Ob Handwierk oder Industrie, fir den Dan Kersch gëtt et net einfach

Um Donneschdeg hat den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), eng éischt Entrevue mat de Vertrieder vun der Patronatsverbänn FDA (Handwierkerfederatioun) a FEDIL (Federatioun vun de Lëtzebuerger Industriellen). A béide Fäll ass et ëm de „Gedankenaustausch“ gaangen.

Wéi et am Communiqué heescht, hätten d‘Reuniounen an enger konstruktiver Atmosphär stattfonnt. Dat seet näischt, awer och glat a guer näischt aus. Eigentlech hunn se sech gesinn, „vill Gléck am neie Joer gewënscht“ an dat war et. Ass deem net esou, da geet et „eis“ näischt un. Aus wéi engem Wénkel een et och betruecht, heiansdo ass et besser et seet een näischt.

Vläicht dach awer esouvill: déi Digital Transformatioun ass als déi Haapterausfuerderung vun der Aarbechtswelt identifizéiert ginn. All déi concernéiert Parteien hu begréisst, datt de Pilotprojet „Luxembourg Digital Skills Bridge“ – dee Numm hu se erfonnt fir sécher ze stellen datt keen et versteet – elo un d‘lafe kënnt. Iwwert Detailer a d‘Suitte muss nach geschwat ginn.

(v.l.n.r.) Romain Schmit, Generalsekretär FDA; Dan Kersch, Aarbechtsminister; Michel Reckinger, President FDA. © MTEES

Méi interessant, an dofir och nees ouni de geréngsten Detail: d‘Erausfuerderung am Kontext vun der Aarbechtsorganisatioun, dem Detachement vun den Aarbechter an natierlech d‘Roll vun der Aarbechtsinspektioun. Hei hätt ee sech deen een oder anere Statement erwaart, mee hei muss de Minister dem Patronat entgéint kommen, firwat d‘Informatioune mat „beduecht“ behandelt ginn.

D‘Patronatsvertrieder hunn et allerdéngs net vergiess, dem neien Aarbechtsminister Dan Kersch, hir Suergen op den Dësch ze leeën. Et feelt hinnen u qualifizéierten Aarbechter. Dat ass elo net nei an och de Minister kann hinne keng aus de Steng schloen. Woubäi ugesiichts de Patronatserwaardunge géintiwwer dem Salariat, an der Kollektivvertragsverweigerung déi sech emol a Fro sollte stellen.

Hei muss de Minister, och als Sozialist de Gewerkschaften d‘Feld iwwerloossen, an e léift Gesiicht maachen. Natierlech huet den Dan Kersch ënnerstrach an betount, datt dës Regierung eng richteg gutt, effikass an effizient Kompetenze-Strategie op d‘Bee stelle wäert. Dorops hin hu sech all d‘Parteie versprach konstruktiv zesummenzeschaffen, an op de sozialen Dialog ze setzen.

Foto: (v.l.n.r.) Marc Kieffer, Generalsekretär FEDIL; Nicolas Buck, President FEDIL; Dan Kersch, Aarbechtsminister; René Winkin, Direkter FEDIL. © MTEES