Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!
latino dating websites free

Mam Vëlo op d’Schaff – an dobäi flott Präisser gewannen!

Et gëtt elo déi 12. Editioun vun der traditioneller Aktioun

dating med student
latino dating websites free

best hook up sites reddit

Autofrënn opgepasst! E Sonndeg, de 16. Juni 2019 huet d’Steeseler

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt
latino dating websites free

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt

Den 30. Januar huet den Tourismusminister Lex Delles (DP), an

Fëmmen op der Terrass vum Bistro oder Restaurant bleift zoulässeg

Regierung gesäit kee Grond déi bestoend Legislatioun ze verschäerfen

Fëmmen op der Terrass vum Bistro oder Restaurant bleift zoulässeg

Am Juli 2018hat den Daniel Reding seng Petitioun, fir de Verbuet op den Terrasse vu Restauranten ze fëmmen agereecht. D‘Petitioun déi mat der Nummer 1069 enregistréiert ginn ass, huet 4.551 elektronesch Ënnerschrëften erhalen an hätt elo um Krautmaart debattéiert kënne ginn. 14 Deeg méi spéit, huet d‘Maria Carella, hir Petitioun fir d‘Recht op der Terrass ze fëmmen, agereecht. Dës Petitioun mat der Nummer 1080, huet 4.445 elektronesch Ënnerschrëften erhalen.

De Fernand Etgen (DP), Chamberpresident, huet de Petitionnaire gëschter emol fir unzefänken erkläert, datt et net ass, well een en ëffentlechen Debat zu enger Petitioun erhält, datt domatter eng Transpositioun vun Demande verbonnen ass. Zwou Petitioune mat géigesätzlechem Charakter, an eng Legislatioun déi vun der Regierung als vëlleg zefriddestellend betruecht gëtt. D‘Chance mat hire Petitiounen e gréissere gesellschaftlechen Debat erbäizeféieren, stoungen net zum beschten.

Esou hunn d‘Maria Carella an den Daniel Reding vum Gesondheetsminister, Etienne Schneider (LSAP), erkläert kritt, datt et den Ament – well keng wëssenschaftlech Etüd d‘Iddi ënnerstëtzt, datt e Verbuet op der Terrass ze fëmmen, am Interessi vun der ëffentlecher Gesondheet läit – net zu engem Amendement vum Gesetz wäert kommen. Hie bezitt sech mat senger Ausso, op eng Conclusioun vun der WHO, déi beseet datt eenzeg de Verbuet an geschlossene Raim Sënn mécht.

De Minister weist nach drop hin, datt déi bis ewell agefouert Moossnamen, ausräichend sinn. Et misst een och emol dierfen un déi gutt Manéiere vun de Mënschen appelléieren. Wie bereet ass déi aner ze respektéieren, géif sech entspriechend verhalen. An et wier jo och un de Restaurateuren hei uecht ze doen, datt net ee Client deen anere belästegt. Zudeem ass de Gestionnaire vun esou Etablissementer fräigestallt, ze entscheeden ob, op hirer Terrass dierf gefëmmt ginn.

Wirtschaftlech Interessen denoncéiert

Fir den Daniel Reding deen de Verbuet gefuerdert huet, war sech wuel bewosst, datt hie mat senger Petitioun kee gëllent Blummendëppe géif gewannen. Dat huet net verhënnert, datt hie sech ganz Selbstbewosst um Krautmaart fir säi Projet agesat huet. Hien huet och brav erkläert, datt et him a sengen Ënnerstëtzer net géif drëms goen de Fëmmert ze stigmatiséieren, mee et net dierft sinn, datt wirtschaftlech Erwägungen iwwert den Interessi vun der ëffentlecher Gesondheet gestallt ginn.

Säin Argument: „d‘Gesetz zum Verbuet an de Restauranten ze fëmmen, war net agefouert ginn, fir d‘Leit ze encouragéieren op der Terrass ze fëmmen“. Ganz vun der Hand ze weisen ass dem Daniel Reding säin Argument net. Do wou giess gëtt, soll net gefëmmt ginn, a wa méi Mënschen sech ze behuele wéissten, hätt hien déi Petitioun wahrscheinlech ni agereecht. Hie léisst zudeem net zou, datt een d‘Ofgaser vun de Gefierer déi laanscht d‘Terrass fueren, mam Tubaksdamp gläichsetzt.

Et géif ëm den Tabagissem, a Kanner wéi och schwanger Fraen oder Asthmatiker missen iwwerall geschützt ginn. Toleranz dierft keng Sakgaass sinn, a géifen sech d‘Fëmmerte verantwortlech behuelen, misst een net zu esou drastesche Fuerderunge gräifen. Hie bedauert datt d‘Autoritéiten säin Appell, déi Schwächst besser ze schützen, net gehéiert hunn. Et wier eng Victoire fir d‘Lobby vum Secteur HORESCA, esou den Daniel Reding, deen hinnen als gudde Verléierer felicitéiert.

Jidderee muss dat fir sech entscheeden

Dem Maria Carella seng Petitioun huet genee de Géigendeel gefuerdert, a gouf – wat jo och bei dësem brisante Sujet verständlech ass – vum HORESCA-Verband ënnerstëtzt. Dës Fra, déi elo zanter 30 Joer an der Gastronomie täteg ass, huet betount, datt si d‘Interesse vun esouwuel de Kollegen aus dem Metier, wéi déi vun de Clienten hei vertrëtt. Den HORESCA-President Alain Rix huet Wäert drop geluecht ze betounen, datt si während der Petitiounsphas neutral bliwwe sinn.

Et ass wuel richteg, datt wa sech de Beruffsverband fir d‘Petitioun mat enger „Campagne“ staark gemaach hätt, et zu e puer Dausend weideren Ënnerschrëften hätt kënne kommen. Si begréisse beim Maria Carella, datt sech d‘Gastronomin net eleng fir de Secteur, mee och a besonnesch fir d‘Rechter vun de Clienten asetzt. D‘Fëmmerten hu jo nëmmen nach d‘Terrass fir hirer Sucht nozekommen, an d‘Wieder spillt fir d‘Restaurateuren eng ëmmer gréisser Roll. Am Wanter iessen d‘Leit doheem…

Dat heescht net, datt d‘Fra den Argumenter vum Daniel Reding näischt ofgewanne kann. Och hir läit déi ëffentlech Gesondheet um Häerzen, mee et géif awer Grenzen. Hir wier et zudeem nach ni zu Gesiicht komm, datt ee Client, engem anere Client den Damp an den Teller geblosen hätt. Fir de François Koepp, Generalsekretär vum Beruffsverband, muss hei eng pragmatesch Léisung erbäi gefouert ginn. Et muss dem Restaurateur zougestane ginn ze wëssen, wat hien zouléisst a wat net.

Ähnlech Sujeten Daniel Reding, Fëmmen, HORESCA, Maria Carella, Petitioun, Terrass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel