Erfollegräiche Protest virum Direktiounsgebai vun der Spuerkeess
Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP
Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP
Déi jemenitesch Regierung huet e Freideg domatter gedreet, sollten d‘Houthi-Rebellen
D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) gëtt sech och 2018 d‘Moyene fir senge Missioune
De Gemengerot vu Steesel invitéiert ganz häerzlech op den Dag vum 3. Alter:
Dëst Joer fënnt d‘Fest vum 3. Alter am Kader vun der Integratiounswoch, tëscht Lëtzebuerger a net-Lëtzebuerger statt. De Steeseler Schäfferot erwaart sech eng gutt Ambiance ënnert alle Nationalitéiten.
Op dësem schéinen Dag suerge fir de musikalesche Kaderprogramm: d‘Sandy Botsch an den Änder Hirtt.
Aus organisatoresche Grënn ass ee gebueden sech unzemellen. Dat sollt ee wann ech gelift bis spéitstens den 9. November bei der Madame Isabelle Pleimling maachen. Um Telefon ënner: 33 21 39 37, oder elektronesch mat enger e-Mail un: isabelle.pleimling@steinsel.lu
Fir den Dag selwer ass e Bus virgesinn. Dee fiert um Arrêt „Mëlleref“ um 11 Auer fort. Vun do geet et iwwert d‘Arrêten: Altersheim – Schoul Heeschdref – Kierfecht-Strooss – Klouschter – Lëtzebuerger-Strooss (déi 2 Arrêten) – an Niddeschgaass (rue Basse) – Michel Rodange Plaz – bis zum Terminus „Fräizäitzenter Norbert Melcher“. De Bus fiert géint 16 Auer de ganze Wee an ëmgedréiter Richtung zréck.
Matgedeelt vun der Gemeng Steesel