Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!
International Neiegkeeten

De Gilles Muller ass top am Tennis? Mir dach egal!

Sief et Tennis, Fussball oder Tour de France: Sport interesséiert

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS
International Neiegkeeten

What the Fakt – Viru 27 Joer stierft de Freddie Mercury un AIDS

Mëtt vun den 80er Joer erkrankt de Leadsänger vu Queen

Gutt Nouvelle fir d‘Salariée beim Staat
International Neiegkeeten

Gutt Nouvelle fir d‘Salariée beim Staat

Fir d‘Aarbechter beim Staat (net d‘Fonctionnairen) fänkt d‘Woch gutt un.

Féier am Héichhaus: 11 Mënsche stierwen zu Bohumin

Féier am Héichhaus: 11 Mënsche stierwen zu Bohumin

Béi engem Feier am Oste vun Tschechien sinn um Samschdeg eelef Persounen, dorënner och dräi Kanner, ëm d‘Liewe komm. De Brand war an enger Wunneng am 11 Stack vun engem 13 stäckegen Héichhaus zu Bohumin (Oderberg) ausgebrach an huet sech op déi doriwwer leiend Wunnengen ausgebreet. D‘Pompjeeë ware mat engem Groussopgebuet op der Plaz.

Et ass dat schlëmmste Feier zanter 30 Joer, an d‘Police huet ugekënnegt, datt ee ganz genee wäert préiwen, wéi et dozou komme konnt. Aenzeien hunn ausgesot, datt verzweiwelt Mënschen op der Flucht virum Feier an dem Damp aus der Fënster gespronge wieren. Dat gouf spéider esou och vun de Pompjeeë confirméiert. E psychologescht Team huet sech ëm dës Leit gekëmmert.

Feier

© Lukas Kabon / AFP

Laut den éischten Ermëttlunge schéngt sech bei dësem Feier ëm eng kriminell Dot ze handelen. Den Inneminister Jan Hamacek huet owes op der Tëlee a senger Stellungnam drop higewisen, datt dëst Feier am Kontext vun engem Noperschaftssträit kéint geluecht gi sinn. Eng verdächteg Persoun wier an dësem Zesummenhang vun der Police verhaft ginn.

mat indymedia/prg

Illustratioun: © Yaoqi Lai / unsplash

Ähnlech Sujeten Bohumin, Brandstëftung, Feier, Tschechien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel