Search

You may also like

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff
Neiegkeeten Uncategorized

CFL: Hei gëtt richteg déi an d‘Täsch gegraff

D‘Eisebunn an de Nohaltegkeetsministère hunn um Méindeg, mat grousse wieder

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!
Neiegkeeten Uncategorized

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

Mat „Be alright“ huet den australesche Sänger Dean Lewis säin

Editorial: ADEM? Wat leeft?
Neiegkeeten Uncategorized

Editorial: ADEM? Wat leeft?

Nodeems dann elo erwisen ass, datt et och op der

Den T-Rex appelléiert un d’Lëtzebuerger Parlament

Stoppt d'Investitiounen vum FDC a fossil Brennstoffer!

Den T-Rex appelléiert un d’Lëtzebuerger Parlament

En 2,5 Meter héijen Tyrannosaurus Rex huet d’Deputéiert um Wee zur haiteger Parlamentssitzung empfaangen. Greenpeace-Aktivistinnen haten d’Konschtinstallatioun, déi vum Lëtzebuerger Artist Eric Mangen kreéiert ginn ass, virum Cercle Cité opgeriicht. D’Ëmweltschutzorganisatioun appelléiert un d’Deputéiert, datt si sech fir ee Finanzéierungsstopp vu fossillen Energien asetzen.

FDC© Frederic Meys

Den Eric Mangen ënnerstëtzt d’Campagne vu Greenpeace Lëtzebuerg géint déi klimaschiedlech Investitioune vum Lëtzebuerger Pensiounsfong FDC. De Kënschtler erkläert: „Wéi déi meescht BiergerInnen vu Lëtzebuerg bezuelen ech an déi staatlech Pensiounskeess an, dofir erwaarden ech am Géigenzuch eng geséchert Pensioun. Mee den FDC investéiert d’Rentereserven a klimaschiedlech Entreprisen, déi meng Zukunft bedreeën. Dat ass inakzeptabel!“

Dem Mangen säi Konschtwierk weist en Tyrannosaurus Rex mat Dollarzeechen an den Aen, dee fir déi net zukunftsfäeg fossil Brennstoffer an d’Gier vun Entreprisen, déi vun dëse knaschtegen Energie profitéieren, steet.

FDC© Frederic Meys

Am Juli hat Greenpeace eng E-Mail-Aktioun un d’Membere vun der Lëtzebuerger Regierung a vum Parlament gestart, an där déi Ënnerzeechend fuerderen, d’Investitioune vum staatleche Fong FDC a fossil Brennstoffentreprisen ze stoppen. Bis ewell hu sech méi wéi 650 BiergerInnen un dëser E-Mail-Aktioun bedeelegt an doduerch méi wéi 50.000 Mailen un déi politesch Verantwortlech geschéckt. Informatioune vu Greenpeace no gouf virun e puer Deeg de laang erwaarte Parlamentsdebat iwwert d’Investitiounsstrategien vum Staatsfong, dorënner den FDC, fir déi drëtt Novemberwoch ugesat.

„Et ass un der Zäit, datt eis gewielt VertriederInnen endlech ophalen nozekucken, wéi d’Sue vun de Renteversécherten a knaschteg Energien investéiert ginn. Investitiounen a Kuel, Ueleg a Gas schueden net just dem Klima an der Ëmwelt, si stellen och e finanzielle Risiko duer“, erkläert d’Myrna Koster, Kampaignerin fir Klimagerechtegkeet bei Greenpeace Lëtzebuerg.

FDC© Frederic Meys

„Et gëtt kee gudde Grond, fir weider a fossil Brennstoffer ze investéieren. Rezent Studie confirméieren, datt nohalteg Investitiounen traditionell Verméigensanlagen, wéi zum Beispill Investitiounen a fossil Brennstoffer, an hirer finanzieller Performance iwwertreffen. Och aus dësem Grond stoppen ëmmer méi Pensiouns- an Investmentfongen hir finanziell Ënnerstëtzung vun Ueleg, Gas a Kuel.“

Virun zwou Wochen huet Greenpeace den Deputéierten eng Expertise vum däitschen Ekonomist Dr. Martin Granzow virgestallt. Hien hat d’Investitiounsstrategie vum FDC ënnersicht. A sengem Rapport erkläert den Dr. Granzow, wisou den FDC fossil Brennstoffer etappeweis aus senge Portfolios ewechhuele soll, wéi eng Investitiounsstrategie am Eeklang mat den Ziler vum Paräisser Ofkommes am Beschten ëmgesat kënne ginn a wéi eng Schrëtt d’Politik ënnerhuele soll, fir dëse Prozess ze ënnerstëtzen.

Hie recommandéiert ausdrécklech, d’Anlagestrategie vum FDC un d’Ziler vum Paräisser Ofkommes auszeriichten an d’Transparenz vum Pensiounsfong ze erhéijen. „D’Zäit fir ze handelen ass elo! Mir fuerderen vun eise Politiker direkt Moossnamen ze ergräifen, fir datt den FDC eis Pensiounsgelder aus de fossilen Energiekonzären ofzitt“, sou d’Myrna Koster.

Matgedeelt vu Greenpeace Lëtzebuerg

Opmaacherbild: © Frederic Meys

Related topics Aktioun, Deputéiert, Dr. Granzow, Eric Mangen, FDC, fossil Brennstoffer, Investitioun, Myrna Koster
Next post Previous post