Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen
International Neiegkeeten

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen

Laut de leschten offizielle Sondagen, ass de Virsprong deen d‘Tories

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours
International Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark – Verlängerung vum Concours

Eigentlech soll e schonn eriwwer sinn, also de Concours „Äre

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!
International Neiegkeeten

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!

De Rot vun der EU huet gëschter d’Mandater ugeholl, déi

Fënnef Deeg „Feierpaus“ fir Nordsyrien (mat Analys)

Tierkei an USA eenege sech op ee befristete Waffestëllstand, Kurde solle „Sécherheetszon“ verloossen

Fënnef Deeg „Feierpaus“ fir Nordsyrien (mat Analys)

De „Besuch“ vum US-Vizepresident Mike Pence beim tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, gëtt vu Washington als Erfolleg bewäert. D‘Tierken halen op mat schéissen, wann am Géigenzuch d‘Kurden sech aus enger 30 Kilometer breeder Sécherheetszon zréckzéien.

Weider heescht et datt de Mike Pence vun der Kurdemiliz YPG d‘Zouso erhalen hätt, datt si sech géifen aus dem vun der Tierkei beusprochte Gebitt zréckzéie géifen, an datt d‘USA och géifen uecht doen, datt dëse Réckzuch erfollegt. De Pence: „Domatter gëtt laangfristeg eng Pufferzon geschafen déi de Fridden an d‘Stabilitéit an der Regioun séchert“.

FënnefDësen „Accord“, mat deem dat autonoomt Kurdegebitt a Nordsyrien de facto annektéiert gëtt, huet den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu bestätegt. „Mir setzen d‘Operatioun aus, mee mir stoppen se net. Mir kënnen eis Missioun eréischt ofschléisse wann den Ofzuch vollstänneg erfollegt ass“, esou de Mevlüt Cavusoglu.

Dozou gehéiert, datt d‘YPG hir Waffen zréckloossen an d‘Stellungen zerstéieren. Woubäi, an dat ass e wichtege Punkt, den tierkeschen Ausseminister betount huet, datt „nëmmen zwou legitiméiert Parteien e Waffestëllstand vereenbare kënnen“, firwat et net méiglech ass direkt mat der Kurdemiliz ze verhandelen. Dat sinn an den Ae vun Ankara schliisslech Terroristen.

FënnefOp kurdescher Säit huet sech de Kommandant vun de Syreschen Demokratesche Kräften (SDF), déi vun de Kurden ugefouert ginn, zur Saach geäussert. Géintiwwer der kurdescher Tëleeë „Ronahi TV“ sot de Maslum Abdi, datt sech d‘SDF un de Waffestëllstand hale wäert a sech dofir asetzt, datt et och en Erfolleg gëtt. De „Réckzuch“ gouf net bestätegt.

Dofir huet sech den Donald Trump, deen an de leschten Deeg, verbal net grad manéierlech mat de fréieren Alliéierten ëmgesprongen ass, via Twitter gefreet. Hien huet vu „groussaartege Noriichten“ geschwat an dem „Fait“ datt dank der US-Diplomatie „Millioune vu Liewe gerett ginn“. Bei engem dauerhafte Waffestëllstand kéinten dann och d‘Sanktiounen nees opgehuewe ginn.

FënnefWat dat bedeit, wouhinner et féiert?

Datt Ankara sech op den „Deal“ mat den USA agelooss huet, kann ee schonn als „Iwwerraschung“ bezeechnen. Um Mëttwoch hat de Recep Tayyip Erdogan sech nach drop behaapt, datt déi tierkesch „Operatioun Peace Spring“ net géif ofgebrach ginn, bis déi gesaten Ziler erreecht wieren. Wat a wéi den US-Vizepresident Mike Pence dem Sultan versprach huet ass dobäi net gewosst.

An dësem Kontext ass et wichteg sech dem Statement vum tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu unzehuelen:

„Mir wäerten d‘Operatioun Peace Spring ënnerbriechen, fir den Ofzuch vun de PKK/YPG-Kämpfer aus der Sécherheetszon an 120 Stonnen ze erméiglechen. Mir maachen nëmmen eng Paus. Dat heiten ass kee Waffestëllstand. Mir ënnerbriechen d‘Operatioun nëmmen, fir den Terroristen, déi d‘Zil vun der Operatioun sinn, de Réckzuch aus der Sécherheetszon ze erméiglechen“.

FënnefDat ass wäit ewech vum Wuertlaut deen de Mike Pence sech erlaabt huet an awer ass et en Erfolleg fir den Donald Trump. Ob déi chaotesch „Politik“ allerdéngs ziilféierend ass? Zudeem stellt sech nach ëmmer d‘Fro, wéi ee Sënn et soll erginn. Als éischt huet den US-President den Tierken en Ugrëffskrich um Sëlwer-Tablett zerwéiert, du géint den Asaz protestéiert a Sanktioune verhaangen.

Et ënnersträicht allerdéngs, datt den Donald Trump keng Aussepolitik am eigentleche Sënn bedreift. Seng Decisioune fundéieren net op engem Konzept, si sinn emotional gesteiert a loossen sech vun innepoliteschen Ziler ofleeden. Hie wëll esou säi Wahlverspriechen aléisen, d‘Zaldoten aus endlose Kricher (un deenen d‘USA ëmmer matgewierkt hunn) zréckzezéien.

FënnefMat esou enger „Politik“ kann sech den US-President sécher sinn déi meescht Amerikaner op seng Säit ze zéien. Déi hunn och am allgemenge wéineg fir Aussepolitik an Diplomatie iwwreg. Esou gëtt net an den USA géint déi tierkesch Invasioun oder de Réckzuch vun den US-Truppen a Syrien demonstréiert. Leedeglech de Kongress an d‘Medien „schloen op d‘Tromm“.

Dobäi ass d‘aléise vum „Verspriechen“ eng „Mogelpackung“. D‘Bierger vun Amerika schéngen net matkritt ze hunn, datt fir déi ronn 2.000 US-Zaldoten déi aus Syrien ofgezu ginn, der 3.000 elo a Saudiarabien stationéiert ginn. Dat zesumme mat Patriot-Rakéitenofwiersystemer an engem Kampfgeschwader vun der Air-Force. Mee déi chaotesch Politik huet awer Folgen.

Esou hu vill Republikaner am Kongress d‘Entscheedung vum Milliardär net verquësst an et dierft wéineg Versteesdemech fir de „Kouhandel“ vum Mike Pence ginn. Zumindest bis d‘Eenzelheete vum Deal bekannt sinn. Wann déi „rebellesch Republikaner“ sécherlech näischt dergéint hunn datt Tierkei e Stéck vu Syrien annektéiert, esou gesinn si an der Kurdemiliz e verléissleche Partner.

FënnefAn den Donald Trump kann sech en Dissens an den eegene Reien, ugesiichts deem vun den Demokraten ugestrieften Amtsenthiewungsverfaren, elo wierklech net leeschten. Hien ass op d‘Ënnerstëtzung vun de Republikaner am Senat ugewisen, déi jo och déi nächst Woch iwwert d‘Prozedur zur Amtsenthiewung befanne mussen.

Déi diplomatesch „Missioun“ vum Vizepresident an dem Ausseminister, kann een duerchaus als Niwwelkäerz betruechten. Wéi gesot, esoulaang net bekannt ass wat an zu wéi enge Konditiounen dës „Ënnerbriechung“ vun der tierkescher Invasioun ausgehandelt ginn ass, muss een dovunner ausgoen, datt déi republikanesch Kritiker solle berouegt ginn. Op dat esou einfach ass?

Fënnef

Wahrscheinlech net, woubäi dem US-President säi schäerfste Kritiker an de Reie vun de Republikaner, de Senateur Lindsay Graham, dësen Accord gëschter begréisst huet. Et géif hien an de Kongress awer net dovunner ofhalen, weider Sanktioune géint d‘Tierkei auszeschaffen. Fir d‘US-Bevëlkerung awer, huet de Milliardär de Problem (deen hie selwer geschafen huet) geléist.

Domatter ergëtt sech folgende Fazit: d‘Kurde waren en nëtzleche Partner am Kampf géint den IS, an de Milliardär kann am Wahlkampf téinen „e Versprieche gehalen ze hunn“. D‘Souveränitéit vum syresche Staatsgebitt ass a Fro gestallt, well d‘USA der Tierkei d‘Annexioun vun Nordsyrien ënnert dem Virwand vun enger „Sécherheetszon“ erméiglechen. An d‘Kurde bezuelen d‘Rechnung…

mat indymedia/tlv

Foto: Déi amerikanesch Delegatioun ugefouert vum US-Vizepresident Mike Pence, hei mam US-Ausseminister Mike Pompeo, dem nationale Sécherheetsberoder Robert O‘Brien an dem US-Ambassadeur an der Tierkei James Jeffrey, huet eng „Invasiounspaus“ vun 120 Stonnen erreecht. © US-Embassy in Turkey

Ähnlech Sujeten Feierpaus, Kurdemiliz YPG, Mike Pence, Recep Tayyip Erdogan, SDF, Syrien, Tierkei, Ugrëffskrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel