Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter
Angry Neiegkeeten

En neie Logo kréint d’Reform vun de Rettungsdéngschter

Um Méindeg huet den Inneminister Dan Kersch de neie Logo

Cannes hält den Otem un
Angry Neiegkeeten

Cannes hält den Otem un

Zu Cannes zitt sech de Jury vum Pedro Almodovar zréck

coolcryingsurprise
OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“
Angry Neiegkeeten

OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“

Lëtzebuerg ass aktuell beméit sech der europäescher Direktiv 2016/279 unzehuelen,

angry

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Ass et un der Zäit, fir un der Präisschrauf ze dréinen?

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Laut enger Ëmfro vun der Fondation Cancer fëmmen 21% vun de Lëtzebuerger. No jorelaanger Stagnatioun wier domat den Undeel vun de Fëmmerten nees geklommen, esou d’Fondatioun. Gefrot goufen insgesamt 4.225 Lëtzebuerger am Alter vun iwwer 15 Joer.

Et ginn awer och gutt Noriichten: Nodeems tëscht 2013 an 2016 den Undeel vun de Fëmmerten bei den 18- bis 24-Jähregen op 26% geklomme war, ass en am Joer 2017 ëm véier Prozentpunkten erof gaangen. Mee virun allem déi jonk Frae maachen engem do Suergen. Hei klammen d’Zuelen zënter Joren a si fëmmen och méi, wéi hir männlech Kollegen (24% géint 21%).

16% sollen esouguer all Dag fëmmen. 2014  bis 2016 waren et der nëmmen 15%. Den éischten Ament kléngt et da gutt, ze héieren, datt op mannst d’Zuel vun de deeglech konsuméierten Zigaretten erof gaangen ass. Esou hu bal d’Halschent vun de Leit uginn, manner ewéi 10 Zigaretten den Dag ze fëmmen. Et wier awer laut der Fondation Cancer méi wichteg, wéi vill Joer gefëmmt gëtt. A Fëmmerten, déi versiche géifen, de Konsum ze begrenzen, géingen zousätzlech mi déif inhaléieren, fir de gebrauchten Nikotin kënnen eran ze kréien.

Mat enger verschäerfter Präispolitik kéint sech d’Situatioun nach staark verbesseren

Op mannst de Wëlle fir opzehalen ass do: Ganzer 55% vun de Befrote hunn uginn, datt se ophale wëllen. Dat sinn zwee Prozentpunkte méi, wéi d’Joer virdrun. Leider gëtt op der anerer Säit d’Fëmme vun der Shisha ëmmer méi beléift. 24% vun de 15-24-Järege maachen dobäi mat, 4 Punkte méi, wéi 2016.

Doduercher erkläert sech och d’Usiicht vun der Fondation Cancer, datt dat neit Anti-Tubak-Gesetz aus 2017 eng gutt Saach ass. Dobäi ass ënnert anerem e Verkafsverbuet vun Tubaksproduiten u Mannerjäreg agefouert ginn. Et misst een awer nach dat lafend Joer ofwaarden, iert een éischt Schlussfolgerunge kéint zéien. Mee d’Fondation Cancer fuerdert eng weider Erhéijung vum Präis. Dëst wier déi eenzeg wierklech effikass Method, fir déi Jonk dovunner ofzehale, mat fëmmen unzefänken.

An der EU goufen déi lescht Zuelen 2014 publizéiert. Dobäi louch den EU-Duerchschnëtt fir Fëmmerten bei den iwwer 15-Jähregen bei 21,9%. Lëtzebuerg koum deemools op 15,6%. Zypern war op 37% komm a war domat un der Spëtzt. Déi niddregst Quot hat Schweden mat 6,5%. Eng nei Erhiewung soll am Joer 2019 geschéien.

Ähnlech Sujeten Fëmmen, Fondation Cancer, Krebs, Lëtzebuerg, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel