Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg
Cool International LOL Neiegkeeten

Réckbléck: Mäertesdag um Härebierg

Den 8. November hunn d‘Zaldoten an Zaldotinnen um Härebierg zu

geek
F is for Family – Eng Serie vun den Extremen
Cool International LOL Neiegkeeten

F is for Family – Eng Serie vun den Extremen

F is for Family ass net ëmmer ganz einfach fir

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn
Cool International LOL Neiegkeeten

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn

D‘Aktionäre vun der Luxtram SA sinn de Staat an d‘Gemeng

coollaughing

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“

D’EU-Parlament wëll e Verbuet fir d’Fësche mat „elektreschem Impuls“

Um Dënschdeg huet d’EU-Parlament sech géint d’Fësche mat elektreschem Impuls an der EU ausgedréckt. Eng éischt Victoire fir d’Géigner vun dëser Praxis, déi als zerstéieresch fir de Mieresbuedem betruecht muss ginn, mee zu „experimentellen“ Zwecker an der Nordséi erlaabt ginn ass.

„Et ass eng schéi Victoire géint eng extrem schiedlech Fëscherei“, esou de Yannick Jadot (déi franséisch gréng), dee mat un der Spëtzt vun den Europadeputéierte steet, déi sech géint dës Praxis erhuewen hunn. Mee de Vott vum Dënschdeg ass nëmmen eng Etapp vum laange Wee, deen en entspriechend Gesetz an der EU muss goen.

D’EU-Parlament muss elo mam EU-Rot an der Kommissioun verhandelen, fir zum engem endgültege Kompromëss ze kommen. Frankräich huet – duerch d’Stëmm vu sengem Minister fir energetesch Transitioun, Nicolas Hulot – direkt seng Ënnerstëtzung zum engem komplette Verbuet zougesot.

D’EU-Kommissioun huet awer bis op d’Lescht seng Propositioun verdeedegt, d’Aschränkungen déi de Flotte vun de Memberlänner operluecht sinn, opzehiewen an huet zu experimentellen Zwecker eng Derogatioun ausgestallt. Déi begrenzt op 5% vun der Flott, an all Land dat betraff ass, Fëscherbooter mat der ëmstriddener Technik auszestafféieren.

Déi europäesch Exekutive wëll am Géigenzuch déi geographesch Zon, an där déi Method zougelooss ass, op de südlechen Deel vun der Nordséi begrenzen. Mat den Amendementer déi um Dënschdeg zu Stroossbuerg, mat enger grousser Majoritéit (402 derfir; 232 dergéint; 40 Enthalungen) ugeholl gi sinn, ass et net méi méiglech eng Derogatioun auszestellen.

Déi kleng Fëscher, déi sech der traditioneller Method verschriwwen hunn, waren och op d’Barrikade géint d’Fësche mat Stroum gaangen. Dat besonnesch am Norde vu Frankräich an a Groussbritannien. Si haten déi deloyal Konkurrenz duerch déi hollännesch Fëscherbooter denoncéiert.

D’Äntwert vun den hollännesche Fëscher koum prompt: „Mir sinn enttäuscht, well onofhängeg wëssenschaftlech Donnéeë sinn net berécksiichtegt ginn an et ass d’Emotioun déi gewonnen huet. Et ass kloer datt den Avis, dee vun der Koalitioun – bestoend aus Firspriecher vum Brexit, extremistesch Nationalisten, Antimondialisten a gréngen Extremisten – als méi kredibel betruecht gëtt, wéi onofhängeg wëssenschaftlech Donnéeën“, esou de Pim Visser, Direkter vun der hollännescher Fëscherorganisatioun, géintiwwer der AFP

Verdeedegung vun der artisanaler Fëscherei

„Mir geheien ëmmer méi grouss Sandkären an d’Riederwierk vun dësem Europa datt d’Weltmierer eidel fëscht, d’Ekosystemer zerstéiert an déi kleng traditionell Fëscher zum Profit vun e puer industrielle Flotten affert“, huet de franséischen Europadeputéierte Younous Omarjee (Grupp GUE/NGL, radikal lénks) an Ustëfter vun den Amendementer, betount.

Nach déi lescht Woch hate verschidden Ëmweltverbänn a Fëscher d’EU-Kommissioun beschëllegt, den hollännesche Lobbyiste vun der industrieller Fëscherei noginn ze hunn. Si hätten absichtlech den negativen Avis (2006) vum eegene wëssenschaftleche Comité ignoréiert. Dat huet Bréissel allerdéngs direkt dementéiert.

„Mir si frou an erliichtert, datt sech d’EU-Parlament géint eng zerstéieresch Praxis ausgeschwat huet, déi nëmme wéinst enger onmoralescher Kollusioun tëscht Lobbyen an Institutioune méiglech war“, begréisst d’Claire Nouvian vun der ONG Bloom d’Entscheedung vum EU-Parlament.

An déi sozialistesch Europadeputéiert Isabelle Thomas argumentéiert: „Mir stinn Innovatioune favorabel géinteniwwer, mee nach muss wëssenschaftlech gepréift ginn, datt déi nohalteg Gestioun vun der Ressource respektéiert gëtt“.

Hire Kolleg vun der PPE (konservativ) den Alain Cadec, President vun der Fëschereikommissioun vum Parlament, huet erënnert, datt dës Praxis „esou zimlech an der ganzer Welt verbueden ass“ a „geféierlech fir de maritimen Ekosystem ass“,

De Spuenier Gabriel Mato (och PPE) als Rapporteur vum Dossier huet awer bedauert, datt de Sujet selwer, net am Verlaf vun den Diskussioune bannent dem Parlament, ugeschwat ginn ass. Ëmmerhin hätt een „21 Méint Aarbecht an net manner wéi 77 Reunioune“ gehat fir sech engem ganz techneschen Text unzehuelen, dee sech de Verännerunge vun de Konditioune fir d’Fëscherei ugeholl huet.

D’EU-Kommissioun huet Notiz vum Vott geholl. „Wann se richteg ugewannt a kontrolléiert gëtt (…) kann den Asaz vum elektreschen Impuls eng alternativ Method bidden, fir eng Fëscherei, déi manner schiedlech fir d’Ëmwelt ass, sech positiv op de Bäifang auswierkt, manner Schued um Mieresbuedem uriicht an zudeem d’CO2-Emissiounen erofdréckt“, esou d’Argument vum Kommissär fir Fëscheri, Karmenu Vella, während dem Debat.

Aktuell sinn et 84 hollännesch Fëscherbooter déi d’Fësche mat elektreschem Impuls bedreiwen. D’Belsch huet hirersäits eng Derogatioun fir dräi Booter ugefrot. Alles an allem, gëtt dës Method vu manner wéi 0,1% vun der europäescher Flott ugewannt.

mam Marine Laouchez/AFP

Foto: Déi däitsch Co-Presidentin vum parlamentaresche Grupp déi gréng, Ska Keller, huet sech fir de Verbuet staark gemaach. © Frederick Florin/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Parlament, Fëscherei, Nicolas Hulot, Ska Keller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel