Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vertrauen ass gutt, Kontroll wier besser
Money Stories

https://moien.lu/dating-websites-hong-kong/

Bei eisen Noperen ass op neits e Liewensmëttelskandal opgeflunn. D‘Ausmooss

https://moien.lu/best-bio-for-dating-profile/
Money Stories

San Francisco: FBI verhënnert Attentat

Um Samschdeg hunn sech d‘Enquêteure duerch d‘Vergaangenheet vum Ex-Marine gewullt.

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion
Money Stories

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion

E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun

money

FEDIL-Presidentin wëll vu Stagiaire Geld fir de Stage

Ganz esou schlëmm ass et net, mee de Gedanken huet d‘Michèle Detaille schonn amuséiert…

FEDIL-Presidentin wëll vu Stagiaire Geld fir de Stage

Esouguer wa Lëtzebuerg en industriellt Schwelleland wier, sollt een dovunner ausgoen, datt all geleeschten Aarbecht och Loun verdéngt huet. Fir d‘Presidentin vun der Fedil, Michèle Detaille kënnt esou e Saz nëmme vu Klenggeeschter, et wier jo scho schlëmm genuch, datt ee d‘Personal mam vill ze héije Mindestloun misst motivéieren.

Wann dann eng liberal geleete Regierung sech umoosst e Gesetz anzebréngen, mat deem d‘Stagen an den Entreprisë solle besser „encadréiert“ jo esouguer „remuneréiert“ ginn, da kréien d‘Patronen an d‘Fedil Häerzklappen. Si sinn dann och formell géint e bezuelte Stage. An mat Stagiaire kennt sech d‘Michèle Detaille als Cheffin vun der Alipa zu Woltz beschtens aus, huet si dach „Bedarf“.

Bei der Alipa ginn all Joer eng Rei dëser „Stagiairen“ am Kontext vun hire Studien oder während de Schoulvakanze „beschäftegt“. Si ginn dann och „wirtschaftlech“ fest mat ageplangt an droen duerch onbezuelten Aarbechtsleeschtung derzou bäi, de Profit vun der Entreprise ze maximéieren. Woubäi et bei Alipa „Prime“ gëtt, déi entspriechend der Dauer an der Qualitéit méi oder manner héich ass.

Zockerbrout a Peitsch

Firwat et keng generell Entschiedegung – déi jo mat enger Prime fir besonnesch gutt Elementer ka verbessert ginn – gëtt, dofir huet d‘Michèle Detaille en treffend Argument: D‘Zil vum Stage ass jo eng pedagogesch Moossnam, an datt et just Prime gëtt, weist hinnen datt eng gutt erbruechte Leeschtung bezuelt gëtt. An d‘Alipa wier och eng vun den exemplareschen Entreprisen am Land.

Esou géif een deene Stagiairen déi eng zefriddestellend Leeschtung erbruecht hunn, e Vakanzenjob ubidden. Et soll esouguer virkomm sinn, datt ee Stagiaire nom Schoulofschloss eng Fest Aarbecht ugebueden huet. Dräi fréier Stagiaire sinn esou u verantwortlech Poste komm. Dat an de Beräicher Comptabilitéit, Export a Vente. Dat léisst sech allerdéngs net verifizéieren, an nofroe geet leider net.

Fir d‘Michèle Detaille déi aus der Belsch kënnt a politesch bei der liberaler reformistescher Partei PRL Erfarung gesammelt huet, muss d‘Regierung hei virun engem falsche Gesetz gewarnt ginn. Si déi haaptsächlech Grenzgänger aus hirer aler Heemecht beschäftegt, weist drop hin, datt wann ee Betrib de Stagiaire bezuele muss, dësen och gutt drop verzichte kéint, dee wier esou deier genuch.

Stagiaire ruinéiere ganz Secteuren

D‘Presidentin vun der Fedil (zu Erënnerung: dat sinn déi „Industriell“ Entreprisen an net kleng Handwierksbetriber) erkläert, datt esou ee Stagiaire esou schrecklech vill Geld kascht ouns datt dësem och nach eppes fir seng Aarbecht bezuelt gëtt, datt een hei scho Grenzen iwwerschratt huet, an eigentlech Entwécklungshëllef geleescht gëtt. Eigentlech missten d‘Betriber dofir Geld kréien.

Wéi eng Käschte falen dann un? Ma esou ee Stagiaire brauch: e Badge, eng Sécherheetsformatioun, eng Aarbechtsplaz mat engem Computer, Lizenze fir Programmer ze notzen a villes méi. Net ze vergiessen, datt et jo och ee „Stage-Meeschter“ brauch, dee ganz vill Zäit während senger Aarbecht muss opwannen, fir dem Stagiaire säi Wëssen ze vermëttelen, an dat huet alles säi Präis…

Woubäi – an dat Argument ass einfach genial – d‘Alipa jo och schon am Virfeld gehirlos Geld an de Rekrutement vun de Stagiairen investéiert. Héich spezialiséiert Mataarbechter missten onmoosseg Zäit opwannen, fir déi sëllechen administrativ Demarchen: Rekrutement, Gespréicher mat de Schoulen an den Enseignante mee och d‘Interviewer mat de potentielle Kandidaten ze maachen.

Firwat bezilt d‘ADEM d‘Stagiairen net?

Keen industriellen an kaum en Handwierker bezilt gäre fir iergendeng Leeschtung a wann et der Regierung esou wichteg ass, datt och Stagiaire elo solle fir eng erbruechte Leeschtung Geld solle kréien, firwat kann d‘ADEM déi Ausgaben net iwwer de „Fonds pour l‘Emploi“ iwwerhuelen? Bei eelere Mataarbechter iwwerhëlt de Staat jo och en Deel vun de Chargen déi ufalen…

Eigentlech, an do wieren se bei der Fedil alleguerten direkt mat averstanen, sollten d‘Stagiaire fir de Stage bezuelen. Grad oder besonnesch déi Studenten, déi sech eng Ausbildung gewielt hunn, déi de Stage obligatoresch mécht, sollten all déi Käschten iwwerhuelen déi ufalen, just wëll dësen do seng Theorie an d‘Praxis kann ëmsetzen. Gutt dat traut sech keen ëffentlech esou ze soen, ass awer esou.

An iwwerhaapt! Weess d‘Regierung net, datt d‘Fedil „Milliounen“ ausgëtt a schrecklech vill Zäit investéiert (natierlech am Partenariat mat Wirtschaftsministère an der Handelskummer) fir déi Jonk ze motivéieren sech fir e Beruff an der Industrie ze interesséieren. Esou d‘Operatioun „Hello future“ wou déi Industriell fräiwëlleg op hir 3. Vakanz verzichten, fir de Projet iwwerhaapt ze finanzéieren.

Randnotiz:

Et ass wierklech schrecklech, datt dës Koalitiounsregierung et dem Patronat esou schwéier mécht wéi laang net méi. Si kréie keng Terrainen, ginn och steierlech bis op d‘Schank drangsaléiert a mussen esouguer mat Gewerkschafte Kollektivverträg aushandelen. Wat en Ongemaach, datt elo déi wou esou guer kee Matsproocherecht zerguttst hunn, fir hir Aarbecht solle bezuelt ginn.

Joerhonnertelaang ass Ausgebeut ginn. Et soll Zäite ginn hunn, do huet et zum gudden Toun gehéiert, dem Léierbouf op mannst emol an der Woch e puer anstänneger an d‘Sabbel ze schloen, fir d‘Hierarchieverhältnesser besser verständlech ze maachen. Haut muss een dëse Mënsche scho fléiwen, fir dat se bei ee kommen. Deenen elo och nach musse Geld ze gi geet eendeiteg ze wäit.

Dobäi wier d‘Madamm aus der Belsch gutt beroden hiren Äifer an der Gitt ze halen. Sollt si menge Lëtzebuerg fir „Unternehmerfeindlech“ freet ee sech, vu dat kaum e Resident bei hir schafft, firwat si d‘Alipa net op Baaschtnech ëmsidelt. Alipa ass erwisenermoossen net zu Wolz ugesidelt ginn, well et zu Lëtzebuerg masseg qualifizéiert Mënsche gëtt déi händeréngend eng Aarbecht sichen…

Foto: Als Presidentin vun der Fedil muss d‘Michèle Detaille (riets) sech regelméisseg mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) zu Gespréicher iwwert den Zoustand an d‘Zukunft vun der Industrie zu Lëtzebuerg ënnerhalen. Elo wou d‘Regierung sech an de Kapp gesat huet den Ëmgang mat de Stagiairen an den Entreprise besser ze encadréieren, läit ee sech an den Hoer. © MECO (Juli 2019)

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, Alipa Grupp, bezuelte Stage, Fedil, Industrie, Michèle Detaille, Satgiairen, Stagen, Wirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel