Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pëll, Kondom a Co.: Gratis Verhütungsmëttel an all Alter
International Neiegkeeten

Pëll, Kondom a Co.: Gratis Verhütungsmëttel an all Alter

No der politescher Rentrée sollen Upassungen am Beräich vum Accès

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
International Neiegkeeten

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
International Neiegkeeten

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!

Bei der 10. Editioun vum urbanen Danz-Festival fir Jonker mam

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!

De Bëschbrand op der Insel Gran Canaria ass weiderhin net ënner Kontroll ze kréien. Elo hu gutt 4000 Mënschen op der spuenescher Vakanzendestinatioun missen a Sécherheet bruecht ginn. Iwwert 600 Persoune sinn am Asaz, 3400 Hektar Land si schonn zerstéiert ginn.

Um Samschdegowend ass d’Feier an der Géigend vu Valleseco ausgebrach. Bis ewell konnt een de Flamen nach net Meeschter ginn. De President vun de Kanareschen Inselen Ángel Víctor Torres deelt mat, datt dat waarmt Wieder an déi niddreg Loftfiichtegkeet et immens schwéier maachen, dat extrem aggressiivt Feier ze kontrolléieren. Esou hunn elo 4000 Mënschen aus 40 Uertschafte missen evakuéiert ginn. Schliisslech solle keng Doudeger riskéiert ginn.

Gran Canaria

Ënnert anerem huet de beléiften Aussiichtspunkt beim Kräiz vun Tejeda misse gespaart ginn, sou wéi och zuelräich Stroossen. D’Autoritéite solle wuel vu Brandstëftung ausgoen. Dobäi waren eréischt viru kuerzem d’Gemengen Tejeda an Artenara vun engem staarke Feier an de Bierger betraff gewiescht. Ronn 1500 Hektar si südwestlech vun der Haaptstad Las Palmas verbrannt.

Déi 600 Pompjeeën si weiderhin am Gaang, zesumme mat 2 Fligeren an 9 Helikopteren, de Brand ze läschen. Eleng d’Dréchent huet de Baueren op der Insel schonn immense Misär abruecht, d’Feier verschlëmmert d’Situatioun extrem.

Ähnlech Sujeten Angel Víctor Torres, Bëschbrand, Feier, Gran Canaria, Spuenien, Valleseco
Nächsten Artikel Virrechten Artikel