Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘ULC huet och eng Meenung zum Regierungsprogramm
Neiegkeeten Sport

https://moien.lu/free-online-dating-site-in-ukraine/

Si hunn sech e gewënscht an och dofir gekämpft: de

who is fangs dating
dating 1970s stratocaster
Neiegkeeten Sport

Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser

Also wat do nees a Groussbritannien eng opgefouert gëtt, just

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement
Neiegkeeten Sport

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement

Am US-Staat Iowa ass ee Mëttwoch, dat schäerfste Gesetz zum

Feldbouschéissen: De Gilles Seywert hëlt sech verdéngt de Meeschtertitel

Am Kader vun der nationaler Meeschterschaft am Feldbouschéissen, huet de Gilles Seywert (Wilhelm Tell Stroosssen) seng gutt Form bestätegt. Mat 781 Punkten (391 Samschdes an 390 Sonndes) huet hien sech verdéngt de Meeschtertitel geholl.

D‘Bouschéisser vun der „Fine Flèche Walferdange“ organiséieren all Joers en internationaalt Turnéier am Feldbouschéissen, dat sech grousser Beléiftheet erfreet. E groussen Deel vun de ronn 100 Participante kommen dann och schonn zanter Joren op Walfer. Dëst Joer war dann och nach déi national Meeschterschaft am Feldbouschéissen (Field) an den Tournoi um Geierbierg mat agefloss.

Mat engem gutt duerchduechte Parcours, deen sech iwwer ronn 4,5 Kilometer zu gréissten Deel am Bësch befonnt huet, waren et dann och déi flott summerlech Temperaturen, déi de Bouschéisser am meeschten ofverlaangt haten. Vill vun de Scheiwe waren technesch usprochsvoll, wat dann och de Charme vun esou engem Tournoi ausmécht. An alleguerten hunn se d‘Erausfuerderung ugeholl.

Et ass an dräi Klassen: Barebow/LongbowCompoundRecurve geschoss ginn, woubäi et natierlech och Ënnerdeelunge ginn huet no Alter a Geschlecht. De jéngste Sportler bei dëser nationaler Meeschterschaft, war dann och grad emol 8 Joer jonk an den eelste Participant war der 76. Dat just fir ze verdäitlechen, datt et e Sport ass, dee sech fir all Altersklass ubitt.

Eng Famill, fënnef Natiounen…

Déi 1. Editioun vum Walfer „Field“ Tournoi hat 1977, deemools nach um Trimm-Dech Parcours, stattfonnt. En Tournoi dee mat de Jore gewuess ass a sech eng fest Plaz am Lëtzebuerger Sport-Kalenner gemaach huet. Iergendwann huet den Trimm-Dech Parcours net méi den Ufuerderunge vun de Sportler entsprach, an d‘Fine Flèche Walfer huet den Tournoi op de Geierbierg verluecht.

D‘Plaz ass immens, an uewen um Plateau stéiert ee keen. Woubäi et bei dëser Sportaart souwisou éischter „roueg“ ofleeft, e Feil mécht jo och kee Kaméidi. D‘Atmosphär ass entspaant, Stress hei e Friemwuert. Jidderee potert mat jidderengem, an dat se Konkurrente sinn, erkennt een zu gudder Lescht dorunner, datt et um Enn eng Präisverdeelung gëtt.

Um internationale Volet vum Tournoi, bedeelegen sech nieft de Lëtzebuerger, Bouschéisser aus der Belsch, Holland, Däitschland a Frankräich. E vun de gréisste Veräiner dëst Joer, war „Archers du Chuffin“ vun Theux (dat ass an der Belsch bei Spa). Si ware mat 12 Tireure komm, woubäi et muss erlaabt sinn ervirzehiewen, datt d‘Dammen an Iwwerzuel waren.

Dëse Club ass dann och vun Ufank u mat derbäi, a kee ka sech virstellen e Joer ausfalen ze loossen. Allgemeng ass d‘Ausso déi, datt de Kader flott ass an d‘Leit deenen een hei begéint, sympathesch sinn, an een ëmmer neier kenne léiert. Gutt gelaacht hu mir bei enger „Randbemierkung“. Esou huet d‘Pascale nom absolvéierte Parcours eng Tournée „Waasser“ ausginn. En Première a 15 Joer…

… an dat schwätzt sech ronderëm

A wéi flott de Field-Tournoi zu Walfer ass, hunn d‘Bouschéisser vun Theux och hire Frënn erzielt. Esou kënnt et, datt d‘Peggy an den Denis, vum „Club St. Sebastien“ aus Villeneuve d‘Asq (F) och op Walfer komm sinn. Si ware vun hirer éischter Participatioun begeeschtert, de flotte Parcours an d‘Ambiance iwwert de ganze Weekend, ass Motivatioun genuch fir d‘Nächst Joer erëmzekommen.

Da war do och nach de Frans van den Bersselaar, dee wéi de Numm et scho verréit, Hollänner ass. Fir de Senior vum Club „Pieter Breugel“ war d‘Editioun 2018 déi 30. an hien huet verséchert, datt et net déi lescht war. De Parcours wier „Perfekt“ gewiecht, den Empfang an de Service beispillhaft. Hie wëll dem Veräin, an der Gemeng déi dësen tatkräfteg ënnerstëtzt, dofir ee grousse Merci soen.

Weider léif Leit, déi mir beim 3D-Tournoi op der selwechter Plaz am Abrëll kenne geléiert hunn, waren och nees do. Zu hirer véier Mann hunn si d‘Faarwe vun de „Sons of Archery“ vertrueden, a well et ebe flott ass, och nach eng Medail mat op Metz geholl. Hinnen huet et gutt gefall, datt de Parcours deels ganz technesch opgebaut war, an si sinn decidéiert dat anert Joer erëmzekommen.

Si haten et net esou wäit

D‘Begeeschterung ass grouss, an dat net eleng bei de ville Participanten aus dem noen Ausland. Nee och déi Lëtzebuerger Bouschéisser géife fir näischt an der Welt dësen Tournoi ausfale loossen, wourauser e schléissen dierf, datt si net nëmme wéinst der nationaler Meeschterschaft op de Geierbierg komm sinn. Et kennt ee sech, an et ass ëmmer e flotte Moment.

Ervirzehiewen ass hei, datt sech d‘Bouschéisser vu Stroossen (Guillaume Tell) an déi Escher (Bouschéisser Esch-Uelzecht) virun den Diddelenger an de Walfer Bouschéisser placéiert kruten. D‘Famill Seywert, wou mir agaangs scho konnte festhalen, datt de Gilles den Titel erhalen huet, an säi Papp de Marc, deen a senger Klass sëlwer kritt huet, waren „iwwerzeegend“.

Déi Escher, also den Tun, den David an de Jos, hunn och vill luef fir de Parcours iwwreg gehat, an dësen esouguer eng Grëtz besser fonnt wéi am leschte Joer. Den David, fir deen et schonn déi 5. Kéier war, huet 2-3 Scheiwen als „Erausfuerderung“, besonnesch fir de Barebow, ëmschriwwen. Si hunn dann d‘Geleeënheet och genotzt fir op hir Tournoien hinzeweisen.

Zu Esch-Uelzecht, net wäit ewech vum Déierenasyl, fënnt de Field-Tournoi ëmmer de leschte Weekend am August statt (25. & 26. August). Hei ass de Parcours eppes méi grousszügeg ugeluecht a bitt och fir Zuschauer vill Ënnerhalung. Direkt de Weekend drop ass et dann den internationalen 3D-Tournoi (1. & 2. September). Hei wäerte mir vill Frënn vu Walfer erëmgesinn.

Vu méi a manner „Erfarung“

Wat bei dësem Sport immens ass, ausser datt e vill an der Natur ënnerwee ass, ass de Constat, datt een dee vum klenge bis an den héijen Alter ausübe kann. Esou wéi de Jos Kass (Bouschéisser Esch-Uelzecht), deen zanter 51 Joer säi Sport lieft. Als eenzeg Konzessioun un de Alter, huet de Jos de Recurve géint de Compound Bou getosch, deen ass méi liicht.

Richteg Freed huet eis de Randy Schuler vun de Mousel Archers gemaach. De Krappert vun 8 Joer huet seng éischt Feiler am November d‘lescht Joer ofgeschoss, sech en Talent entdeckt an gëtt scho gutt eens. An eigentlech huet hien de Sport an der Vakanz kenne geléiert, d‘Mamma Isabelle an de Pappa Jacques uschléissend am Veräin ugemellt.

A wéi dat esou am Liewe geet, d‘Mamm an de Papp hunn sech beim „nokucken“ eppes gelangweilt. Do läit et no, wann ee sech da scho wëll beschäftegen, selwer e Bou an de Grapp ze huelen. Nujee, wat soll ee soen, elo hunn se e gemeinsamen Hobby. A wann de Randy weiderhin esou begeeschtert mat Feil a Bou ëmgeet, wéi hien dat zu Walfer bewisen huet, dann ass d‘Zukunft geséchert.

Bei der Präisiwwerreechung huet de President vun der Federatioun (FLTA) Mike Becker all d‘Participante fir hir Leeschtung begléckwënscht, dem ausdroende Veräi fir déi exemplaresch Organisatioun Merci gesot, an niewebäi drop higewisen, datt Lëtzebuerg dëse Weekend beim Tournoi zu Sofia vun enger gudder Equip vertrueden ass. Mir wäerten doriwwer beriichten.

Foto & Galerie: © Martine de Lagardère

Resultater

Ähnlech Sujeten Bouschéissen, Feldbouschéissen, Fine Flèche Walfer, Gilles Seywert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel