Search

You may also like

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)

Bekannt als ehemoolege Batteur vun Nirvana huet de Sänger a

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert
Neiegkeeten

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert

Op de Biller an der Tëlee ass e Groussasaz vun

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten
Neiegkeeten

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten

Op mat oder ouni elektreschem Hëllefsmotor, Vëlo fueren ass gesond

Covid-19: Fënnef Schutzmaske pro Kapp

Um 15. Abrëll 2020 huet d’Lëtzebuerger Regierung nei Moossnamen am Kader vun der Covid-19-Pandemie ugekënnegt. Esou ass jiddwereen, deen am ëffentleche Raum ënnerwee ass ab e Méindeg, den 20. Abrëll 2020 dozou verflicht, ee Mondschutz unzehunn, sief et a Form vun enger medezinescher Schutzmask, engem Schal oder och enger selwer gebitzener Mask.

Den Inneministère an de SYVICOL hu sech dann esou organiséiert, datt de CGDIS Masken un d’Gemengesecteure liwwere wäert an déi 102 Gemengen sech ëm d’Distributioun un hir Bierger bekëmmeren. Zur Zäit an Aart a Weis vum Maske-Verdeelen wäerten déi jeeweileg Gemengen d’Populatioun informéieren.

Schutzmasken

© Evgeni Tcherkasski / Unsplash

An der Majoritéit vun de Fäll gi 5 Maske pro Persoun vun der Gemeng zur Verfügung gestalt a per Post verschéckt, sou datt et net zu onnéidegen Deplacementer kënnt. Hei fannt Dir schonn eng Rei Informatiounen zur Distributioun:

Stad Lëtzebuerg

All Bierger aus der Stad Lëtzebuerg kritt 5 Masken, wéi och déi noutwenneg Consignen zum Droe vun der Mask zur Verfügung gestalt. Et gëtt drun erënnert, datt et net just ee Schutz fir sech selwer, mee och fir Anerer duerstellt, an datt weiderhin d’Deplacementer limitéiert solle bleiwen. D’Maske ginn nominativ per Post verschéckt.

Stad Esch

Och an der Stad Esch kritt all Persoun 5 Masken zur Verfügung gestallt. Dës ginn per Post un all Stot geschéckt, zesumme mat den noutwennege Consignen. Et biet een ëm Verständnis, datt d’Masken eréischt no an no ukomme wäerten. D’Gemeng zielt iwwer 36.000 Awunner, wouduerch d’Bierger gebiede ginn hire Mond an d’Nues mat anere Mëttelen ze verdecken, bis datt d’Schutzmasken ukommen.

An dësem Kader gëtt och driwwer informéiert, datt et weder an den Apdikten, nach am Gemengenhaus selwer zum Verdeele vu medezinesche Maske komme wäert an ee sech dësen Deplacement spuere kann. Weider Informatioune ginn et HEI.

Gemeng Käerjeng

Och hei kritt all Member vun engem Stot 5 Schutzmasken zougeschéckt. Eng aner Méiglechkeet eng medezinesch Mask ze kréien, besteet net. Weider Informatioune ginn et HEI.

Informatioune vun der Regierung fir Entreprisen

Entreprise kréie gratis Kits mat 5 Maske pro Salarié zur Verfügung gestalt. D’Arméi an d’Chambre des Métiers wäerten hei zesumme schaffen, fir d’Distributioun un d’Entreprisen ze garantéieren. Um 17., 18., 19. an 20. Abrëll ass vun 9 bis 18 Auer een Drive-In-System um Parking E um Fluchhafen op, fir d’Masken ze verdeelen.

Et ass obligatoresch een Dokument bei sech ze hunn, deen d’Verbindung mam Beruff opweist (Kopie vun der Carte d’Artisan oder och vun der Autorisation d’Établissement). Aus organisatoresche Grënn soll een no folgendem System d’Maske siche goen:

  • Entreprisen mat Nimm mam Buschtaf A bis J: Freides, den 17. Abrëll 2020
  • Entreprisen mat Nimm mam Buschtaf K bis P: Samschdes, den 18. Abrëll 2020
  • Entreprisen mat Nimm mam Buschtaf Q bis Z: Sonndes, den 19. Abrëll 2020
  • Entreprisen, déi un dësen Deeg net laanscht komme konnten: Méindes, den 20. Abrëll 2020

D’Handelskummer zu senge Moossnamen

Déi physesch Distributioun vun de Masken un Entreprisen gëtt iwwert de Reseau vun der Post gemaach. Entreprise mat méi, wéi 50 Salariéen kréien hir Maske per Post geschéckt. Huet een manner, wéi 50 Salariéen, esou kritt ee Post vum CCSS, deen no der Unzuel u Maske froe wäert. Mam originalen Dokument vum CCSS muss een uschléissend op de jeeweilege Büro goen, deen am Dokument uginn ass. Méi dozou ënnert cc.lu.

Opmaacherbild: © Evgeni Tcherkasski / Unsplash

Related topics CGDIS, Coronavirus, Distributioun, Exit-Covid19, Handelskummer, Inneministère, Käerjeng, medezinesch Mask, Pandemie, Regierung, Schutzmask, Stad Esch, Stad Lëtzebuerg, Syvicol
Next post Previous post