Search

You may also like

Politesch Kultur am Wahlkampf
Meenung Neiegkeeten

Politesch Kultur am Wahlkampf

An de leschte Wochen an Deeg goufe vu verschidde Säiten

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling

Déi gréng a blo Tonn, wéi och déi blo Tut

Virschléi vun der Fedil fir d‘Gewerkschaften inakzeptabel
Meenung Neiegkeeten

Virschléi vun der Fedil fir d‘Gewerkschaften inakzeptabel

Nodeems et den 29. November eng Verhandlungsronn mat de Gewerkschafte

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!

Här Minister: Stoppt d’Mäerchestonn!

Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!

Trotz rasant klammenden Infektiounszuelen huet den Educatiounsminister entscheet, bis op Weideres keng nei Moossnamen an eise Schoulen z’ergräifen. Wärend et an allen anere Beräicher vun eisem Liewen zu neien, aschneidenden, awer duerchaus berechtegten a sënnvollen Aschränkunge kënnt, sollen an de Klassesäll och weiderhi weder generell Maskeflicht nach Mindestofstand gëllen.

Dass sech déi aktuell Mesuren aus dem Stufeplang „bewäert“ hunn an duerginn, wéi et säitens dem Educatiounsministère heescht, ass e Mäerchen. Et ass nämlech elo schonn a ganz ville Schoulen e gereegelte Presenzunterrecht net méi méiglech, well opgrond vu Quarantaine, souwuel vun Enseignante wéi och vu Schüler, ëmmer méi Schoulstonnen op Distanz musse gehale ginn, oder souguer ganz ausfalen, well Unterrecht op Distanz a verschiddene Fächer (Sport, Travaux pratiques, Beruffsausbildung…) ganz einfach net méiglech ass. Duerch déi alarmant Entwécklung vun den Infektiounszuele wäert sech dës Situatioun an deene kommende Woche mat Sécherheet weider zouspëtzen, wa keng nei Moossnamen ergraff ginn, fir deem entgéintzewierken.

Wéinst deene staark steigenden Infektiounszuele fuerdert de Comité vun der FÉDUSE/Enseignement-CGFP, dass den Educatiounsminister d’Decisioun fir eng generell Maskeflicht am Klassesall net méi op d’Direktioune vun deenen eenzele Lycéeën ofwälzt, mee selwer Verantwortung iwwerhëlt, andeems hien eng permanent Maskeflicht och an de Klassesäll imposéiert.

Well Maskeflicht a Stousslëften eleng bei där aktuell dramatescher Infektiounslag awer kaum wäert duergoen, muss dréngend iwwert alternativ Unterrechtsmodeller nogeduecht an dës esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn, mam Zil, d’Unzuel u Kontakter ze reduzéieren, a gläichzäiteg d’Bildungschance fir eis Schüler esou wäit wéi méiglech oprecht z’erhalen.

Sou kann ee sech d’Fro stellen, ob et net sënnvoll wär, zumindest fir déi iewescht Klassen (ab 4e) eng Zäit laang op Distanzunterrecht zréckzegräifen. Och e System mat alternéierenden A/B – Gruppe kann hëllefen, d’Zuel vu Kontakter an der Schoul ze reduzéieren. Fir de Besoine vun deenen ënnerschiddleche Klasse gerecht ze ginn, si flexibel an individuell Léisunge gefuerdert. Sou ass et beispillsweis fir Schüler vun héije Klasse mat grousser Schülerunzuel aus dem Secondaire classique a général sécherlech méi ubruecht a méi liicht ëmsetzbar, op Distanz ënnerriicht ze ginn, wéi fir Léierbouwen a Léiermeedercher aus der Beruffsausbildung, déi oft zu vill manner an enger Klass beienee sinn a fir d’Erléiere vun hirem Handwierk zwéngend op Presenzunterrecht ugewise sinn. Natierlech stellen sech an deem Kontext dann och Froen zur Bewäertung, ma an där aktueller Situatioun huet d’Gesondheet vun de Schüler, den Enseignanten an hire Familljen absolut Prioritéit.

Nëmmen andeems elo direkt, ouni nach weider wäertvoll Zäit ze verléieren, resolut duerchgegraff gëtt, kann nach verhënnert ginn, dass zu engem spéideren Zäitpunkt nach vill méi drastesch Restriktioune wäerte mussen ergraff ginn, déi eis Schüler erëm wärend Wochen a Méint komplett vun der Schoul géifen ausschléissen a si op all Form vu soziale Kontakter misste verzichten.

Fir de Comité vun der FÉDUSE/Enseignement-CGFP steet jiddefalls ausser Fro, dass déi aktuell Kris nëmmen duerch een entschlossent Handele vun deene politesch Verantwortlechen am Zesummewierke mat allen Acteure vum Terrain ka bewältegt ginn. Grad dofir ass et besonnesch schockant, dass d’FÉDUSE/Enseignement-CGFP als national representativ Gewerkschaft fir den Enseignement secondaire am lafende Schouljoer bis ewell nach zu kengem Moment vum Educatiounsminister op iergend eng Aart a Weis agebonne gouf!

Matgedeelt vun FÉDUSE/Enseignement-CGFP

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Claude Meisch, Cours, Covid-19, Distanz, FÉDUSE/Enseignement-CGFP, Infektiounszuelen, Lëften, Maskeflicht, Quarantaine, Restriktiounen, Schoul, Verantwortung
Next post Previous post