Fest vum drëtten Alter zu Steesel
De Gemengerot vu Steesel invitéiert ganz häerzlech op den Dag vum 3. Alter:
En Donneschdeg de 15. November ab 11.30 Auer
am Fräizäitzenter „Norbert Melcher“ zu Steesel
De Programm:
- ab 11 Auer sinn d‘Diere vum Fräizäitzenter fir d‘Gäscht op;
- den Apero gëtt ab 11.30 Auer zerwéiert;
- während dem Apero hält de Buergermeeschter Jean-Pierre „Jempi“ Klein eng Ried;
- uschléissend gëtt et e gudde Maufel z‘Iessen.
Dëst Joer fënnt d‘Fest vum 3. Alter am Kader vun der Integratiounswoch, tëscht Lëtzebuerger a net-Lëtzebuerger statt. De Steeseler Schäfferot erwaart sech eng gutt Ambiance ënnert alle Nationalitéiten.
Op dësem schéinen Dag suerge fir de musikalesche Kaderprogramm: d‘Sandy Botsch an den Änder Hirtt.
Aus organisatoresche Grënn ass ee gebueden sech unzemellen. Dat sollt ee wann ech gelift bis spéitstens den 9. November bei der Madame Isabelle Pleimling maachen. Um Telefon ënner: 33 21 39 37, oder elektronesch mat enger e-Mail un: isabelle.pleimling@steinsel.lu
Fir den Dag selwer ass e Bus virgesinn. Dee fiert um Arrêt „Mëlleref“ um 11 Auer fort. Vun do geet et iwwert d‘Arrêten: Altersheim – Schoul Heeschdref – Kierfecht-Strooss – Klouschter – Lëtzebuerger-Strooss (déi 2 Arrêten) – an Niddeschgaass (rue Basse) – Michel Rodange Plaz – bis zum Terminus „Fräizäitzenter Norbert Melcher“. De Bus fiert géint 16 Auer de ganze Wee an ëmgedréiter Richtung zréck.
Matgedeelt vun der Gemeng Steesel