Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier
International Kultur internet dating vocabulary

wild dating site

Gëschter Moien um 10:30 Auer ass beim CGDIS ee Feier

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin
International Kultur internet dating vocabulary

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin

Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass,

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert
International Kultur internet dating vocabulary

What the Fakt – Den Udo Lindenberg spillt zur DDR-Zäit säi legendäre Rock-Concert

Et ass dem däitsche Museker säin éischten DDR-Optrëtt am Kader

Ferdinand Magellan: De Weltëmseegeler, deen ni ukomm ass

Ferdinand Magellan: De Weltëmseegeler, deen ni ukomm ass

Och wann de Ferdinand Magellan déi laang Rees iwwert déi nei Mierenkt, d’Philippinnen an d’Gewürzinselen selwer net iwwerlieft huet, gëllt hien als éischte Mann, deen d’Äerd ëmseegelt huet. Duerch säin Déngscht fir déi spuenesch Kroun gëtt hien am sonnege Land och haut nach, ganzer 500 Joer méi spéit, als Held gefeiert.

Um 20. September 1519 hu 5 Schëffer a ronn 240 Mann, ënnert der Leedung vum Generalpaitän Ferdinand Magellan, sech vu Sanlúcar de Barrameda (Cádiz, Andlausien) op de Wee op déi rau Séi gemaach. Mee eigentlech ass de Fernão de Magalhães, wéi hien a senger Mammesprooch genannt gëtt, dach vu portugisescher Nationalitéit?

Magellan

De Ferdinand Magellan ëmrënd d’Welt

Richteg! Nodeems de Séifuerer dem Kinnek Manuel I. vu senger Iddi erzielt huet, war dëse guer net begeeschtert. Schliisslech war um Vertrag vun Tordesillas vermierkt, datt de Globus an zwee gedeelt ass, wouduerch de portugiseschen Haff just iwwert den Oste vum Äerdball seegelen dierft. Kuerzerhand huet de Magellan sech dunn der spuenescher Kroun ugeschloss an hinnen seng Loyalitéit versprach. D’Schëffer duerften duerch de Vertrag de ganze Wee a Richtung Westen notzen.

Schonn am Oktober 1520 konnt d’Ekipp, déi bis dato iwwer onkartéierten Terrain gefuer ass, de Passage tëscht Atlantik a Pazifik erreecht. Haut nenne mir dës Mierenkt vu ronn 570 Kilometer Längt och Magellanstrooss. Esou erfollegräich sollt et allerdéngs net virugoen: No gutt 40 Deeg ass d’Majoritéit vun de Séifuerer u Skorbut erkrankt, d’Mannschaft huet sech schnell deziméiert.

Am Mäerz 1521 huet de Magellan schliisslech d’Philippinnen erreecht. D’Awunner ware vu sengem Plang, d’Inselen a Beschlag ze huelen immens ofgeneigt, wollten net der spuenescher Kroun zougehéieren an hunn de Kapitän schliisslech ëmbruecht. Et gëtt spekuléiert, datt hien um 27. Abrëll zu Mactan no enger gescheiterter Attack, zesumme mat anere vu senge Komerode gestuerwen ass.

Magellan

1521: De Magellan stierft beim Versuch déi philippinnesch Insele Mactan a Beschlag ze huelen

No dësem Réckschlag ass de Steiermann João Lopes Carvalho den neie Generalkapitän ginn. D’Rees ronderëm den Äerdball ass iwwert d’Gewürzinselen, och Molukken genannt, de Kap vun de Gudden Hoffnungen an d’Kapverdesch Insele virugaangen. Zum Schluss ass just nach ee Schëff – d’Victoria – an 18 Mann um Zil ukomm.

De Beweis, datt d’Äerd eng Kugel ass, war schlussendlech ginn an d’Mënsche konnten sech ee Bild vun de wierklechen Dimensioune vum Planéit maachen. Dës Errongenschaft gëtt oft op engem Niveau mat der éischter Moundlandung ugesinn. Zum 500ten Jubiläum feiert Andalusien de Weltëmseegeler Ferdinand Magellan, wéi wann hien tatsächlech ukomm wier.

Magellan

© Lencer CC BY-SA 3.0

Opmaacherbild: D’Victoria an d’Ekipp vum Magellan, Detail aus enger Weltkaart vun Abraham Ortelius © Ortelius

Ähnlech Sujeten Äerdball, Andalusien, Ferdinand Magellan, Fernão de Magalhães, Gewürzinselen, Kinnek Manuel I., Loyalitéit, Molukken, Philippinnen, Portugal, Sanlúcar de Barrameda, Schëff, Spuenien, Victoria, Weltëmseegelung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel