Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
International Neiegkeeten

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht
International Neiegkeeten

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht

Et ass schonn déi 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg,

ULC: „D‘Wahlprogrammer an hir Verspriechen“
International Neiegkeeten

ULC: „D‘Wahlprogrammer an hir Verspriechen“

D‘Chamberwahle sti vrun der Dier, an och de Konsumenteschutz (ULC)

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet

Vun de Flamen an hire Gefier gefaangen: op mannst fënnef Persoune sinn an engem gewaltege Feier ëm d‘Liewe komm, dat sech um Freideg iwwert de Norde vu Kalifornien geluecht hat. Am Süde war Malibu vun engem weidere Feier bedreet, datt sech rapid ausgebreet huet.

Et waren d‘Männer vum Sheriff vun der Grofschaft Butte, déi d‘Affer an hire Gefierer opfonnt hunn. Si goufen an der Stad Paradise, nërdlech vun der Haaptstad Sacramento, entdeckt. Hei haten d‘Autoritéiten déi 26.000 Awunner opgefuerdert d‘Stad ze evakuéieren.

„Dem éischte Constat no, waren d‘Affer an hire Gefierer, wéi si versicht hunn ze flüchten. (…) Opgrond de schwéiere Verbrennunge konnten se nach net identifizéiert ginn“, esou d‘Präzisioune vum Sheriff-Büro. Dosende Persoune ginn nach ëmmer vermësst.

600 Kilometer südlech, bei Los Angeles, war et d‘Stad Malibu déi an Alarmbereetschaft gestallt war. Schold dorunner e gewaltegt Feier dat en Donneschdeg 20 Kilometer nërdlech ausgebrach ass. Alles an allem sinn 150.000 Mënschen opgefuerdert ginn ze evakuéieren.

Eng schwiereg Situatioun

Am Norde vu Kalifornien hunn d‘Enquêteure e Freideg no weideren Affer vum Feier gesicht. Eng schwiereg Situatioun, wëll d‘Feier dat de Numm „Camp Fire“ (Lagerfeier) erhalen huet, war duerch d‘Ëmstänn alles wéi net ënner Kontroll ze bréngen.

Paradise ass eng amerikanesch Klengstad déi zimlech isoléiert geleeën ass, a gouf vum Feier net verschount. Grouss Deeler vun der Stad si vum Feier, dat um Donneschdeg ausgebrach ass, zerstéiert ginn. Staarke Wand hat dem Feier verhollef sech séier auszebreeden.

Duerch de Wand, war Paradise séier vun déckem Damp an Äschen zougedeckt, wat et den Awunner nach eppes méi komplizéiert gemaach huet fir ze flüchten. Laut de Pompjee vu Kalifornien (Cal Fire) huet d‘Feier iwwer 280 Quadratkilometer ravagéiert.

Immense Schued

Honnerten Haiser, e Spidol, eng Tankstell, ongezielte Gefierer an e puer Restaurante sinn Affer vun de Flame ginn. Vum Blackbear Diner, war nach grad emol d‘Schëld: „Welcome to Paradise“ iwwreg bliwwen, wéi et de Fotograf vun der AFP androcksvoll notéiert huet.

D‘Buergermeeschtesch vu Paradise, Jody Jones, stellt fest: „Mir hunn e Lycée an zumindest eng vun de Primärschoule verluer“. Dobäi hunn 2.200 Pompjeeën sech géint d‘Flame gewiert. Si goufen dobäi vun Helikopter an enger Armada un Tankween ënnerstëtzt.

„D‘Ausmooss vun der Zerstéierung déi mir gesinn hunn ass net a Wierder ze faassen“, esou de Mark Ghilarducci vum Gouverneur-Büro. Fir d‘Grofschaft Butte ass den Noutstand ausgeruff ginn, an fir Nopesch-Stied ass den Uerder zur Evakuatioun erausgaangen.

Stress pur

Zu Malibu sinn eng 30 Haiser de Flamen zum Affer gefall, an de „Woolsey Fire“ huet gutt 50 Quadratkilometer Land zerstéiert. D‘Evakuatioune betreffen hei den Norde vun der Stad, déi renomméiert ass fir seng wäiss Stränn.

En Deel vun der Klengstad mat 12.000 Awunner huet kee Stroum. Déi lokal Televisiounschaînen hunn e Freideg laang Auto-Schlaange gewisen, déi Malibu iwwert d‘Küstestrooss – déi eenzeg Sortie Richtung Los Angeles – verlooss hunn.

Kalifornien

D‘Feier ass esou gewalteg, datt een nach grad esou d‘Silhouette vum Pompjee erkenne kann. © Robyn Beck/AFP

D‘Heili Hoffmann (23) huet eis erzielt: „Ech gebierteg vu Malibu an hunn d‘Flame gesinn iwwert d‘Bierger op d‘Haus duer kommen. Ech hu gericht wéi d‘Beem gebrannt hunn a wousst datt ech mech misst duerch d‘Bascht maachen, fir meng Sécherheet“.

Een Ongléck jot dat anert

D‘Feier war bei der Stad Thousand Oaks, wou en 28 järegen Zaldot um Mëttwoch an enger Bar ëm sech geschoss, dobäi 12 Mënschen ëmbruecht an sech uschléissend selwer geriicht huet. Fir d‘Rettungsdéngschter vill Asätz an engem kuerzen Zäitraum…

„Et ass grad stresseg“ esou d‘Responsabel vun der Grofschaft Ventura, Linda Sparks. „Vill Leit vun de Rettungsdéngschter hu kee Schlof kritt, a well et weider Bränn a Kalifornien gëtt, hu mir net esouvill Ënnerstëtzung kritt, wéi mir eis dat gewënscht hätten.

En anert Feier, westlech vun Thousand Oaks, datt als „Hill Fire“ bezeechent gëtt, hëlt un Intensitéit of, huet awer 24 Quadratkilometer Terrain an Äsche verwandelt. Cal Fire kann den Ament fir keent vun de Bränn Entwarnung ginn, a kann den Awunner nëmme roden op d‘Autoritéiten ze héieren.

Scho bal „Normal“

Säit Enn 2017, gëtt Kalifornien vun enger helle Wull u Feier a Bränn heemgesicht. Si sinn och dowéinst esou zerstéieresch, well d‘Dréchent an déi klimatesch Konditioune, dem Feier entgéint kommen. Et brauch dann och wéineg, fir datt e klengt Feier zur Katastroph ausaart.

Am September konnt de „Mendocino Complex“ no zwee Méint ustrengender Bekämpfung ënner Kontroll bruecht ginn. Dëst Feier huet gutt 190.000 Hektar Bësch an Äsche verwandelt, an geet als gréisste Bëschbrand vum Staat Kalifornien an d‘Geschichtsbicher an.

D‘Feier „Carr“ datt am Juli an August an der Regioun vu Redding aacht Mënscheliewe gefuerdert huet, dorënner dräi Pompjeeën, hat, iert et konnt geläscht ginn, 93.000 Hektar Land zerstéiert. D‘Pompjeeën hate ganzer sechs Woche gebraucht, dëse Brand ze läschen.

mam Josh Edelson an dem Laurent Banguet/AFP

Foto: Am Kader vun der Bekämpfung vum „Woolsey Fire“ si 75.000 Awunner evakuéiert ginn. D‘Pompjeeën hunn d‘Leit iwwert d‘Küstestrooss (Highway 1) aus dem Geforeberäich geleet. © Robyn Beck/AFP

Ähnlech Sujeten Bëschbränn, Cal Fire, Feier, Kalifornien, Malibu, Paradise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel