Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Zuchongléck an Indien: 60 Doudeger
Neiegkeeten Sport

Zuchongléck an Indien: 60 Doudeger

Ëm déi siechzeg Mënsche sinn um Freidegowend an Indien verstuerwen,

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn
Neiegkeeten Sport

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn

Dem Donald Trump seng Situatioun gëtt vun Dag zu Dag

dislikemoney
Amerika mécht de Gas bëlleg
Neiegkeeten Sport

Amerika mécht de Gas bëlleg

De kontinuéierlechen Opschwong vum amerikanesche Schifergas mécht aus den USA

Dammefussball: FC Schëffleng 95 hat dem SC Beetebuerg näischt entgéint ze setzen

Dammefussball: FC Schëffleng 95 hat dem SC Beetebuerg näischt entgéint ze setzen

D‘Saison fänkt fir d‘Damme vum SC Beetebuerg gutt un, déi sech mat der voller Punktzuel no der drëtter Renconter, keng bléist ginn hunn. Virum Match huet et awer och Interessantes ginn, dofir elo alles de Rei no…

Mir konnte leider bei den Auswäertsmatcher net derbäi sinn, a waren um Samschdeg eppes éischter zu Beetebuerg um Terrain, wou mir eis op d‘Renconter géint d‘Damme vum FC Schëffleng 95 gefreet hunn. Virun der Begéinung haten sech déi fënnef Federatiounen (Fussball, Basket, Volley, Handball an Dëschtennis), déi dëse Weekend eng grouss Aktioun um lafen hunn, fir nei Arbitter ze fannen, op d‘Terrainen uechtert d‘Land beginn.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Zil vun der Aktioun #norefnogame #wewantyou ass et, nei Arbitter fir déi 5 genannte Federatiounen ze rekrutéieren. Tatsächlech ass et esou, datt et zu Lëtzebuerg e „schwierege“ Manktem un jonken „Referees“ gëtt, wat d‘Organisatioun vun de Championnater a och de ville Frëndschaftsmatcher a Fro stellt. Fir op dëse Mangel opmierksam ze maachen, gëtt dës „Aktioun“ gemeinsam organiséiert.

E jonke Beetebuerger geet mam gudde Beispill vir

De Patrick Hutmacher, President vum SC Beetebuerg, huet dann och ee behäerzten Appell un all interesséiert Sportler gemaach, sech Gedanken zu dëser Situatioun ze maachen. Et ass, dat weess hien och, keng liicht Missioun an et brauch ee scho breet Schëlleren, fir sech als Arbitter um Terrain duerchzesetzen. Gesicht gi Mënsche mat „Charakter“, déi och eppes Mënschekenntnis matbréngen. Houfreg ass de President vum SC Beetebuerg, op een neie „Referee“ aus dem eegene Veräin.

SC Beetebuerg

De Yannick Lietz (r) mat sengem Brudder Sam. E jonken Arbitter, deem mir eng laang an erfollegräich Carrière wënschen. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Rieds ass vum 16 järege Yannick Lietz, deen als Cadet beim SC Beetebuerg lizenzéiert ass. Mir hunn de Yannick gefrot, wéi hien zum Arbitter-Schäi komm ass. Esou si mir gewuer ginn, datt de Yannick schonn déi „Kleng“ (Minimes a Scolaires) „gepaff“ huet. No engem Test bei der FLF, wou seng Qualitéiten erkannt gi sinn, huet de jonke Beetebuerger Spiller d‘Approbatioun erhalen.

Wat gefält dem Yannick un der Roll vum Arbitter? „Sport ass mäi Liewen, a Sport huet eppes mat Fair-play ze dinn. Mir ass et wichteg, wann ech als Spiller um Terrain sinn, datt et no de Reegele verleeft. Dofir brauch et den Arbitter um Terrain. Seng Aufgab ass wierklech net ëmmer einfach, mee et muss een dat lescht Wuert hunn. Ech si motivéiert an hu grousse Respekt virun dëser Aufgab. D‘Spiller, déi meescht zumindest, hunn och Respekt, beim Public kéint et besser sinn“.

Et ass awer och Fussball gespillt ginn…

Wëll et duerch d‘Aktioun vun de Federatiounen zu engem „liichte“ Retard komm ass, an déi Schëfflenger „10 Minutten“ ugefrot haten, ass et um 19.15 Auer lassgaangen. Den Trainer vu Schëffleng war mat „Suergen“ ugereest (eng Spillerin, d‘Lara Bourquel konnt aus beruffleche Grënn eréischt an der 2. Halbzeit oplafen) an dierft och allgemeng keng roueg Woch gehat hunn.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

Fir déi Beetebuerger Damme kee Grond hir Spillweis ëmzestellen. Si hu vun Ufank un däitlech gemaach, datt si och dës Renconter mat enger Victoire wëllen ofschléissen. Esou huet sech d‘Spill séier entwéckelt, si hunn d‘Iwwerzuel genotzt an d‘Spill an d‘Breet gezunn. Iwwert d‘Säiten ass den Ugrëff koordinéiert ginn, wou si dank hire séiere Spillerinnen – lénks: Kimberley Dos Santos (10) a riets: Camilla Ruiz Rojas(14) – déi Schëfflenger carrement iwwerrannt hunn.

Perfekt genotzt, mat enger propperer Strategie, déi am Mëttelfeld, vum sougenannten „Dräieck“ Senada Ceman (31), defensiivt Mëttelfeld; Lea Pizzimenti (8) an Justine Oswald (25) ausgaangen ass. Si hunn eng gutt Demonstratioun gebueden: d‘Zesummespill vun Technik, Kraaft a Kreativitéit ass en „Diktat““. Si woussten zu all Ament wou a wéini de Ball ze fléissen hat, hunn dem Stuerm zu de néidege Fräiraim verhollef.

SC Beetebuerg

Net ze vergiessen datt déi zwou defensiv Säitespillerinnen, lénks: Marie-Amelie Albrand (18) a riets: Amenis Correia (88) och immens vill Drock iwwert d‘Flanken ausgeüübt hunn. Dat fir ze verdäitlechen, wéi offensiv den SC Beetebuerg opgestallt ass. Mat vill Intelligenz an enger beispillhafter Technik, verstinn et déi Beetebuerger Dammen, den Terrain fir sech ze notzen.

Déi éischt Hallschent war, aus der Siicht vum FC Schëffleng 95 eng kleng „Tortur“. Op där anerer Säit huet den SC Beetebuerg natierlech och dovunner profitéiert, datt si nëmmen zu 10 dergéint hale konnten. Et muss een awer op dëser Plaz bestätegen, datt déi Beetebuerger konnte mat engem ganz flotten offensive Kombinatiounsspill begeeschteren. Eng wierklech schéin Zesummenaarbecht a vill Asaz, huet an der éischter Halbzeit zum 5:0 gefouert.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

An der zweeter Halbzeit war Schëffleng du komplett. Op der Beetebuerger Säit hat sech d‘Spill no der Paus verännert. Während gutt 30 Minutte war de schéine Spillfloss aus der éischter Halbzeit eppes ënner gaangen. Déi Schëfflenger konnten, nodeems si komplett waren, d‘Raim um Terrain besser besetzen. Duerch eng taktesch Verännerung, hu si zudeem de Beetebuergerinnen de Bass gehalen. Déi hunn sech net beandrocke gelooss, a weider „dat ronnt an dat véiereckegt“ gesat.

Goaler a Stëmmen zum Spill

Den „Hattrick“ geet un déi, leschte Freideg als bescht Fussballspillerin ausgezeechent Stiermerin Kimberley Dos Santos (15‘, 29‘, 90‘). D‘Justine Oswald huet zweemol op d‘Schell gedréckt (34‘ & 42‘) an d‘Melissa Texeira (77), huet him dat, nodeems et an der 56. Minutt agewiesselt gouf, nogemaach (80‘ & 83‘). D‘Kate Thill (20) huet och een dragesat (76‘ Minutt). Déi Schëfflenger haten am Verlaf vum Match e Selbstgol verschëlt (19‘). Beetebuerg setzt sech also mat 9:0 duerch.

Fir den Trainer vum FC Schëffleng 95, Marc Olinger, war et net dee beschte Samschdeg, hien huet eis awer ganz professionell seng Spillanalys ginn. „Obschonn eis am Verlaf vun der leschter Woch véier Spillerinne verlooss hunn, wat fir keng Mannschaft einfach ass, sinn ech, wat d‘Leeschtung an d‘Motivatioun vu mengen Damme betrëfft ganz zefridden. Zu eelef hätte mir d‘Resultat wuel eppes méi beaflosse kënnen, mee den SC Beetebuerg huet sech seng Victoire absolut verdéngt“.

Op der Beetebuerger Säit war et d‘Marie-Amelie Albrand (Kapitän) dat eis seng Siicht op de Spillverlaf vermëttelt huet. „Wann een 9:0 gewënnt kann een nëmmen zefridde sinn. Dat soll awer net heeschen, datt alles gutt gelaf ass. D‘Goalchance verwäerten an déi lescht decisiv Passe, dat muss besser ginn. Mir hunn also och nach Aarbecht virun eis, mussen un eisen offensiven Automatisme feilen“.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Correia, 18 Marie-Amelie Albrand, 23 Nancy Serrano, 11 Sheila Hoja, 31 Senada Ceman, 25 Justine Oswald, 8 Lea Pizzimenti, 10 Kimberley Dos Santos, 14 Camilla Ruiz Rojas, 20 Kate Thill. Reserve: 77 Melissa Texeira, 6 Sarah Witry, 16 Kim Nilles, 7 Karen Marin. Trainer: Daniel Nunes.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stephanis/moien.lu

FC Schëffleng 95: 1 Tamara Rossetti, 3 Debora Fraccalvieri, 4 Denise Belardi, 10 Milena Agostino, 16 Stacey Perrey, 18 Vanessa Müller, 7 Yana Lenz, 21 Melissa Perreira, 77 Lizel Mendoza, 2 Lara Bourquel, 8 Leonie Costantini. Trainer: Marc Olinger.

Arbitter: Manuel Da Silva Oliveira

Fotoen © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, FC Schëffleng 95, norefnogame, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel