Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?
Neiegkeeten

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?

Dëst Joer fanne Chamberwahle statt. D’Lëtzebuerger wielen, wéi eng 60

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt

Nom prinzipiellen Accord vu Mëtt Februar, huet d‘Gewerkschaft OGBL elo

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht
Neiegkeeten

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht

Wann sech haut d‘Kierchemänner mat hirer Direktioun am Vatikan eng

Ass fëmmen an der Ëffentlechkeet nach Zäitgeméiss?

Ass fëmmen an der Ëffentlechkeet nach Zäitgeméiss?

Datt fëmmen net Gesond ass, muss sécherlech net méi betount ginn. An et ass och richteg, datt Erwuessener déi an der Ëffentlechkeet fëmme kee gutt Beispill fir d‘Kanner sinn. Zudeem gëtt d‘Fëmmen ëmmer méi oft ugeprangert. Esou beispillsweis an enger Petitioun vum leschte Joer (Petitioun 1069 vum Daniel Reding am Juli 2018) déi awer vun der Regierung zréckgewise gouf.

Elo dann eng nei Petitioun (1479), agereecht de 15. Januar vum Elena Kazmina, mat där e Verbuet gefuerdert gëtt, dee wäit iwwert de Kader vum gefuerderte Verbuet vu „Fëmmen op der Terrass vun engem Café oder Restaurant“ erausgeet. An hirer Petitioun fuerdert d‘Elena Kazmina e Verbuet fir d‘Fëmmen am Ëmkrees vun 20 Meter vun engem Agang zu engem Gebai, oder Bus/Tram-Arrêten.

Si bezitt sech mat hirer Fuerderung an éischter Linn op d‘Agäng vun „kommerziell“ genotzte Gebaier (Administratiounen, Akafszenter, gastronomesch Betriber). Si motivéiert hir Petitioun mam Hiweis: „Aktuell verhält et sech esou, datt déi meescht Geschäftszentren (…) d‘Äschebecher a Fëmm-Zonen direkt bei der Entrée hunn. (…) an d‘Leit déi eran oder erausginn, keng aner Wiel hunn, wéi den Zigarettendamp anzeootmen“.

Zanter dem 31. Januar kann d‘Petitioun ënnerschriwwe ginn, mee esou wierklech Succès huet se nach net. Op haut de Moien hunn eppes méi wéi 200 Persounen hir Ënnerschrëft gemaach a bis den 12. Mäerz Mëtternuecht, bréicht et insgesamt 5.000 Ënnerschrëfte, fir den Debat an der Chamber méiglech ze maachen. Op dee méiglech ass? Net sécher, mee et ass ee Sujet mat „Potential“.

Et gëtt scho Verbueter

Lëtzebuerg huet schonn ee sougenannt Anti-Tubak-Gesetz (11 August 2006) dat 2017 duerch eng EU-Direktiv (2014/40/UE) amendéiert ginn ass. Doranner gëtt festgehalen, datt et verbueden ass an zouenen ëffentleche Raimlechkeeten, op Spillplazen, a Sportinfrastrukturen (wa Jugendlecher ënner 16 Joer uwiesend sinn), jo esouguer am Auto (wa Kanner ënner 12 Joer dra sëtzen) ze fëmmen.

Alles Moossnamen déi verständlech sinn an och Sënn maachen. Vun do aus drop ze schléissen, datt ee Fëmmverbuet op der Terrass vun engem gastronomesche Betrib, um Busarrêt oder vrun der Dier vu senger Aarbechtsplaz Sënnvoll ass, dat dierft d‘Motivatioun hannert dëser Petitioun sinn.

fëmmen

An de Gare goufen extra Plazen ugeluecht, fir datt d‘Fëmmerten déi aner Voyageuren net incommodéieren. Och dat soll an Zukunft verbuede sinn. © Alev Takil / unsplash

Wat d‘Gefëmms op den „Terrassen“ ugeet, esou huet d‘Regierung sech sengerzäit op ee Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) bezunn, aus deem ervirgeet, datt déi bestoend Mesuren ausräichend sinn, fir den Tubakkonsum bei de jonken ze „Denormaliséieren“. Et ass unhand dëser Decisioun net ersiichtlech, firwat d‘Regierung sech elo sollt anescht entscheeden.

Déidlech Ofhängegkeet

Laut de Schätzunge vun der WHO géife Joer fir Joer eng 600.000 Leit virzäiteg dat zäitlecht seene well si fëmmen. D‘Weltgesondheetsorganisatioun gëtt sech och net midd ëmmer nees drop hinzeweisen, datt sech an den Zigaretten iwwer 4.000 chemesch Produite verbiergen, vun deenen der op d‘mannst eng 250 als Kriibserreegend unerkannt a bestätegt sinn.

D‘WHO stellt allerdéngs och fest, datt d‘Gefor vun enger „passiver Inhalatioun“ haaptsächlech a geschlossene Raim besteet, während een am Fräie scho misst ganz „no dru sinn“ fir engem reelle Risk ausgesat ze sinn. Wat also kéint d‘Regierung an d‘Chamber motivéieren ze legiferéieren?

Hale mir also fest, datt nieft dem Aspekt „Gesondheet“ – och wann sech elo d‘Petitioun net drop bezitt – och e gewëssen Ëmweltschutz-Facteur sollt berécksiichtegt ginn. Wéi ee Schued d‘Stëmp (also eigentlech de Filter) uriichten ass bekannt, an et gëtt ëmmer méi Stied op der Welt, wou ee mat engem zolitte Protokoll rechne muss, wann ee seng“Iwwerreschter“ op de Buedem gehäit.

Elo stinn awer generell op deene Plazen, vun deenen an der Petitioun gefuerdert gëtt, datt si engem Verbuet sollten ënnerleien, Äschebecher. Dat heescht, hei sollt een dovunner ausgoen, datt och wa Fëmmerten net gesond liewen, si op dëse Plazen hire Knascht richteg entsuergen, nach…

Foto: © Abdel Ibarra / unsplash

Ähnlech Sujeten Elena Kazima, Fëmmen, Intoleranz, Petitioun 1069, Petitioun 1479, Toleranz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel