Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Prënz Guillaume gëtt neie Scoutechef
Meenung Neiegkeeten

De Prënz Guillaume gëtt neie Scoutechef

Nom dout vum Groussherzog Jean, deen zanter dem Enn vum

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen

Fraen si déi besser Männer! Esou zumindest presentéiert sech déi

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!
Meenung Neiegkeeten

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!

Den Äisbier braucht dat arktescht Mieräis fir Robben ze joen.

Fëmme kann déidlech sinn – d’Ophalen ass awer esou schwéier…

Fëmme kann déidlech sinn – d’Ophalen ass awer esou schwéier…

Ech fëmmen. Schonn op mannst 20 Joer laang. A mäi Virsaz fir dat neit Joer ass allkéiers de Selwechten: mat deem Dreck ophalen. Mä et bleift just dobäi, ech hunn et nëmme gepackt mäi Konsum pro Dag ze miniméieren.

Een Häerzensmënsch aus mengem familiären Ëmfeld huet d’lescht Joer d’Diagnos Longekriibs kritt. Ech war um Buedem zerstéiert. De Klick ass awer net bei mir ukomm, nodeems ech si am Spidol besicht hunn, hunn ech mir missen eng ufänken. Ze grouss war de Schock ze gesi wat d’Chemotherapie mat hir gemaach huet. Et war nëmmen nach e Schiet iwwereg, den Doud gesäit bestëmmt ähnlech aus.

An elo steet de Coronavirus virun eiser Dier – a ganz éierlech, ech maache mir Gedanken. Mat mengen Thrombosen, Gerënnungsproblemer a Longenentzündunge gehéieren ech zu de vulnerabele Persounen. Gutt, ech bleiwen heiheem, mä d’Angscht zitt seng Kreesser. Ech sinn dem Doudesengel scho puermol vun der Schëpp gesprongen, ma ech si keng Kaz, iergendwann verléisst mäi Schutzengel mech.

All Strapp huet e batteren Nogeschmaach, ech misst et besser wëssen. Sollt ech krank ginn, däerf ech beootmet ginn oder kritt een aneren den Apparat? Ee méi Verantwortungsvollen? Ech maache mech geckeg mat all deene Froen.

Fëmme

© Cata / Unsplash

Mëttlerweil huet de Kriibs bei mengem Häerzensmënsch gestreet, ech weess net wéi dat aus geet … Sollt mir dat keng Léier sinn? A Motivatioun? Wat geschitt wa mir de Virus net an de Grëff kréien? Muss si eleng stierwen? Ouni eng Ëmäerbelung? Ouni een „Ech hunn dech gär!“

Wéi ginn ech déi Sucht lass? Et gi Mënschen déi vun engem Dag op deen aneren ophalen, ma ech falen allkéiers zeréck. Soubal ech den Zidderer kréien oder Nervositéit verspiere war et dat. An da kéint ech mech mam Fouss an den Aarsch rennen.

Mäi Bopa hat e staarke Charakter, hien huet sech eng Zigarett op de Kamäi gestallt, allkéiers wann d’Loscht hien iwwerrannt huet, huet en se ugekuckt a gesot: Ech si méi staark ewéi’s du! Ech mengen, ech muss mir dës Wierder zum Virbild huelen. An endlech handelen. Angscht kann ech och anescht verschaffen. Méi gesond. Kreativ.

Villäicht fänken ech mat Baken un? Gëtt et iwwerhaapt nach Miel an de Geschäfter? Hëlleft Knätsch? Oder ech kritzele Molbicher voll – et gi sécherlech nach aner Méiglechkeeten. Soll ech all Dag iwwert mäin Entzuch schreiwen? Wéi hutt Dir dann de Kampf géint den Nikotin gewonnen? All Tipp ass wëllkomm …

Opmaacherbild: ©  Mathew MacQuarrie / Unsplash

Ähnlech Sujeten Entzuch, Fëmmen, Gesondheet, Gewunnescht, Longekriibs, Ophalen, Sucht, Zigarett
Nächsten Artikel Virrechten Artikel