Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“
International Neiegkeeten

Annie Proulx: „Ech wënsche mir, ech hätt d’Geschicht ni geschriwwen“

Mat „Brokeback Mountain“, der Verfilmung vun hirem Roman iwwer déi heemlech

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi
International Neiegkeeten

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi

Viru kuerzem ass den touristesche Groussprojet „Suneo Park“ zu Wäisswampech

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!
International Neiegkeeten

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!

Um kommende Samschdeg, den 8 Juni 2019 ass zu Esch

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll

Nom Feier an engem vun de bekanntste reliéise Gebaier op der Welt, hunn déi Paräisser Pompjeeën de Moie matgedeelt, datt esouwäit alles ënner Kontroll ass. De Brand wier gréisstendeels geläscht, mee et géif nach kleng Feierplazen ëm déi sech muss gekëmmert ginn.

Paräis, et ass de fréien Owend vum Méindeg de 15. Abrëll an d‘Leit fänken un de Feierowend ze genéissen, wéi op emol dausende Sireenen iwwert der Ile de la Cité ze héiere waren. Iwwert der Notre-Dame Kathedral war Damp ze gesinn. Et war véierel vir Siwen, wéi um Späicher vun der Kathedral de Brand entdeckt ginn, an den Alarm ausgeléist ginn ass. Wat war geschitt?

Wat d‘Feier ënnert dem Dach vun der Kathedral ausgeléist huet, dat muss d‘Enquête klären. Bis ewell gëtt ugeholl, datt d‘Feier am Zesummenhang mat de Renovéierungsaarbechte steet. Eng virsiichteg Thees säitens de Pompjeeën deit drop hin, datt de Brand vum Baugerüst dat um Dach installéiert war, ausgaangen ass. Et goufen dann och all verfügbar Kräften hei zesummegezunn.

Paräisser

Fir de Spriecher vun der Kathedral, André Finot, besteet de grousse Risk, datt de Späicher, den zu engem Deel aus dem 19. Joerhonnert, an zum aneren aus dem 13. Joerhonnert staamt, ganz vun de Flamen zerstéiert kéint ginn. De klengen Tiermchen an der Mëtt vum Daach ass schonn agebrach, an et gouf gefaart, datt d‘Feier sech bis zum Verwëllef, deen d‘Gebai schützt, kéint duerchschloen.

Méi wéi eng touristesch Attraktioun

Déi am Häerze vun der franséischer Haaptstad geleeë Kathedral, gehéiert zu de bescht besichten Touristenattraktiounen. Notre-Dame (ons-Léif-Fra-vu-Paräis) gouf dem hellege Maria zu éieren, tëscht 1163 an 1345 erriicht. Wéi all d‘Kierchegebaier aus dëser „Zäit“ huet et gedauert, an esou huet och Notre-Dame 200 Joer op Fäerdegstellung gewaart. Gebaut gouf se am gotesche Stil.

Paräisser

Ee vun de literaresch bekanntste Wierker zu dësem Gebai: „De Glöckner vu Notre-Dame“ aus der Fieder vum Victor Hugo. D‘Kathedral gëllt dann och als Symbol. E Symbol sécherlech fir déi Gleeweg an d‘Fransousen, mee am Laf vun de Joerhonnerten och e Symbol fir d‘Mënschen op der ganzer Welt. Si gëllt zudeem als „Tempel“ vun de beschten Uergelspiller op der Welt.

Paräisser

Wéi d‘Police nach gëschter bestätegt huet, ass kengem ee Leed passéiert, an och en terroristeschen Hannergrond ass auszeschléissen. De President Emmanuel Macron an d‘Buergermeeschtesch vu Paräis, Anne Hidalgo, haten sech – nach iert si sech op de Plaz en eegent Bild vun der Situatioun maache konnten – éischt Reaktiounen iwwert de Messenger-Service Twitter matgedeelt.

Éischt Reaktiounen aus aller Welt

Nach um spéiden Owend huet den Emmanuel Macron um Parvis vun der Kathedral verséchert: „Mir wäerten Notre-Dame nees opriichten“, an dofir soll – wéi et haut de Moie bestätegt ginn ass – eng „national Collecte“ organiséiert ginn. Hien huet sech „zefridde“ gewisen, datt dat schlëmmst konnt verhënnert ginn an weder d‘Fassade nach déi zwee Haapttierm agefall sinn.

Paräisser

Den US-President Donald Trump schéngt och bestierzt. Op Twitter schreift de Milliardär: „Et ass esou schrecklech dat gewaltegt Feier vun der Kathedral Notre-Dame ze gesinn. Villäicht kënne Waasserbombardieren agesat gi fir et ze läschen. Et muss séier agéiert ginn.“ Woumatter alt nees bewisen ass, datt Amerikaner an aneren Dimensiounen denken.

Paräisser

Zu Köln huet den Domprobst (Prévot) Gerd Bachner d‘Noriicht erschüttert: „Mir si a Gedanke mat alle Katholiken an alle Fransousen an trauere mat hinnen“. Eng ähnlech Gefor géif awer net fir den Doum zu Köln bestoen. Hei wier den Daachstull am 19. Joerhonnert aus Stol gebaut ginn, wat mat de Grond dofir ass, datt dëst Gebai de Bommen am zweete Weltkrich standhale konnt.

Am Vatikan huet de Spriecher vum Poopst Francis matgedeelt: „Mir stinn un der Säit vun de franséische Katholiken an den Awunner vu Paräis, a biede fir d‘Pompjeeën an allen déi eppes domatter ze dinn hunn eis Gebieder zou“. Zu Lëtzebuerg hält sech den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zréck. Hei ass keng Ausso gemaach ginn, mee den Artikel vun AFP retweet ginn.

Leschte Stand

De Moie géint 5 Auer, hunn d‘Autoritéiten iwwert de leschte Stand vun der Sitautioun bericht. Alles an allem waren eng 400 Pompjeeën am Asaz. De groussen Deel vum Kiercheschëff ass agefall. Vun de ronn 250 Tonne Bläi déi hei verschafft goufen a geschmolt sinn, géif eng enorm Hëtzt ausgoen, wat d‘Läschaarbechte behënnert huet. Elo awer wier gréisstendeels alles nees ënner Kontroll.

Paräisser

Vill vun de Konschtwierker an der wäertvolle kierchleche Saache konnte „gerett“ ginn. Problemer hunn déi Wierker de Pompjeeë gemaach, déi fest verbaut sinn. Bis op Weideres géif de Beräich ronderëm d‘Kathedral Notre-Dame wäitraimeg ofgespaart bleiwen. Fir d‘Awunner aus der direkter Ëmgéigend ass eng Hall opgemaach ginn, wou si opgeholl a wann néideg verfleegt ginn.

mat indymedia/par

Ähnlech Sujeten Feier, Groussbrand, Kathedral, Notre-Dame, Paräis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel