichuewen?

Op der Friche „Belval“ wou zolidd an d‘Erhale vun der

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“

En oppene Bréif un d‘Fussballfederatioun deen déi blécke léisst

FC Red Star: „Et wier un der Zäit de Wierder och Dote follegen ze loossen“

De FC Red Star Märel/Belair fuerdert an engem oppene Bréif vun der Fussballfederatioun (FLF) sech endlech enger Entwécklungspolitik zugonschte vun den Ausbildende Veräiner zouzewennen. Et gëtt begréisst, datt den nationale Fussballzenter zu Monnerech eng gutt Aarbecht leescht, wat sech duerch d‘Resultater vun de verschiddene nationale Sektiounen ënnersträiche léisst.

Et sollt een dann awer bedenken, datt wann déi „vertraulech geleeschten Aarbecht zu Monnerech“ ouni d‘Veräiner anzebannen, drop aus ass déi beschten Talenter am Land ze fërderen, et eigentlech beweist, datt d‘Federatioun net Amstand ass, eng Entwécklungspolitik fir déi Jonk an hire Veräiner op d‘Been ze stellen. Dat ass eng staark Behaaptung, déi faktesch a gutt begrënnt ass.

Esou weist den FC Red Star drop hin, datt de Verwaltungsrot vun der FLF a senger Sëtzung vum 7. Januar eng Rei „Prioritéite fir 2019“ festgeluecht huet. Dozou gehéieren: 1) d‘Ënnerstëtzung vun de Veräiner bei hirer Jugendaarbecht; 2) d‘Iwwerdenke vun den aktuelle Strukturen a Forme vum Fussball fir déi Jonk; 3) d‘Promotioun vun der Ethik an dem Fair-play am Jugendberäich.

A säitens dem FC Red Star gëllt dës Initiativ – déi net fir d‘éischt ugekënnegt ginn ass – als absolut „Lueflech“. Woubäi et am Kontext vun der FLF beim „éiwege Blabla“ bleift, well bis haut net een eenzege Veräin sech eng Virstellung dovunner maache kann, wéi d‘FLF gedenkt déi „Prioritéiten“ ëmzesetzen. Dat dierft dann och den Häre vun der FLF schwéier falen, also sech dat virzestellen…

An der Kommunikatioun eng Datz

Woubäi se an der Fussballfederatioun zumindest verstanen hunn, datt déi kleng Kaddoe besser an Erënnerung bleiwe wéi eidel Spriechblosen. Esou fërdert an ënnerstëtzt d‘FLF d‘Formatioun vun de Jugendtrainer, verdeelt Fussbäll un d‘Krapperten a verwalt a verdeelt d‘Subside vu FIFA an UEFA. Dat zwar net wierklech transparent, well et wëll ee jo net méi kathoulesch wéi de Poopst sinn.

Dat war et dann och schonn, an et kann een et dem FC Red Star net verdenken den oppene Bréif geschriwwen ze hunn. Et schéngt sech tatsächlech ze erginn, datt se bei der FLF, genee nom Virbild vu FIFA/UEFA zwar keng global Siicht, jo sech nach net emol op eng strukturéiert Virstellung kënne beruffen, awer weltmeeschterhaft d‘Demanden a Propositioune vun de Clibb ignoréieren.

Mir wollten dann och eng Stellungnam vum FLF-Verwaltungsrot, zu deenen am oppene Bréif verfaasste Virwërf. Dat ass elo och schonn eng Woch hir, a mir sinn net emol gebiede ginn eis ze gedëllegen, well et koum bis haut keng Äntwert. Dat léisst eis gleewen, datt d‘Doleance vum FC Red Star Märel/Belair méi wéi berechtegt a begrënnt sinn. An esou eng Federatioun brauch keen.

A schonn emol guer net e Veräin deen net manner wéi 530 Lizenze fir Jugendlecher, a ganzer 15 aktiv Jugendequippe betreit. 2018 hat et wuel eng Entrevue tëscht dem FC Red Star an dem FLF-Verwaltungsrot ginn (dee war den Hären am Rapport ganzer zwou Zeile wäert) an ausser datt sech déi Uwiesend vum Veräi genervt gefillt hunn, gëtt et och näischt Positives dozou ze soen.

Eng kommentéiert Remark

Wann een esou aktive Veräi wéi den FC Red Star senge Suerge fräie Laf léisst, da sécherlech net fir dem Sport an den Aktiven am grousse Ganzen ze schueden. Hinne geet et ëm Grondsätzleches, an dat ass den Ausbau vun der Formatioun fir déi jonk Fussballisten. Nëmmen eng uerdentlech a zilorientéiert Betreiung an Ausbildung féiert zum Erfolleg. Dat ass e Fakt a sollt bekannt sinn.

Bei der FLF awer wäert ee sech denken, datt mat Monnerech d‘Federatioun all d‘Kritäre respektéiert déi fir de Lëtzebuerger Fussball vun Néite sinn, an ee jo och Prioritéite festgeluecht huet. Datt een déi net an der Praxis ëmsetzt, kann domatter zesummenhänken, datt „Prioritéite festleeën“ an „Prioritéiten ëmsetzen“ sech och vun der Definitioun hir staark ënnerscheeden. Gutt gesinn…

Et ass eis zumindest och emol eng Lektioun, bei Leit, zu engem dach awer brenzelege Sujet nozefroen an hinnen esou d‘Méiglechkeet ze ginn, sech zu de Virwërf ze äusseren. Si wäerten hir Grënn hunn net op eis Froen agaangen ze sinn. Méiglech och datt mir hinnen net genuch iwwer Fussball schreiwen oder generell ze ignoréiere sinn. Dat gleewe mir elo selwer och net, nach net…

Ähnlech Sujeten FC Red Star, FLF, Jugendaarbecht, Spriechblosen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel